Search

You may also like

Venezuela: En ass nees do!
Neiegkeeten

Venezuela: En ass nees do!

Egal aus wéi engem Bléckwénkel een et betruecht, dem Juan

money
Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert
Neiegkeeten

Den elektroneschen Handel fir lëtzebuergesch Geschäfter gefërdert

Op Initiativ vum Wirtschaftsministère ass de GIE „Luxembourg for Shopping“

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

[onionbuzz quiz-id=212][/onionbuzz] Haut gi mer mam Quiz an eng vun

Eesäiteg ergraffe Mesuren zu laaschte vun de Camionschaufferen

Eesäiteg ergraffe Mesuren zu laaschte vun de Camionschaufferen

De 16. Abrëll huet den Transportministère eng ministeriell Regelung verëffentlecht, déi leschte Méindeg (20. Abrëll) a Kraaft getrueden ass. Heiranner sinn och Ausnahme betreffend d‘Lenk- a Rouzäite vun de Camionschauffere während der Dauer vun der sanitärer Kris virgesinn.

Laut dësem Regelwierk, ass eng Erhéijung vun der Lenkzäit op 11 Stonnen (maximal 3 mol an der Woch), bei maximal 96 Stonne bannent 14 Deeg, esou wéi och eng onënnerbrache Schaffzäit vu 7 Deeg festgeluecht ginn. Et ass elo och erlaabt déi üblech wëchentlech Roupausen am Camion ze verbréngen, wann et an dësem eng Schlofplaz gëtt.

Dat kënnt bei der ACAL, dem Departement beim OGBL dee sech ëm d‘Rechter vun de Leit aus dem Secteur vum Stroossentransport këmmert, net gutt un. Si sinn der Usiicht, datt eng zousätzlech – wann och temporär – Verlängerung vun de Lenkzäiten, de Chaufferen häerzlech wéineg bréngt, besonnesch dann, wann si am Ausgläich dofir, net emol aner Zougeständnesser gemaach kréien.

An dësem Reglement gëtt zudeem preziséiert, datt dës Mesure explizit nëmmen an Ausnamefäll sol ugewannt ginn an net an d‘Planifikatioun vun der Entreprise berécksiichtegt soll ginn. Esou ass et alt nees de Chauffer deem d‘Uwennung vun der Ausnameregelung iwwerdroe gëtt. Den OGBL beklot dann och, dat Verstéiss géint d‘Reegelen dem Drock säitens dem Employeur geschëlt sinn.

Dorausser géif sech ofleede loossen, datt och a Krisenzäiten den Employeur muss zur Rechenschaft gezu ginn, wat jo besonnesch am Transportsecteur éischter net de Fall ass. Vun der ACAL gëtt dann och bedauert, datt de François Bausch (déi gréng) esou eng Regelung eesäiteg an ouni Récksprooch mat de Gewerkschafte geholl ginn ass. Hei ginn d‘Chaufferen iwwert de Leescht gezunn.

Vun der ACAL/OGBL gëtt dann och nach emol drop higewisen, datt et grad d‘Camionschauffere sinn, déi zolidd mat de Mesuren déi am Kontext vun der Pandemie getraff goufen ze kämpfen hunn. Tanken ass eigentlech dat eenzegt wat geet, op de Cabinet goen oder eng Dusch huelen, vun enger waarmer Moolzecht net schwätzen, dat alles gëtt hinne verwiert.

Hei sollt ee bedenken, datt wann et an dëser Kris an de Geschäfter nach Liewensmëttel an soss eigentlech vun allem gëtt, dat net selbstverständlech ass, an ausser de wierklech immens motivéierte Mataarbechter vun dëse Geschäfter, och d‘Camionschauffere stinn. Si leeschten de Gesellschaft also e Bierendéngscht an hunn et net néideg sech als Merci mat Féiss trëppelen ze loossen.

Illustratioun: © Han Chenxu / unsplash

Related topics Camionschaufferen, Coronavirus, Lenkzäiten, OGBL-ACAL, Sanitär Kris
Next post Previous post