Search

You may also like

What the Fakt – internationale LEGO-Dag
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege

Nei am Verlag Lilu: De Molbier
Neiegkeeten Stories

Nei am Verlag Lilu: De Molbier

Am neie Wierk „De Molbier“ gëtt d’Geschicht vum klenge Bier

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem
Neiegkeeten Stories

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an

Neit Covid19-Gesetz bréngt Erliichterungen

Ob et wierklech esou eng gutt Iddi war, ouni akurat Zuelen an der Bedreeung duerch déi brittesch Covid19-Variant d‘Geschäfter, d‘Kultur an de Sport nees „opzemaachen“?

Neit Covid19-Gesetz bréngt Erliichterungen

Et war eréischt fir d‘8. Kéier, datt de President vun der Gesondheetskommissioun als Rapporter vum Covid19-Gesetz un d‘Tribüne vun der Chamber getrueden ass. Fir de Mars di Bartolomeo, deen eréischt viru 14 Deeg den Deputéierten ee Gesetz virgeluecht hat, eng liicht Übung…

„D‘Situatioun presentéiert sech ass Gro-Téin, an esou fält d‘Gesetz och aus“, esou den Diddelenger, dee virun allem begréisst huet, datt d‘Bierger am Land nees ee Stéck Normalitéit zougestane kréien. Hien ignoréiert awer net d‘Kakophonie tëscht deene wou méi streng Mesure gefuerdert an erhofft haten, an deene wou der Usiicht sinn, datt wesentlech méi schaarf hätt missen duerchgegraff ginn.

Covid19D‘Netz liest mat – Memes aus Lëtzebuerg

Trotz der Erkenntnis, datt déi virleiend Zuelen an Daten éischter „schlecht“ sinn, och wann et esou ausgesäit wéi wann sech gewësse Stabilitéit géif etabléieren, dat wichtegst ass, datt sech d‘Lag an de Spideeler berouegt. An dat ass ee vun de Parameter oder Indicateuren, op deem d‘Regierung hir Decisiounen zu méi oder manner Erliichterunge fundéiert. Dat kéint eppes verfréit gewiescht sinn.

Interessant och, datt de Mars di Bartolomeo iwwert aner Informatiounen aus dem Ausland verfüügt wéi déi hei usässeg Medien. Esou ass den LSAP-Deputéierten iwwerzeegt, datt eis Mesure wäit méi Contraignant sinn, wéi déi vun eisen Noperen. Dat stëmmt esou zwar net, mee Politik ass jo awer a gewësser Form och eng grouss Marketingshow, an esou ee Gesetz muss ee gutt verpake kënnen…

De Konter vum Klassefeind

Blöd wann do den heemlechen Alliéierten aus den Oppositiounsreien d‘Verpackung zerrappt iert d‘Schlauf konnt lassgemaach ginn. De Claude Wiseler (CSV) huet dem „Genosse“ geziilt an dem Rescht vun der Chamber dann elo direkt ze verstoe, ginn datt wann d‘CSV de 24. Dezember dat virgeluechte Gesetz matgestëmmt huet, da just well een der Usiicht war, dat et anescht net geet.

A de „Klassefeind“ mécht eng interessant Remark: „D‘Covid-Texter si keng Parteitexter“, esou de Claude Wiseler dee bedauert, datt esou kuerzfristeg Erliichterunge beschloss ginn, obwuel näischt, mee awer och guer näischt, a schonn emol guer net d‘Zuelen, op eng Verbesserung hiweist. Dem CSV-Deputéierten seng Argumentatioun ass kloer, liicht verständlech an zimmlech zoutreffend.

Esou huet hie monéiert, datt d‘Explikatiounen, déi d‘Gesetzestexter jo begleeden, éischter am Widdersproch zu den Artikele stinn. Vläicht sinn dës „Explikatiounen“ jo och laang virun den eigentleche Passage op déi se verweise solle geschriwwe ginn. Zudeem géif Lëtzebuerg sech géintiwwer de Noperen net solidaresch verhalen, déi all nees Richtung Lockdown tendéieren.

Vun der Koalitioun näischt Neies

Réckendeckung kréien d‘Regierung an de Rapporter vum Covid19-Gesetz wéi gewinnt aus der Koalitioun. Esou stellt de liberale Fraktiounschef, Gilles Baum (DP) fest, datt sech näischt verännert huet an empfënnt et als „eppes speziell“ datt d‘CSV elo hei géif behaapten, datt alles schlecht ass. Hien attestéiert dann och der Koalitioun ziilféierend Efforte gemaach ze hunn.

De Gilles Baum ass dann och net der Meenung, datt Lëtzebuerg, gemooss un der Groussregioun, géif aus der Rei danzen. Hie versteet och dee ganzen Onmutt an de sozialen Netzwierker net, wat den handel betrëfft. Et wier jo elo awer ersiichtlech, datt déi verkafsoppe Sonndeger an/oder de „schwaarze Freideg“ sech net negativ op d‘Infektiounszuelen néiergeschloen huet.

