Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik
Neiegkeeten

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik

Aus Sécherheetsgrënn huet déi italienesch Regierung beschloss, déi am stäerkste

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?
Neiegkeeten

Granzeg Mamm: Disney World-Verbuet fir Koppelen, ouni Kanner?

Kanner ze kréien ass eng perséinlech Decisioun. Eng granzeg Mamm

Kanada: „Probéiert et net“ plaidéiert den hollännesche Premierminister
Neiegkeeten

Kanada: „Probéiert et net“ plaidéiert den hollännesche Premierminister

Och wa säi Land als den „Eldorado“ vum Cannabis an

Covid19-Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot

Covid19-Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot

Um Freidegowend huet d‘Regierung bekannt ginn, datt et haut zu enger Drénglechkeetssëtzung am Kontext vun der Relance vun der Covid19-Pandemie kënnt. Et soll sech iwwert d‘Evolutioun vun de Covid19-Neiinfektioune concertéiert ginn. Déi huet jo mëttlerweil bei eisen Noperen erëm eng ganz Well u Moossnamen ausgeléist.

Zu Konkreten (neie) Mesuren ass dann och ee Freideg nach keng Ausso gemaach ginn. Et geet elo emol an éischter Linn drëms, eng Bewäertung vun der aktueller Situatioun an eisem Land ze maachen. Et huet jo och gëschter schonn eng déifgräifend Consultatioun mat den Experte ginn. Et gouf däitlech gemaach, datt unhand de neisten Zuelen, verschäerfte Mesuren net ausgeschloss ginn.

Bei eisen Noperen ass jo schonn zolidd duerchgegraff ginn: Frankräich huet an de besonnesch haart getraffe Regiounen eng Spärstonn tëscht 21 Auer owes a 6 Auer moies verhaangen. Däitschland huet fir seng „Brennpunkten“ massiv Aschränkunge fir den Horesca-Secteur an de Privatberäich beschloss. An Belsch gëtt de ganzen Horesca-Secteur nees fir véier Woche komplett confinéiert.

Aus dem Gesondheetsministère heescht et um Freidegowend, datt et um Donneschdeg 227 nei positiv Covid19-Fäll ginn huet. Domadder läit den Infektiounstaux elo bei 36,26 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner (+2 géintiwwer dem Virdag). En Donneschdeg wieren 8.646 Tester gemaach ginn an d‘Zuel vun de (bekannten) aktiven Infektioune géif laut dem Ministère bei 1.870 leien.

Zur Stonn sinn 51 Covid19-Patienten hospitaliséiert, véier dovunner leien op der Intensivstatioun. Et ass wichteg hei drop hinzeweisen, datt wann sech datt alles nach unhéiert, wéi wann et ze geréiere wier, esou muss ee sech awer bewosst sinn, datt an eise Spideeler och aner Pathologie musse behandelt ginn, an eng Konzentratioun op eleng de Covid19, net fërderlech ass.

Aus dësem wierklech gudde Grond – vill Operatioune kann een net op éiweg verréckelen – schléisst sech d‘Redaktioun vu moien.lu, dem Appell vun den Dokteren an dem Fleegepersonal un, déi bekannt Hygiènesreegele strikt anzehalen. Et geet hei wäit iwwert de Respekt an de Schutz vun de vulnerabele Persounen eraus. Emol ganz ofgesinn, datt een neie Lockdown net ze finanzéieren ass.

Illustratioun: © Engin Akyurt / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Gesondheetsministesch, Neiinfektiounen, Paulette Lenert, Premierminister, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel