Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi déi neoliberal Bildungspolitik d‘Chancëgläichheet ënnergrieft
International Neiegkeeten

Wéi déi neoliberal Bildungspolitik d‘Chancëgläichheet ënnergrieft

De SEW/OGBL huet schonn oft virun den desastréisen Auswierkungen, déi

Food For Your Senses: Den éischten Dag!
International Neiegkeeten

Food For Your Senses: Den éischten Dag!

Ee musikaleschen an artisteschen Ofschid vun enger ganzer Festival-Ära steet

De Summer kënnt, mee gëtt et och eng Vakanz?
International Neiegkeeten

De Summer kënnt, mee gëtt et och eng Vakanz?

Mat der Covid19-Pandemie koum fir unzefänken de „Lockdown“ an du

De Covid19… eng biologesch Waff?

USA schécken illegal Awanderer mat Verdacht op Coronavirus an hir Heemechtslänner zréck

De Covid19… eng biologesch Waff?

De Kampf géint déi illegal Awanderung, ass ee vun de wichtegen Themen am Liewe vum Donald Trump. A Covid19-Pandemie hin oder hir, nach ass den US-President am Wahlkampfmodus an d‘Ausweisung vu Migranten, bréngt himm vill Zousproch. Mee „Illegaler“ an hir Länner auszeweisen, dat ënnert dësen Ëmstänn, kënnt dem Asaz vun enger biologescher Waff gläich.

biologesch

An den USA ënnerhält d‘Douane- an Awanderungsverwaltung (ICE) 190 Internéierungslager an deenen aktuell eng 32.000 illegal Migranten op enkstem Raum festgehale ginn. Si sollen d‘Land verloossen. De Coronavirus ass fir d‘ICE-Beamte keen Thema, „sozial Distanz“, wéi se am Kader vun der sanitärer Kris ubruecht wier, ass an dëse Lager souwisou guer net méiglech.

Fir net ganz esou onmënschlech eriwwerzekomme wéi et tatsächlech ass, behaapt d‘Verwaltung awer, datt jiddereen dee ganz schlëmm Symptomer opweist getest géif ginn. Laut den offiziellen Zuele sinn an den 190 Lager eng 1.000 Mënschen op de Covid19 getest ginn, 50% dovunner ware positiv. Aus dem Land geschaaft ginn se trotzdeem, eenzeg Ausnam gëtt et bei héijem Féiwer.

biologeschAnescht ausgedréckt: d‘USA exportéiere wëssentlech d‘Infektiounskrankheet a Länner, déi kaum, wann iwwerhaapt, iwwert esou eppes wéi ee Gesondheetssystem verfügen. Dat gëllt beispillsweis fir Haiti, dat bei wäitem äermste Land vun der westlecher Hemisphär. 75% vun den Awunner hu manner wéi 2 Euro den Dag fir ze liewen. Fléissend Waasser wéi mir et kennen, huet kaum een…

Si wësse genee wat si maachen

Op 5.000 Awunner kënnt 1 Dokter, offiziell verfüügt Haiti iwwer 100 Beotmungsapparater. Déi awer sinn der Elite, net de Bierger virbehalen. An esouguer wann se et wären. Dat meescht Material ass éischter „al“ an d‘Fleegepersonal kaum ausgebilt. Doheem bleiwe fir sech ze schützen, einfach onméiglech, well wien net all Dag e bëssi schafft, huet doheem och näischt fir op den Dësch.

Verständlech datt déi haitianesch Regierung mat alle Mëttel versicht ze verhënneren, datt de Virus ageschleeft gëtt. Dat awer gesinn d‘Amerikaner eppes differenzéiert, si hunn am Abrëll iwwer 200 Haitianer. Mat Handschelle si se a Fliger gesat an zu Port-au-Prince ausgeluede ginn. Net een eenzege war op de Covid19 getest ginn. Mindestens dräi ënnert hinne waren awer infizéiert.

biologesch

Yakima Air terminal den 20. Mäerz. Op dësem Dag huet ICE eng Notiz erausginn: „As of March 17th, there are no confirmed cases of Covid19 in ICE detention facilities“. Bis dohinner huet et allerdéngs och net een eenzegen Test an de Retentioun-Zenter vun der ICE ginn. Dat gouf eréischt den 22. Mäerz bei Mënsche gemaach, wou een och ouni Test gesinn huet, datt si sech mam Virus ugestach hunn. © David Morales / Yakima Immigrant Response Network

Déi haitianesch Regierung huet guer keng Méiglechkeet, d‘Amerikaner drun ze hënneren, dës Mënschen trotz der Gefor, déi se méiglecherweis an sech droen, op d‘Insel ze bréngen. An d‘ICE-Beamte wësse ganz genee wat si dem Land domatter undinn. D‘US-Regierung benotzt de Virus als biologesch Waff a politescht Drockmëttel, géint e Land dat an Trëmmer läit a fënnt dat gutt.

Sech wieren ass net dran…

Nach esou ee Beispill vun „American Biological Warfare“ ass Guatemala. Säit Mäerz hunn d‘USA gutt 2.000 Mënschen an d‘Land deportéiert, mindestens 100 ënnert hinne ware mam Covid19 infizéiert. Dat sinn, bezunn op d‘Testméiglechkeeten déi dëst latäinamerikanescht Land huet, 20% vun den identifizéierten Infektiounsfäll. Wéi vill Fäll et tatsächlech gëtt, ass net festzestellen.

biologeschGuatemala huet faktesch weder déi néideg Finanzen nach ee Gesondheetssystem, deen sech enger Pandemie kéint entgéintstellen. Zanter 14 Deeg versicht elo d‘Regierung ze verhënneren, déi esou deportéiert „Migranten“ an d‘Land ze loossen. E klägleche Versuch, well Widderstand ass am Kontext vun enger wirtschaftlecher, wéi politescher Ofhängegkeet vun den USA onméiglech.

An den Donald Trump notz dës Ofhängegkeet och géint aner Länner. Länner déi dëst „Spill“ matmaachen, esou de Fall fir El Salvador an Honduras, kréie Beotmungsapparater versprach. Wien net paréiert, kritt kleng „Hëllef“ an d‘Ausweisunge ginn trotzdeem knallhaart ëmgesat. Och dat ass e Volet vum Trump senger Aussepolitik. Kritiséiert gouf hien dofir nach net… alles ass gutt.

mat indymedia/nyc

Foto: Hei e Bild vum „Yakima Immigrant Response Network“ vum 29. Abrëll, wou eng ICE organiséiert Deportatioun weist, datt déi illegal Awanderer bis se nees an „hirem“ Land sinn, Handschelle an Fousfesselen unhunn. Dat verstéisst eendeiteg géint d‘Mënscherechter an ass eng Bedreeung fir d‘Länner, well kee getest gëtt, deen net stierweskrank ass. © Yakima Immigrant Response Network

Ähnlech Sujeten biologesch Waff, Coronavirus, Covid19, Deportatioun, Donald Trump, ICE, Illegal Migratioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel