Search

You may also like

surprise
Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer
Neiegkeeten

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz

dislikesurprise
De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen
Neiegkeeten

De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Mëttwoch ugekënnegt,

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe
Neiegkeeten

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe

Et ass iergendwann immens séier gaangen. Ugefaangen huet alles, wéi

Covid19: Eng kuerz Iwwersiicht

Covid19: Eng kuerz Iwwersiicht

D‘Zuele vun den Neiinfektiounen huelen awer weider zou, wann och net an engem Ausmooss, datt een elo als „dramatesch“ misst bezeechnen. Leider musse mir bei eis am Land elo ee weidert Affer vun dësem hannerhältegem Virus bekloen. Domadder huet Lëtzebuerg elo 120 Stierffäll, déi zu Laaschte vun der Covid19-Pandemie ginn, an eis nach emol virun Ae féieren, datt et kee Spaass ass.

Um Samschdeg goufe 56 (dovunner 10 net-Residenten) an e Sonndeg 36 Persounen (dovunner 7 net-Residenten) positiv getest. E Samschdeg ware 6.860; e Sonndeg 5.836 Persounen op den Teststatioune passéiert. De Covid19-Test ass – och wann et duerchaus eppes Polemik gëtt, wat elo awer éischter op de Kont vun der Kommunikatiounsstrategie geet – a bleift eng richteg gutt Saach.

Mëttlerweil gëtt et jo och d‘Invitatioun fir den Test a Lëtzebuerger Sprooch, wat jo bei deem engen oder aneren zur Trotzreaktioun gefouert hat. Mee ausser dem Fait, datt et sënnvoll ass, sech op de Coronavirus testen ze loossen, sollt een och weiderhin d‘Gest Barrière anhalen. Sech d‘Hänn ze desinfizéieren, d‘Mask undoe wou et ubruecht ass an op Distanz bleiwen, ass de beschte Schutz.

Illustratioun: Och eis Butzen dinn d‘Mask mëttlerweil „wéi ganz Selbstverständlech“ un an sinn den Erwuessenen éischter e Beispill wéi een et richteg mécht. De Covid19-Virus ass kee Spaass a wäert eis leider länger begleede wéi et eis léif ass. © Edwin Gonzalez / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Tester, Distanz, Gest Barrière, Hänn Wäschen, Maskeflicht
Next post Previous post