Et wier ee wuel nach net iwwert de Bierg, firwat un de Kontaktbeschränkunge festgehalen, a gläichzäiteg déi sozial Isolatioun verhënnert gëtt. Datt d‘Schoulen nees opmaache wier déi richteg Entscheedung am Gesetzprojet 7743 hätt d‘Regierung dee beschten Equiliber hiergestallt, deen am aktuelle Kontext méiglech ass. Ob hien dat am Februar och nach esou wäert gesinn?

De LSAP-Fraktiounschef Georges Engel huet säi Fokus op d‘Kritik vun der CSV-Politik geluecht. Si géif der Regierung virwerfe keng Linn ze hunn, géif awer intern selwer no esou enger Sichen. D‘Josée Lorsché, Fraktiounsvirsëtzend vun déi gréng, stellt fest datt, wat d‘Pandemie méi laang unhält, d‘Meenunge méi ausenaner ginn. A si wéist drop hin dat Kultur ee Grondrecht ass…

Wann Zäit enk bemooss ass

Fir déi méi „kleng“ Fraktiounen/Sensibilitéiten heescht et séier schwätzen, wann een alles esou exposéiere wëll, wéi ee sech dat virgeholl huet. Et ass dann och kaum engem gelonge gëschter „säi Gedanken zu Enn ze féieren“. Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen hält da fest, datt d‘Spärstonn manifest en Ausdrock vu Mësstraue géintiwwer de Bierger ass, déi sech jo awer gutt beholl hätten.

Veriergert ass hien iwwert déi stänneg Agrëff an d‘Privatsphär ass, a verwonnert doriwwer datt et net méiglech ass Sënnvoll Moossnamen, déi vun de Leit verstanen (also ugeholl) ginn, ze ergräifen. De Jeff Engelen war zudeem eppes saierlech, datt Familljen, déi mat de Kanner „Schlitt gefuer sinn“, onnéideg gedirängelt goufen. Hien och nees eng Lanz fir den Horesca-Secteur gebrach.

De Marc Baum (déi lénk) waart nach ëmmer op déi vun der Regierung genannten „Ënnerlagen“ unhand deenen erkenntlech wier, datt d‘Argumenter op enger wëssenschaftlecher Basis fundéieren. Zanter Oktober wier d‘Lag ugespaant (2. Well) an et wier falsch duerstellen ze wëllen, datt et zäitlech méiglech war, eng Evaluatioun vum Impakt zu de Mesure vum leschte Gesetz ze maachen.

Et géif dann elo zu Recht iwwert déi mental Gesondheet diskutéiert, mee schänterlech ignoréiert, datt d‘Krankekeess de Besuch beim Psychiater nach ëmmer net deckt, et där vill ze mann huet an och soss wéineg politesche Wëllen ze erkennen, datt et kéint besser ginn. De Sven Clement huet d‘Gesetz och „en bonne et due forme“ demontéiert, an zuweilen der Chamber de Spigel virgehalen.

Hien huet op de Tribün behaapt, datt keen an der Regierung an, an der Chamber an der Lag ass, déi ganz „Artikelen“ aus dem Stand ze erklären oder déi eenzel Restriktiounen an/oder Erliichterungen ze nennen. Et géif awer vum Bierger ofverlaangt, datt dësen sech net nëmmen un dëst Gesetz hält, mee och versteet wat gemengt ass. Dëst Gesetz wier keng Verbesserung, éischter de Géigendeel.

D‘Regierung fält aus alle Wolleken

Fir de Premierminister Xavier Bettel ass déi ganz Opreegung absolutt net novollzéibar. Et wier jo awer de 24. Dezember kloer an däitlech erkläert ginn, datt ee just wëlles gehat hätt d‘Schrauwen iwwert d‘Dauer vu 14 Deeg bäizezéien. An d‘Zuelen, esou de Regierungschef, géifen eng kloer Sprooch schwätzen a virun allem ënnersträichen, datt d‘Moossnamen hir Friichte gedroen hätten.

Esou wieren d‘Hospitalisatiounen ëm 50% zréckgaangen. Stëmmt, woubäi den Impakt vun de Feierdeeg (Chrëschtdag a Silvester) realistesch net virum 18. Januar ze evaluéieren ass. An och d‘Zuele vum LIST, bezunn op d‘Analyse vun de Kläranlage, widderspriechen dem ëmmer méi emotional optriedende Premierminister. Déi nächst Ried kann ee kaum ofwaarden…

Natierlech huet sech och d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert zu den Interventiounen an der Chamber geäussert, ass gréisstendeels bei hiren Ausféierunge vun der leschter Pressekonferenz bliwwen. Bei der Ofstëmmung sinn d‘Iwwerraschungen ausbliwwen. D‘Chamber huet dat neit Covid19-Gesetz mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. Dat gëllt ab ee Méindeg.

Illustratioun: Et ass net gewosst op sech d‘Lag iwwert d‘Feierdeeg an d‘Chrëschtvakanz verbessert oder verschlechtert huet, well déi Zuelen (eis) nach net virleien. Datt et do vläicht opportun gewiescht wier, dat modifizéiert Gesetz vum 24. Dezember nach emol fir 14 Deeg weiderzeféieren? © Vladimir Fedotov / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Koalitioun, Oppositioun, Regierung
Next post Previous post