Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Yad Vashem: Lëtzebuerg beim Welt-Holocaust-Forum zu Jerusalem
International Neiegkeeten

Yad Vashem: Lëtzebuerg beim Welt-Holocaust-Forum zu Jerusalem

Op Aluedung vum israelesche President Reuven Rivlin huet S.A.R. de

Op d‘Universitéit goen ass eng eescht Ugeleeënheet
International Neiegkeeten

Op d‘Universitéit goen ass eng eescht Ugeleeënheet

Déi Lëtzebuerger Vereenegung vun de Studente-Cerclen (ACEL), an där 45

Covid19-Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot
International Neiegkeeten

Covid19-Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot

Um Freidegowend huet d‘Regierung bekannt ginn, datt et haut zu

Frankräich: De Covid19 erzwéngt Ausgangsspären

Mat 27.000 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen, kann een d‘Lag bei eisen Noperen als Dramatesch bezeechnen – et kommen nees schwiereg Zäiten op d‘Spideeler duer

Frankräich: De Covid19 erzwéngt Ausgangsspären

D‘Dokteren, an hei besonnesch d‘Intensiv-Medeziner, sinn alarméiert. Et wier offensichtlech, datt et nees op ee groussen Zouwuess vu Patienten higeet, an d‘Situatioun nees am Begrëff ass, d‘Spideeler un hir Kapassitéitsgrenzen ze féieren. Am Paräisser Spidol Bichat sinn esou vun den 20 Intensivbetter, 16 mat Covid19-Patiente beluecht.

Fir de Chef vun der „Intensiver“ am Bichat, de Professer Jean-François Timsit, ass d‘Situatioun allerdéngs eng aner wéi nach am Fréijoer. D‘Aart a Weis mat der Infektiounskrankheet ass anescht, d‘Therapien hätten sech däitlech verännert. Et géif een elo net méi esou laang op der Intensiver behandelt, de sougenannten „turn-over“ géif a kierzeren Ofstänn stattfannen. Eigentlech gutt oder?

Streng geholl ass dat wierklech gutt, mee et hunn sech och nach anere Saache verännert. Esou ass et net méi esou, datt d‘Leit mat anere Pathologien de Spideeler aus der Féiss ginn. Dat erhéicht den Drock op d‘Fleegepersonal. Och de Bléck vun de Leit huet sech verännert. Wou et viru Wochen nach Unerkennung ginn huet, heescht elo: „Loosst mat äre Problemer a Rou“. Bedenklech…

Bedenklech virun allem dann, wann ee mat grousser Sécherheet dovunner ausgoe kann, datt a spéitstens zéng Deeg, nees 60% vun den Intensivbetter am Land, vu Covid19-Patiente wäerten a Beschlag geholl ginn. Eleng um Mëttwoch haten eis Noperen, nees ronn honnert Covid19-Affer ze bekloen, 200 Mënsche sinn op den Intensivstatioune bäi komm. An dat ass net eenzeg Problem.

Si hunn es genuch

Ee vun de weidere Problemer am Frankräich, huet mat der Valorisatioun vun de medezinesche Beruffer ze dinn. D‘Fleegepersonal fänkt u midd ze ginn. Schlecht bezuelt, gëtt awer vun hinnen Erwaart ronderëm d‘Auer present ze sinn, wat an de Spideeler zu ëmmer méi schlechter Stëmmung féiert. Gewerkschaften hu fir haut zu Streik a Protest opgeruff, mee ass dat elo Hëllefräich?

Ob Dokter, Infirmier oder Aide-soignant, ass een nees beim Punkt ukomm, wou en Appell un d‘Vernonft net méi duergeet. Vill Mënsche géifen d‘Reegelen éischter schlecht befollegen, an et sinn dann och ëmmer „déi aner“… Bei 400 Fäll op 100.000 Awunner huet Paräis awer ee ganz zolitte Problem, an et ass net déi eenzeg franséisch Groussstad, an där d‘Tendenz dramatesch ass.

Den Emmanuel Macron huet gëschter am Interview erkläert, datt wann et sécher falsch wier elo a Panik ze geroden, esou wier et mindestens grad esou Falsch net alles ze ënnerhuelen, fir nees d‘Kontroll vun der Pandemie ze iwwerhuelen. Et wier och kengem liicht gefall sech fir déi elo a ville Stied ugeuerdent Spärstonn anzeféieren, déi natierlech nees ee wirtschaftlechen Impakt huet.

Am Noutstand

Iert de franséische President sech da gëschter Owend 45 Minutte laang op der Tëlee un d‘Vollek gewannt huet, hat d‘Regierung de sanitären Noutstand – deen de 10. Juli opgehuewe gi war – nees retabléiert. Den Etat d‘Urgence ass ab dem 17. Oktober effektiv, an dat um ganzen Territoire. Den Emmanuel hält et den awer nach fir disproportionéiert dat ganzt Land nees ze confinéieren.

Covid19

Mee am Groussraum Paräis, wéi och an aacht anere Metropolen (Aix-Marseille, Grenoble, Lille, Lyon, Montpellier, Rouen, Saint-Etienne an Toulouse) sinn d‘Mesuren drastesch. Hei gëllt tëscht owes 21 Auer a moies 6 Auer eng Spärstonn. An dat fir mindestens véier Wochen, da soll am Parlament entscheet ginn, op d‘Moossname bis zum 1. Dezember verlängert musse ginn.

D‘Zil vun der Regierung ass et, mat alle Mëttel awer ouni d‘Wirtschaft unzehalen, nees op en Infektiounstaux vun 3.000 bis 5.000 Mënschen den Dag ze kommen. Och soll den Taux vun den duerch Covid19-Patiente beluechten Intensivbetter, op 15% gedréckt ginn. Aktuell sinn et 32%, firwat d‘Lag bedenklech wier. „Mir hu keng verstoppte fräi Better“, esou den Emmanuel Macron.

Déi wichtegst Punkten

Iwwerall do wou d‘Spärstonn beschloss ginn ass, muss ee spéitstens um 21 Auer doheem sinn. Kee Kino, Theater oder Restaurant… mee och all aner Geschäfter mussen dann de Rideau ënnen hunn. Zirkuléieren dierfen dann déi Leit déi op d‘Schaff ginn oder dovunner kommen. Et ass allerdéngs net verbueden ze zirkuléieren, mee d‘Deplacementer gi ganz strikt ageschränkt a kontrolléiert.

Wie géint d‘Oplage verstéisst muss mat enger Geldstrof an Héicht vun 135 Euro rechnen. Geet dat als Warnung net duer an et recidivéiert een, ginn dann 1.500 Euro fälleg. Et gëtt de Leit un d‘Häerz geluecht, sech zu net méi wéi sechs Persounen zesummenzesetzen (wann ee beispillsweis Frënn bei sech aluet). Dat sollt een och am ëffentleche Raum esou behäerzegen, an am beschte mat der Mask.

Fir déi a Matleedschaft gerode wirtschaftlech Secteuren, ass d‘Kuerzaarbecht – déi zu 100% vum Staat finanzéiert gëtt – nees reaktivéiert ginn. Et gëtt wuel kee generellen Opruff zum Télétravail, mee de President géif et begréissen, wann déi Entreprisen déi et asetze kënnen, dat och géifen ëmsetzen. Wou et pertinent ass, sollt den Homeoffice op zwee bis dräi Deeg d‘Woch geluecht ginn.

mat indymedia/par

Ähnlech Sujeten Ausgangsspär, Covid19, Emmanuel Macron, Frankräich, Spärstonn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel