Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Cargolux besteet Sécherheets-Audit
Neiegkeeten

Cargolux besteet Sécherheets-Audit

Um Fluchhafen hunn se bei der Cargolux nees all Grond

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?
Neiegkeeten

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

Lëtzebuerg, esou d‘Etüd „Global Automotive Executive Survey 2019“ déi gëschter

geek
Den Star Wars Day, erkläert
Neiegkeeten

Den Star Wars Day, erkläert

Et ass de 4. Mee an iergendwéi ass iwwerall Star

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!

Zu Lëtzebuerg sollen déi groussflächeg Tester, fir de Covid-19 festzestellen, um 18. Mee ufänken. Ugefaange gëtt mat enger klenger Kapassitéit un Tester, déi sech bis zum Juni hin steigere wäert. An dësem Kader gi 17 Drive-In-Statiounen opgebaut.

Fir seng Dimensioun stellen déi groussflächeg Tester zu Lëtzebuerg een eenzegaartege Projet duer. Den immens kuerzen Zäitraum, stellt déi Responsabel allerdéngs viru logistesch an technesch Erausfuerderungen. Weltwäit gëtt Material benéidegt, wouduerch et zu Enkpäss kënnt.

D’Reagenzien an d’Tupfer, déi zu Lëtzebuerg genotzt solle ginn, ginn a China, respektiv den USA produzéiert. De Risiko besteet, datt politesch Decisiounen an de jeeweilege Länner een Exportstopp vum Material erzwéngen. Duerch d’Neiinfektiounen zu Wuhan huet ee beispillsweis den Entschloss gefaasst, all 11 Milliounen Awunner testen ze loossen, fir eng zweet Well ze verhënneren.

Ab dem 18. Mee wäert och bei eis am Land d’Bevëlkerung groussflächeg getest ginn. An der éischter Woch fänkt ee kleng un, bereet sech awer dorobber fir d’Kapassitéiten auszebauen an esou an der Woch vum 1. Juni déi ugestrieft Leeschtung bréngen ze kënnen.

Dofir ginn uechtert d’Land no an no 17 Drive-In-Statiounen opgemaach. D’Standuerter ginn an Zesummenaarbecht mat der Stroossebauverwaltung ausgewielt, fir déi bescht gëeegent Plaze fir d’Opnam vun den Tester ze sichen. Fir Mënschen ouni eegenen Auto gëtt aktuell an der Géigend vun der Gare gekuckt eng Statioun opzebauen.

An der kommender Woch ginn d’Bierger dann invitéiert, sech testen ze loossen. „Fir eng erfollegräich Lockerung vun de Moossnamen ass et entscheedend, déi asymptomatesch Virusdréier ze identifizéieren, fir datt d’Infektiounsketten ënnerbrach ka ginn“, sou de Professer Ulf Nehrbass, Spriecher vum Covid-19 Task Force vu Research Luxembourg.

„Dat ka just duerch grouss ugeluecht Tester erreecht ginn. Dat bedeit, datt d’Zil vum gesamte Projet net nëmmen dodra besteet, enger Persoun ze soen, ob si positiv ass oder net, mee an éischter Linn doran, déi Persounen ze fannen, déi de Virus a sech droen, mee keng Symptomer hunn. Dëst ass ee wichtege Schrëtt zur Verhënnerung vun enger zweeter Well, ouni datt et zu engem weidere Lockdown kënnt.“

Soubal d’Detailer all gekläert sinn, komme weider Informatioune vu Research Luxembourg no.

groussflächeg Tester

Opmaacherbild: © United Nations Covid-19 / Unsplash

Ähnlech Sujeten Asymptomatesch Persoune, Covid-19, Drive-In, Gesondheet, Groussflächeg Tester, Infektioun, PCR-Tester, Research Luxembourg, Ulf Nehrbass, Wuahn, Zweet Well
Nächsten Artikel Virrechten Artikel