Search

You may also like

Nationalen Dag vum Widderstand
Neiegkeeten

Nationalen Dag vum Widderstand

De Comité fir d‘Erënnerung un den Zweete Weltkrich hat gëschter

Trump oder Biden?
Neiegkeeten

Trump oder Biden?

Et ass eng Wal, wann net esouguer déi Wal, wou

Schëfflenger Konschthaus: E kulturellen Start mat Loft a Waasser
Neiegkeeten

Schëfflenger Konschthaus: E kulturellen Start mat Loft a Waasser

„Konscht ass dofir do, de Stëbs vum Alldag ofzeleeën“, sou

Covid19-Gesetz verluecht d‘Schoulgesetz gestëmmt (kommentéiert)

Covid19-Gesetz verluecht d‘Schoulgesetz gestëmmt (kommentéiert)

Datt et mam Hiecht an dem bevirstoende Wanter am Kontext vun der sanitärer Kris net géif besser ginn, datt war scho wärend dem Etat de Kris Gespréichsgéigestand an ass och iwwert de Summer ewech ëmmer nees zum Ausdrock bruecht ginn. Do hätt ee sech da streng geholl, jo kënnen drop virbereeden. Eis Politiker hunn et virgezunn, vill ze braddelen an näischt ze ënnerhuelen…

A wat ee sech net alles vu Brach an oniwwerluechtem Blödsinn huet alles missen unhéieren, fir elo, Enn Oktober nees an der Situatioun vu Mäerz ze sinn, an dat dës Kéier mat däitlech méi schlechten Aussiichten. Gescheit Mënschen hätten déi aktuell Situatioun antizipéiert, och wann et do gréisser Chance ginn hätt, datt dës net géif antrieden. Mee da géif jo d‘Oppositioun d‘Regierung stellen.

Wéi och ëmmer, d‘Regierung schéngt sichtlech beméit den Akzent drop ze setzen, dem Land hiert Onverméigen ze offenbaren. Datt se de Summer „passéiere gelooss“ hunn, soit; datt antizipéieren net hir Stäerkt ass, och dat ass erdréiglech. Wat ufänkt ze nerven, sinn déi schlecht Manéiere bei der Kommunikatioun. Op beim Vaccin fir Dezember, oder Annonce zu Gesetzer déi wéineg daachen.

Eng mat der flaacher Hand an d‘Gladder

Esou sollt jo gëschter iwwert dat modifizéiert Covid19-Gesetz (7683) an der Chamber ofgestëmmt ginn, dat ee Méindeg virgeluecht gouf. De Staatsrot muss den Text allerdéngs och aviséieren – dat konnt an der Regierung elo natierlech kee wëssen – firwat den Avis eréischt e Mëttwochmuere virgeleeën huet. Eppes ze knapp fir den Deputéierten zouzemudde Kenntnis dovunner ze huelen.

Folgerichteg – an dat hate mir am Virfeld genee esou erkläert – huet d‘Ofstëmmung misse verluecht ginn. Streng geholl hätt ee wuel awer kënnen Ofstëmmen, vu datt d‘CSV schonn hiren Accord zu dësem Gesetz annoncéiert huet. Mee et muss ee sech jo nach un déi demokratesch Reegelen halen, iert een ee Gesetz a Kraaft setzt, wat eben dës Reegelen nees a Fro stellt, an net nëmmen déi.

Covid19

Lëschteg zudeem – an et muss d‘Qualitéit vun de fir d‘Regierung schaffende Juristen hei dierfen a Fro stellen – datt de Staatsrot zwou formell Oppositioune, géint den Text erhuewen hunn. Dat ass keen Hiwäis op ee verantwortlechen Ëmgang mat enger zolitter Kris, déi jo och nach e sozialen a wirtschaftleche Volet enthält, an d‘Zukunft vu ganze Generatioune riskéiert ze hypothekéieren.

