Search

You may also like

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun
Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

Um Mëttwoch hunn d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an de

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem
Neiegkeeten

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem

En amerikanesche Riichter huet um Méindeg eng Sammelklo (Class Action)

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Februar 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Februar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Covid19-Gesetzer a Mesuren: Eng Tracing-App gëtt net méi ausgeschloss

Covid19-Gesetzer a Mesuren: Eng Tracing-App gëtt net méi ausgeschloss

Well d‘Urgence et gefuerdert huet – a sécherlech och fir der Gesondheetsministesch bäizestoen – huet de Premierminister Xavier Bettel den EU-Finanzsommet fir ee puer Stonnen ausgesat an huet um Sonndegowend de Regierungsrot presidéiert. Dëse war zesummegeruff ginn, fir drénglech benéidegt Moossnamen unzehuelen, dat well emol ze vill Leit dat mam Covid19 net verstinn.

D‘Journalisten hunn sech net iwwer Mooss behënnert, déi meescht wäerten sech d‘Pressekonferenz am Livestream ugekuckt hunn. Mee op doheem oder op der Plaz selwer, et war eppes Gedold erfuerderlech, iert eis de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch da kuerz no 22 Auer iwwert déi nei Covid19-Mesure opgekläert hunn. Et wäert wuel eppes méi restriktiv musse ginn.

Wa mir d‘Situatioun nach eenegermoossen am Grëff hunn, esou bereeden déi nei Zuelen elo der Regierung awer eppes Kappzerbrieches. Fir enger zweeter Well – déi jee no „Expert“ schonn do, oder um kommen ass – virzebeugen, ass et leider noutwenneg eng Rei „Fräiheeten“ nees ze beschneiden. D‘Ursaach dierft alle bekannt sinn: de Beholl entsprécht net de Recommandatiounen.

Zu de wichtegsten „Amendementer“ gehéiert sécherlech, datt een elo nëmmen nach bis zu 10 Gäscht bei sech doheem empfänken däerf, an dat gëllt och fir den heemesche Gaart. D‘Leit déi op Besuch komme sollen sech dann och sëtzen, oder am Stoen hir Mask undoen. Och den Ofstand, esou wéi recommandéiert, muss am Privatberäich strikt agehale ginn. Esou gëtt de Risk miniméiert.

Och bei de Rassemblementer am ëffentleche Raum, dierf d‘Zuel vun de Participanten 10 Leit net iwwerschreiden. Wien sech partout net wëll un dës Uweisung halen, sollt bereet sinn 145 Euro fir de Verstouss ze berappen. Am Horesca-Secteur gëtt d‘Schrauf och eppes ugezunn, wat ugesiichts dem Beholl vun enger Minoritéit wuel schued, leider awer net méi anescht ze reegelen ass.

Wann de Client elo also och mat enger Amende ka belaangt ginn, esou ass et awer och weiderhin de Wiert deen déi gréisste Laascht ze droen huet. Hei kann de Protokoll vu 4.000 op bis zu 8.000 Euro ugehuewe ginn, a sollt et zur Widderhuelung kommen, dreet och nach eng administrativ Fermeture vu bis zu dräi Méint. Wat dat fir vill Betriber géif bedeiten, muss ee sécherlech net wieder erklären.

Wann et net mat Vernonft geet

Fir den Duo Bettel/Lenert ass et imminent wichteg, datt sech d‘Leit un d‘Reegelen halen, an hiert Verhalen endlech der Situatioun upassen. Dofir sollen d‘Kontrollen an de Betriber verstäerkt ginn. An deenen Entreprise wou d‘Moossnamen net agehale ginn, dreet Ongemaach. Net nëmmen datt si keng Hëllefe méi ufroe kënnen, et wier esouguer méiglech datt si erhalener mussen zréckginn.

Och déi „ganz gescheit“ Gesellen, déi dat mat der Quarantaine net wëlle verstoen, sollten elo uecht doen. Laut der Ministesch halen sech ronn 10% vun de‘Leit, déi den Uerder kritt hunn sech fir eng gewëssen Zäit vun aneren ze isoléieren, géifen awer monter duerch d‘Géigend jauwen. Hei kann ee leider keen A zoudrécken, firwat et zu Sanktioune komme muss. Et ass schliisslech kee Spaass.

