Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend
International Neiegkeeten

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend

D’Europäer hunn hire Sträit am Dossier „Migratioun“ net bäigeluecht kritt.

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!
International Neiegkeeten

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!

Um vergaangene Weekend huet d’LGX Luxembourg Gaming Xperience op seng

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)
International Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Trotz Covid19 halen d‘Britten un der Brexit-Roadmap fest

Bis zum 31. Dezember wëll sech Groussbritannien vun der EU getrennt hunn, a London wëll sech – Pandemie hin oder hir – trotz berechtegte Fuerderungen no enger Verlängerung, net ophale loossen.

Trotz Covid19 halen d‘Britten un der Brexit-Roadmap fest

Déi sanitär Kris huet op der Insel esou zimlech all anere politesche Sujet an den Abseits geschéckt, och déi sécher dréngend noutwenneg Verhandlungen zum Post-Brexit. Mee de viralen Armageddon an de briteschen Altersheemer, déi feelend Schutzausrëschtung fir d‘Gesondheetspersonal an ee britesche Premier an der Rekonvaleszenz, beherrschen derzäit d‘Schlagzeile vu alle Medien.

Dozou kënnt, datt d‘Verhandlunge sechs Woche laang suspendéiert goufen. Béid Leader an de Verhandlungen, de Michel Barnier (EU) hat sech infizéiert an den David Frost (GB) huet sech wéinst Symptomer a Quarantaine misse setzen. Gëschter goufen d‘Verhandlungen tëscht den Delegatioun mëttels Videokonferenz nees opgeholl. Ob dat duer geet fir den Zäitplang anzehalen?

Sécher léisst sech dat net viraussoen, mee de Spriecher vun der EU-Kommissioun, Eric Mamer, huet op Nofro erkläert, datt d‘EU-Kommissioun ee kloert Mandat huet. E Mandat dat d‘Verhandlunge strukturéiert an dat ganz onofhängeg dovunner ob et eng sanitär Kris gëtt oder net. Et wier awer net ze verheemlechen, datt mat der Pandemie den Zäitdrock méi grouss ginn ass.

Den David McAllister, Virsëtzende vum Ausschuss fir auswäerteg Ugeleeënheeten am EU-Parlament huet dann och nach gemengt, datt de Plang, bis November dem britesche wéi dem EU-Parlament en Handelsofkommes zur Ofstëmmung virzeleeën, scho virun der Kris éischter „ambitionéiert“ war. Elo misst ee kucke wéi effektiv an effizient d‘Verhandlunge gefouert ginn.

Kann den Termin verluecht ginn?

Am Juni soll et dann zu enger sougenannter „High-Level“ Konferenz kommen, bei där d‘Resultater vun den de Verhandlungsronne solle bewäert ginn. Am Juni ass dann och nach en EU-Sommet virgesinn, bei där et eventuell zu enger Modifikatioun vum Verhandlungsmandat komme kéint. D‘EU huet sech bis ewell ëmmer flexibel gewisen, eng „Verlängerung“ dofir net auszeschléissen.

De britesche Schatzkanzler (Chancellor of the Exchequer) Sajid Javid, huet awer schon déi lescht Woch – quasi niewebäi an ouni Widdersproch – verkënnt, datt een un der Brexit-Roadmap wäert festhalen an och ugesiichts der sanitärer Kris net zu enger Verlängerung vun der Iwwergangsphas wäert kommen. Hi sot datt sech Enn Dezember mat oder ouni Accord vun der EU getrennt gëtt.

Si mussen et wëssen

Dobäi wier esou eng Demande ganz am Sënn vun enger Majoritéit vun de Britten, zumindest geet dat esou aus de rezente Sondagen ervir. Och de Buergermeeschter vu London, Sadiq Kahn, ass der Usiicht, datt eng global Kris, gefollegt vun engem dramatesche Wirtschaftsabroch, net dee beschten Zäitpunkt ass, fir d‘Bezéiunge mam wichtegsten Handelspartner onwidderrufflech ze belaaschten.

Fir de Sadiq Kahn gëtt et an der aktueller Sitautioun nëmmen d‘Optioun sech den opdrängende Problemer, Schratt fir Schratt, pragmatesch an ideologiefräi unzehuelen. Dausende Mënsche géifen zur Stonn ëm hiert Liewe kämpfen a et wier elo ubruecht, datt d‘Regierung hir ganz Kraaft fir d‘Bewältegung vun dësem Problem géif asetzen. Ouni Accord sollt een d‘EU elo net verloossen.

Zu Bréissel huet de Michel Barnier dann nach emol kloer gestallt, datt et net zu enger Opweechung vun den EU-Standarde bei Aarbecht, Verbraucher an Ëmweltschutz wäert kommen. De Schutz vum europäesche Bannemaart wier besonnesch hisichtlech der bevirstoender Wirtschaftskris, elo déi 1. Prioritéit vun der EU-Kommissioun. Anescht ausgedréckt: d‘EU huet aner Suerge wéi de Brexit.

mat indymedia/lon/bru

Illustratioun: © Rocco Dipoppa / unsplash

Ähnlech Sujeten Brexit, Covid19, David Frost, EU-Bannemaart, Michel Barnier, Sajid Javid, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel