Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen
Money Neiegkeeten

TAXI: héich Präisser, manner Lizenzen

Am September 2016 war dat neit Gesetz iwwer d‘Déngschtleeschtunge vun

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends
Money Neiegkeeten

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends

Vum 14. bis de 17 Mäerz 2019 gëtt an der

Summerlech Temperaturen: Passt op Är Déieren op!
Money Neiegkeeten

Summerlech Temperaturen: Passt op Är Déieren op!

D’Veterinärsverwaltung rifft d’Déierebesëtzer dozou op, bei héije summerlechen Temperature besonnesch

money

De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna

Et ass een esou interessante wéi iwwerraschenden Haushaltsplang dee gëschter deponéiert gouf

De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna

De Gesetzprojet fir de Budget 2021 huet de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) gëschter an der Chamber deponéiert. Eng „Aktioun“ déi am Kontext vun der Ried zur Lag vun der Natioun, eppes kuerz geroden ass, dobäi geet et hei ëm masseg Goss… äre Goss!

Als éischt muss emol drop higewise ginn, datt d‘Regierung an dëse Budget Investitiounen an Héicht vu 4,3% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) agebaut huet. Dat entsprécht ronn 2,7 Milliarden Euro an ass en historeschen Héchstwäert. Zur Erënnerung, virum Ausbroch vun der Covid19-Pandemie huet d‘Regierung 3,7% – wat och schonn net näischt war – vum BIP fir Investitioune bereetgestallt.

Mir hunn et hei dann awer och mat engem den Zäiten, déi schonn eppes aussergewéinlech sinn, ugepasste Budgeten ze dinn. Et ass där een, déi zukünfteg Generatiounen hypothekéiert, wëll den am Budget notéierten Defizit bedréit 1,7 Milliarden (2,7% vum BIP). Deem geet allerdéngs och en Defizit vu 4,4 Milliarden Euro (7,4% vum BIP) fir eleng 2020 viraus. Näischt Erfreeleches also.

Woubäi de Finanzminister „labber“ bleift an op seng jovial Aart a Weis emol direkt drop higewisen huet, datt och wann dat richteg vill Geld ass, ee sech ëmmer sollt virun Aen halen, datt eist Land sech géintiwwer deenen aneren an der Europäescher Unioun, am beschten aus der Affär gezunn huet. Dat kann een ugesiichts de gesonden ëffentleche Finanzen esou och am Raum stoe loossen.

Net „hir“ Scholden, mee „eis“ Scholden

Wann et richteg, ass, datt sech Lëtzebuerg nees als de finanzielle Musterschüler vun der Unioun ervirdeet, esou ass dat – ëmmer da wann et ëm Goss geet – eigentlech scho virum Coronavirus esou de Fall gewiescht. Zudeem maache mir eist Geld op Käschte vun aneren, wat awer och eigentlech alle Finanzplazen op der Welt gemeng ass. Et ass dat net dem Finanzminister säi Verdéngscht.

Virum Etat de Kris huet d‘Verschëldung vum Land bei 22% vum BIP geleeën. 2020 wäert eis Schold op 27,4% vum BIP klammen an dem Pierre Gramegna senge Prognosen no, sinn et dann 2021 awer schonn 29,4% vum BIP. Gäre géif déi liberal gefouert Regierung d‘Schold ënnert 30% halen, mee dann dierf et keng Wirtschaftskris ginn an d‘Kafkraaft muss de Leit erhale bleiwen.

Duerno gesäit et erwisenermoossen net aus. Et wäert zu erhieflechen Aarbechtsplazverloschter kommen, d‘Klimakris déi vu villen ausgeblend gëtt wäert sech och op d‘Finanzlag auswierken, an d‘Logementskris, wann net zolidd eng ënnerholl, dreift d‘Land an ee ganz reale Sozialkonflikt. Ouni Kafkraaft awer keng Steiereinnamen, ouni sozial Gerechtegkeet kee soziale Fridden.

De soziale Fridde sécheren

Wat dat soziaalt betrëfft, esou ass Lëtzebuerg – dank sengen nach gesonden ëffentleche Finanzen – nach eenegermoosse gutt opgestallt. Gutt d‘Hallschent vum Budget soll laut dem Finanzminister fir Sozialleeschtungen agesat ginn. Et wier wichteg datt keen am Ree stoe gelooss gëtt. Fir net am Reen ze stoen, kéint een Daach iwwert dem Kapp schonn eng vun de gudde Léisunge sinn.

Dorunner awer dierft, wann ee sech op d‘Aussoe vun der Oppositioun, de Gewerkschaften an de villen Associatioune bezitt, dës Regierung kläglech scheiteren. De Logementspakt 2.0 gëtt, grad wéi d‘Reform vum Gesetz zum Bail à Loyer, maximal kritiséiert an et brauch hei schonn eppes politesche Courage, datt alles géint de Wëlle vun der Zivilgesellschaft forcéieren ze wëllen.

Ob et mat engem Budget vun 263 Milliounen Euro (+11%) fir de Logementsministère gedoen ass an d‘Verspriechen d‘Offer vu bezuelbarem Wunnraum nohalteg ze verbesseren (wa gewosst ass datt grad emol ee Sechstel vun deem wat all Joer misst gebaut ginn, tatsächlech entsteet) anzehalen ass? Wuel éischter net, dofir gëtt sech jo dann och op aner Acteure verlooss. Mee et héiert sech gutt un…

De Widdersproch dierf net feelen

Wa schonn näischt am Logement gutt ze maachen ass, esou soll et da wéinstens mam Klima besser ginn. Fir d‘Fërderung vum Klimaschutz an der doucer Mobilitéit huet de Pierre Gramegna ganzer 547 Milliounen Euro an de Budget ageschriwwen. Et geet jo elo och drëms d‘CO²-Emissioune bis 2030 ëm 55% ze reduzéieren, an eng Energieeffizienz vu 45% ze erreechen. Den Undeel vun den erneierbaren Energie soll op 25% gehéicht ginn.

Villes dovunner fléisst an den ëffentlechen Transport, an natierlech gëtt et och weiderhi Primme fir den elektroneschen Individualverkéier, also net nëmme fir Vëloen. Et sinn allerdéngs och hei net déi Menage mam klengem Akommes, déi virrangeg dovunner profitéieren. Déi Lounofhängeg sollen elo och eng Erfollegsbedeelegung erhale kënnen, mee dat ass net fir den Niddreglounempfänger geduecht an eigentlech nees eng Steierongerechtegkeet.

Et soll méi Goss fir d‘Digitaliséierung opgewannt ginn, grad esou wéi et méi Geld fir Fuerschung an Innovatioun gëtt. Fir Weltraumfuerschung, ee Beräich an deem Lëtzebuerg zesumme mat den USA d‘Leedung iwwerhuele wëllen. Et kann awer op enger positiver Note geschloss ginn. Esou wëll d‘Regierung och Geld an de Gesondheetssecteur stiechen. Béis Zonge behaapten, datt dat soll eng geplangte Privatiséierung méi attraktiv maachen.

Foto: © Chambre des Députés/Flickr

Ähnlech Sujeten Budget 2021, Covid19-Budget, Finanzminister, Haushaltsplang, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel