Search

You may also like

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten
Neiegkeeten Stories

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen,

9 Lëtzebuerger Editeuren op der Frankfurter Buchmesse
Neiegkeeten Stories

9 Lëtzebuerger Editeuren op der Frankfurter Buchmesse

Um vergaangene Freideg huet d’Kulturministesch Sam Tanson, zesumme mam Marc

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen
Neiegkeeten Stories

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen

Säit der Ukënnegung vun der Rentereform rumouert et a mëttlerweil

Covid19-Gesetz dierf an d‘Verlängerung

Covid19-Gesetz dierf an d‘Verlängerung

An der Chamber huet um Dënschdeg déi nei Sessioun ugefaangen, an et gouf sech dann och emol direkt dem ugepasste Covid19-Gesetz ugeholl. Domadder bleiwen eng ganz Rëtsch u Mesuren, fir d‘Verbreedung vum Coronavirus ze verhënneren, bis den 31. Dezember a Kraaft. Et ass natierlech méiglech, datt et bis dohinner nach zu weideren Upassunge komme kann.

Den Toun beim Debat huet sech géintiwwer deem vu virun der Summervakanz kaum differenzéiert an et kann ee resuméieren, datt sech d‘Regierung net wëll vun der Oppositioun – hei haaptsächlech d‘CSV – dreiwe loossen. Déi chrëschtlech Deputéiert haten d‘Maskeflicht och an der Ëffentlechkeet – also op der Strooss oder am Park – gefuerdert, dat wëll een Wettlaf mat der Auer stoe géif.

Hei huet d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) eng aner Opfaassung, an och wann si agesäit, datt sech d‘Land nach ëmmer an enger „kritescher Situatioun“ befënnt. Esoulaang sech d‘Pandemie hält, esoulaang besteet de Risk vun enger exponentieller Infektiounszounam, betount d‘Ministesch, déi allerdéngs kee Grond gesäit, elo panesch ze ginn.

Zu de Fuerderunge vum Claude Wiseler vun der CSV: d‘Maskeflicht am ëffentleche Raum iwwert déi bestoend Mesuren eraus sinn den Ament net ziilféierend an d‘Regierung misst och eng gewësse Flexibilitéit behalen. Et wier elo emol eppes Gedold ugesot, och wann d‘Rentrée natierlech ee méi kriteschen Zäitpunkt ass. An ee puer Woche kéint een do méi prezis evaluéiere wat néideg ass.

Sech net aschüchtere loossen

Datt et eigentlech sollt evident sinn, datt een de Virus muss an der Gitt behalen, verhënnert elo awer net, datt – wéi dat jo och bei eisen däitschen Nopere méi ausgepräägt de Fall ass – et eng Rei Leit am Land gëtt, déi d‘Moossnamen zolidd a Fro stellen. An dës „Individue“ brauchen e Feindbild, dat si anscheinend an der Persoun vum Gesetz-Rapporter Mars di Bartolomeo (LSAP) fonnt hunn.

An de Mars di Bartolomeo huet da gëschter an der Chamber missen drop hiweisen, datt hien sech zanter ee puer Deeg villen anonymmen Appeller ze stellen hätt, déi a punkto Vulgaritéit wéi och Aggressivitéit kaum nach ze iwwerbidde wieren. Hien a seng Famill wiere op eng Aart a Weis bedreet ginn, datt sech elo d‘Police mat deem Ganze beschäftege misst. En Enquête ass en Cours.

Wat elo d‘Plainte betrëfft, esou verzeechent och d‘Gesondheetsdirektioun eng grav Zounam. Bis ewell sinn eng 120 Protokoller géint Entreprisen aus den Horesca-Secteur ausgestallt ginn. An 22 Fäll handelt et sech ëm eng Recidive. Fir de Claude Wiseler ass et kee Wonner, well d‘Gesetz wier deraart onverständlech formuléiert, datt sech d‘Bierger guer net méi kéinten erëmfannen.

Säitens déi lenk heescht et, datt et déi éischte Kéier ass wou si kéinte mat de korrigéierte Mesuren averstane sinn. Fir de Sven Clement vun der Piratepartei ass et schonn emol wichteg, datt een ee Schratt an déi richteg Richtung mécht: „Et ass besser mat klénge Schrëtt virunzegoe wéi guer net vun der Plaz ze kommen“. Dat ass vläicht eng pragmatesch Approche, mee hei duerchaus sënnvoll.

Jo… Nee… an Enthalung

Widderstand huet dann och eigentlech nach just d‘ADR geleescht. De Jeff Engelen, deen et elo mat de ganzen Tester a Mesuren net esou huet, stellt weiderhi fest, datt d‘Covid19-Gesetz eng eenzeg Behënnerung vun de fundamentale Grondrechter ass. Bei der ADR befiercht een dann och nach, datt sech dat Ganzt negativ op d‘Moral vun de Konsumente a Geschäftsleit kann auswierken.

