Si hunn sech mam neie Covid19-Gesetz beschäftegt

Den 18. Dezember leeft dat aktuellt Covid19-Gesetz aus, firwat sech gëschter an der gemeinsamer Sëtzung vun de Gesondheets- a Sportskommissiounen iwwert dat neit Gesetz ënnerhale gouf. Dëse Gesetzprojet (parlamentareschen Dossier 7924 – 126 Säiten) enthält eppes „Ännerungen“ bezunn op déi sanitär Mesure bei Rassemblementer an aner interessant Saachen…

Am neie Gesetz huet et gewëssermoossen eng Verschäerfung vun de CovidCheck-Reegelen. Déi gi am ganzen Horesca-Secteur, vun der 3G-Reegel an d‘2G-Reegel ëmgemënzt. D‘2G-Reegel soll och fir Sport- a Kulturveranstaltunge gëllen. Wat de Sport betrëfft, esou soll fir Teenager (12 Joer + 2 Méint bis 19 Joer) d‘3G-Reegel bestoe bleiwen, Héichleeschtungssportler ginn dogéint als Salarié consideréiert an ënnerleien dem CovidCheck Regimm.

Bei de Versammlungen/Rassemblementer muss een de Gesondheetsdirektioun ee sougenannte „sanitäre Protokoll“ ënnerbreeden. Wann een no zéng Deeg keng Äntwert vun dëser Autoritéit erhalen huet, soll een dat als „Refus“ verstoen. Anescht ausgedréckt, nëmme wann eng korrekt Äntwert/Autorisatioun schrëftlech virläit, ass de Protokoll ugeholl. Et ass kee Recours virgesinn, woubäi d‘ Gesondheetsdirektioun kéint Korrekture virschloen.

Zu de Reegelen hei:

  • bei bis zu 10 Persounen huet et keng Aschränkungen;
  • vun 11 bis 50 Leit brauch et 2 Meter Ofstand an d‘Maskeflicht (dat kann duerch d‘2G-Reegel – CovidCheck ersat ginn);
  • vun 51 bis 200 Leit brauch et 2 Meter Ofstand, Sëtzplatzen an d‘Maskeflicht (dat kann duerch d‘2G-Reegel – CovidCheck ersat ginn)
  • vun 201 bis 2,000 Leit ass d‘2G-Regel CovidCheck virgeschriwwen;
  • ab 2.001 Leit muss der Gesondheetsdirektioun ee sanitäre Protokoll virgeluecht ginn. d‘Santé dierf dësen ignoréieren.

Kanner solle fir sech selwer entscheeden

Ganz interessant ass de Volet „Kanner“ am Gesetz. Bis déi groussjäreg sinn, gëllt eigentlech déi vun den Erzéiungsberechtegte getraffen Decisioun, respektiv d‘Zoustëmmung fir eng Impfung. Dat soll sech änneren. Elo geet et duer wann eng Persoun, déi déi elterlech Autoritéit huet, dat wëll. Dat fir all Kand tëscht 12 a 15 Joer, ausser et géif fir d‘Kand ee kontradiktoresche medezineschen Awand.

D‘Gültegkeet vun den Tester gëtt maximal reduzéiert: de PCR-Test ass nach just 24 Stonne gülteg dee sougenannten TAAN-Test geet vun 72 op 48 Stonnen erof. Dat mécht medezinesch elo net de gréisste Sënn, dës Moossnam huet eenzeg an eleng den Zweck, den ugebuedene „Choix“ vun der Regierung ze promouvéieren. Et ka sinn, datt d‘Gültegkeet vum Test ausleeft, iert d‘Resultat virläit.

Vill Vertraue fir eng resilient Wirtschaft

Virgesinn ass elo och, datt all déi Persoune wou de CovidCheck virhuelen a gewësser Mooss och Police-Aufgaben iwwerhuelen dierfen, gemengt ass d‘Kontroll vun der Identitéit. Dat mécht Sënn, woubäi net gewosst ass wien d‘Kontroll iwwerwaacht. Op der Schaff gëtt de CovidCheck zur Flicht an d‘Patronen dierfen ab dem 15 Januar Lëschten uleeën, an deenen den Impfstatut enthalen ass.

Dat soll net ouni Accord vum Salarié méiglech sinn an huet, esou d‘Argument, just zum Zweck, déi ganz Kontroll ze vereinfachen. Et heescht weider, datt déi Lëschte mam Auslafe vum neie Gesetz (28. Februar) mussen zerstéiert ginn. Eng Kontroll ass net virgesinn, dat maachen d‘Patronen, wéi bei villen anere „Recommandatiounen“ natierlech wéi gewinnt fräiwëlleg an a vollster Transparenz.

Méi Kontrollen och am Gesondheetssecteur

Wat d‘Reegelung vum Zougank zu Gesondheetsariichtunge (Spidol, Fleegeheem, Altersheem, asw) ugeet esou muss sech hei all Mënsch ouni Ausnam enger duebeler Kontroll ënnerwerfen. Et kéint jo emol virkommen, datt Mënsche mat engem kompletten Impfschema awer „Positiv“ sinn. Et muss een also net nëmmen d‘3G-Reegel anhalen, mee sech op der Plaz engem Schnelltest ënnerzéien. Et ass hei net wichteg, op dës Tester gutt oder schlecht funktionéieren, et ass eng Virsiichtsmoossnam.

Et soll eng konstruktiv Sëtzung gewiescht sinn, bei där et eenzeg ëm d‘Wuel vun alle gaangen ass, ouni engem wëllen eppes opzezwéngen, an awer d‘Wirtschaftsleeschtung ze schützen. Op och an dëser Sëtzung iwwert déi 19 Dausend Dosissen Impfstoff geschwat ginn ass, déi den 1. Dezember zerstéiert goufen, well se „ofgelaf“ waren? Eigentlech egal, et war dach just den AstraZeneca…

Dernières nouvelles