Mesuren

Et wier egoistesch sech net un Reegelen ze halen, esou de Xavier Bettel deen nach emol drop hiweist, datt hei näischt onméigleches vun de Leit gefuerdert gëtt, an datt jidderee säint derzou muss bäidroen, fir datt sech de Covid19-Virus net weider verbreet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat den analogen Tracing betrëfft, un deem d‘Regierung nach ëmmer festhält, esou wier de Service wuel zolidd ënner Drock, mee bis heihinner huet een alles am Grëff. Zudeem gëtt stänneg weider rekrutéiert an och aus anere Verwaltunge kann ee Leit bäihuelen. Natierlech kann dëse Service net alles leeschten, firwat dann elo awer iwwert eng Applikatioun muss nogeduecht ginn.

An dësem Kontext géif et e gudden Drot zum Robert-Koch-Institut, mee de Premier insistéiert nach emol, datt sollt et zum Asaz vun enger Tracing-App kommen, datt nëmme kann als komplementar Mesure betruecht ginn. Et ass jo gewosst, datt hien, wéi och d‘Paulette Lenert, éischter wéineg vun dem digitalen Tracing halen. Zudeem gouf et zu dësem Thema eng entspriechend Motioun.

Mesuren

Restriktiounen anzeféieren ass kee Choix, mee eng Decisioun déi een ëmmer schwéieren Häerzens hëlt, heescht et säitens der Gesondheetsministesch. Wa gewosst ass, dat am Handel wéi och dem Horesca-Secteur d‘Mesure am grousse ganzen agehale ginn, esou ass dat am Privatberäich leider net de Fall. Dofir gëtt et nach eng Campagne an d‘Kontrolle gi verstäerkt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Als eng vun den Ursaachen, déi fir de schlechten Ëmgang mat de Reegelen a Recommandatiounen ausgemaach ginn ass, huet de Premier d‘Verständnis vun eben dëse genannt. Esou gouf dann och gëschter nees e groussen Appell un d‘Residente geriicht, sech dach endlech verantwortlech ze behuelen. Et soll hei eng weider Campagne ginn, an déi och d‘Associatiounen agebonne ginn.

Bedréckend: d‘Covid19-Gesetz dat leschten Donneschdeg an der Chamber gestëmmt gouf, muss elo amendéiert ginn. D‘Oppositioun, déi d‘Gesetz net matgestëmmt huet, wäert sech freeën, nees als lescht informéiert ze ginn. D‘Amendementer ginn der Chamber eréischt haut virgeluecht a musse folgerichteg nach an dëser Woch vum héijen Haus validéiert ginn. Dat dierft spannend ginn.

Éischt Reaktiounen

Wann een dovunner kann ausgoen, datt all d‘Parteien an hei ganz besonnesch d‘Oppositioun dës nei Mesuren, respektiv d‘Amendementer, wäert ze kommentéiere wëssen, esou waren et d‘Piraten, déi gëschter direkt nom Pressebriefing eng éischt Stellungnam zu den Aussoe vum Premierminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, gewot hunn. Esou heescht et säitens dem Deputéierte Sven Clement:

„No der Pressekonferenz vun der Regierung si mer sou schlau wéi virdrun. D’Universitéit zu Lëtzebuerg mécht extra eng Simulatioun vu Moossname fir d’Kris an de Grëff ze kréien an d’Regierung ignoréiert se. Wat mir elo brauchen ass net eng Plooschter op der Schosswonn mee en Urgentiste!

Mir brauche keng Police déi virun Hausdiere lauert wéi am schlechte Film fir Leit ze zielen, mee eng kloer a virun allem kohärent Kommunikatioun. Mir brauchen eng Strategie fir e Maximum u Positive Fäll ze fannen! Dat geet iwwert testen, testen an nach eemol testen.

Do dernieft musse mer déi puer Rowdyen aus dem Verkéier zeien déi sech u keng Spillregelen hale kennen oder wëllen! Jidderee vun eis ass gefrot seng Responsabilitéit ze huele fir datt mir alleguerten (gesond) a Fräiheet liewe kennen! Eis Fräiheet a Gesondheet ze liewen, eis eege Choixen ze treffen an och eis Fräiheet ze reesen dierfen net liichtfankeg geaffert ginn“.

A genee dat ass de sprangende Punkt: Et ass eng Minoritéit déi sech de Batti stellt a déi all déi aner mussen d‘Konsequenzen erdroen. Dobäi besteet hei och de Risk, datt wann een d‘Leit op emol zu Dausende misst ënner Quarantaine stellen, eis Wirtschaft op en Neits den Hick kritt, an dat hätt da ganz aner Konsequenzen. Mat Verstand a Vernonft awer muss et guer esouwäit kommen…

Illustratioun: © Hello I‘m Nik / unsplash

Related topics Amendememter, Chamber, Covid19-Gesetz, Paulette Lenert, Piraten, Regierungsrot, Sven Clement, Xavier Bettel
Next post Previous post