Haut de Muere muss dann d‘Gesondheetskommissioun kucken, datt se elo den Text esou gediebelt kritt, datt een zumindest keng „juristesch Lacunnen“abaut. Ab 14 Auer dierf dann debattéiert ginn. Et ass awer wéi schonn aleedend gesot sécher, datt d‘Gesetz mat all senge Virgaben, Oplagen a Restriktioune wäert ugeholl ginn, och well d‘CSV jo schonn annoncéiert huet, et matzedroen.

An der Schoul bass de Sécher

Wann dann elo d‘Paulette Lenert – an domadder déi ganz Regierung – mat hirem Gesetz zréck op d‘Kummer geschéckt gouf, esou hat den Educatiounsminister Claude Meisch mat sengem Gesetz eng besser Ausgangspositioun. Gutt dee steet grad maximal ënner Drock, ouni sech enger Schold bewosst ze sinn, a weess dat hie sech op seng Fraktioun an d‘Koalitiounspartner verloosse kann.

Gëschter huet hien an der Chamber säi Gesetz zur „Léierpersonalreserv“ verdeedegt, datt dat den DP-Fraktiounschef a President vun der Schoulkommissioun Gilles Baum de Chamber als Rapporter virgestallt hat. Deen huet a sengen Ausféierungen nach emol drop higewisen, datt d‘Schoul mat déi sécherst Plaz op Äerden ass. Woubäi sech 1.544 Enseignanten a Schüler schonn ugestach hunn.

De Gilles Baum an de Claude Meisch beloossen et dann och bei der Behaaptung, datt et net eis Kanner sinn, déi de Virus weiderginn. Dat gesäit d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen entschidden anescht, mee si huet sech séier geschloe ginn, an ausser enger Motioun déi um direkte Wee an de ronnen Dossier geflunn ass, huet et kaum Géigewier ginn. Si hunn d‘Gesetz ugeholl.

Lächerlech awer net fir ze laachen

Wann den Educatiounsminister et begréisst huet datt d‘CSV-Motioun verworf gouf, esou ass dësen awer op deen een oder anere Punkt vun den 13 an der Motioun enthalene Punkten agaangen. Hien huet och versprach (alt nees) sech déi divers Revendicatiounen unzekucken, och déi wou vun de Gewerkschaften, Schüler-/Studentevertriedungen an Elterevereenegungen erhuewe goufen.

Deen „Neie“ vun der ADR, Fred Keup, huet als „Mann vum Fach“ d‘Engagement vun de villen Enseignanten an déi exemplaresch Disziplin vun de Schüler ervirgehuewen, ass eigentlech mam Text u sech onzefridden, stëmmt deem awer zou, well et keng Alternative gëtt. Den David Wagner kann dësem Text och näischt ofgewannen, an huet resignéiert begréisst, datt elo rekrutéiert gëtt.

Eng Kloer Positioun – wann ee vum übleche Wischiwaschi säitens déi gréng an LSAP Ofstand hëlt – hat eigentlech gëschter nëmmen de Sven Clement vun de Piraten. Hie huet sech däitlech a mat de besseren Argumenter géint dem Claude Meisch säin Text opgestallt. Et geet ëm esou Essentielles wéi Formatioun, Virbereedung a Beruffung. Zudeem hätt d‘Regierung jo gewosst wat komme géif.

An, bezunn op d‘Schoul, dierft een nach net um Enn vum Chaos ukomm sinn. Jo de soziale Kontakt ass fir d‘Krapperte wichteg, an d‘Recht op léiere soll an dierf kengem Kand verwiert ginn. Digital geet villes mee net alles, emol ganz ofgesinn, datt et do jo déi „sozial“ Komplikatiounen huet, wéi „Geld an/oder Kompetenz“. Dem Sven Clement iwwert de Mond ze fueren ass keng gutt Strategie.

Illustratioun: Bleif dach einfach mam Aarsch doheem… ausser du muss an d‘Schoul oder op d‘Schaff, oder akafen, oder zu Mëtteg iessen, oder bei den Dokter, oder an den Test, oder hues soss eng valabel Excuse dech an anerer a Gefor ze bréngen. © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Regierung, Schoulgesetz, Staatsrot
Next post Previous post