D‘Verlängerung vun de Moossnamen – an domadder d‘Modifikatiounen/Upassungen – ass dann erwaardungsgeméiss vun der Koalitioun, déi lénk an de Piratepartei ugeholl ginn (35 Jo Stëmmen). Déi 21 CSV-Deputéiert hu sech enthalen an déi véier Deputéiert vun der ADR hunn dergéint gehalen. Um haitege Mëttwochmuere gëtt déi sanitär Sitautioun vum Regierungsrot beroden.

Wat bäibehale gëtt

Et ass weiderhin ënnersot sech zu méi wéi zéng Persounen (plus d‘Leit aus dem Stot) am private Kader ze gesinn. Hei sollt een dann och d‘Gest Barrière anhalen. Och ëm ëffentleche Raum si Versammlunge vu méi wéi zéng Leit eigentlech verbueden, mee ënnert gewësse Mesuren (wann et beispillsweis Sëtzplaze gëtt, de Sécherheetsofstand kann agehale ginn oder d‘Leit hir Mask undinn) kann et Ausname ginn. Och am Horesca-Secteur bleift alles wéi bis elo decidéiert.

D‘Maskeflicht gëllt weiderhin am ëffentlechen Transport, beim Akafen an och bei de Verwaltungen, eng Plastiks-Visière ass allerdéngs net méi zoulässeg. Et dierf Public bei sportleche Wettkämpf gi wann d‘Leit entweder d‘Distanz vun 2 Meter kënnen anhalen oder eng Mask unhunn. Bei Foiren an Ausstellungen ass ëmmer dann d‘Mask Flicht, wann ee Sécherheetsofstand vun 2 Meter net kann agehale ginn.

Wat sech ännert

Zu de wichtegste Changementer déi et ze beuechte gëtt, gehéiert den „Isolement“: datt heescht datt wa bei enger Persoun festgestallt gëtt, datt si sech mam Covid19-Virus infizéiert huet, déi nach just 10 statt wéi bis ewell 14 Deeg muss isoléiert ginn. Eng Verlängerung ass hei net méi virgesinn. Och bei der Quarantaine (fir Leit déi mat enger infizéierter Persoun iwwer 15 Minutten ouni Schutz am direkte Kontakt gestanen ass) gëtt et Neies: déi betraffe Persoun ass invitéiert de sechsten Dag nom Kontakt en Test ze maachen (bis ewell war et de fënneften Dag nom Kontakt). Ass den Test negativ, kann d‘Quarantaine opgehuewe ginn.

D‘Gesondheetsdirektioun ass elo ermächteg d‘Date vun de Passagéier déi um Fluchhafen ukommen direkt anzesäckelen. Dat si wichteg Informatioune fir de Fall, datt ee Voyageur géif positiv op de Covid19 getest ginn, well jo hei dann d‘Kontakter vun dësem musse kënnen novollzu ginn. Et ass och festgehale ginn, datt all erhuewen Daten (och déi vun de flächendeckenden Tester) no 3 Méint anonymiséiert ginn. Fir den Horesca-Secteur: d’Plastiks-Visière ginn net méi als ausräichende Schutz unerkannt. Interessant: Persounen déi ënnert spezifesche Pathologie leiden, kënnen dovun ausgeholl ginn eng Mask ze droen. Nei: D‘Apdikter an d‘Psychotherapeute kënnen sech an der sanitärer Reserv integréieren.

Derogatiounen am Enseignement

D‘CSV-Fraktiounspresidentin huet d‘Ministere fir Gesondheet an Educatioun ëm Prezisiounen zu de fir d‘Enseignante gülteg Derogatiounen am Kontext vun der Quarantaine gebueden. Esou sollen eleng an der Woch vun der Rentrée, eng 93 Enseignanten „preventiv“ ënner Quarantaine gesat gi sinn, hunn dunn awer vun der Gesondheetsdirektioun aus Ausgangserlaabnes kritt fir kënne Cours ze halen.

Dozou heescht et: Et ass net well eng Persoun a Quarantaine gesat gëtt, datt si infizéiert ass. Et wier zudeem gewosst, datt 90% vun de Mënschen déi a Quarantaine gesat ginn, sech och net infizéiert hunn. Am Kontext vum schouleschen Environnement verhält et sech dann esou, datt en Enseignant weider Schoul hale kann, wann de Verdacht op eng Covid19-Infektioun ausserhalb der Schoul zeréckzeféieren ass. Dat bréngt natierlech vill Onverständnis mat sech an ee puer Interventiounen.

Esou wollt de Sven Clement (Piratepartei) wëssen, wéi enger Persoun déi ënner Quarantaine gesat gëtt, soll erkläert ginn, datt si hiren Hond net dierf ausféieren, wärend den Enseignant sech virun de Kanner opstelle kann. Interessant och: wann d‘Enseignanten zwar an d‘Schoul dierfen, esou dierfen si weder Akafen, nach soss eng Aktivitéit bedreiwen. Also och en Enseignant mat der Derogatioun dierf streng geholl net mam Hond spadséiere goen.

Illustratioun: © Prasech Shiwakoti / unsplash

Related topics adr, Chamber, Covid19-Gesetz, CSV, déi gréng, déi lénk, DP, LSAP, Piratepartei
Next post Previous post