ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News
Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an
Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an
De Bau vun enger vun der griichescher Molkerei-Grupp FAGE zu
Hutt Dir wärend dem Confinement Neies an der Kichen ausprobéiert,
Well sech den US-President Donald Trump och weiderhi weigert dee vum Kongress beschlossene Covid19-Hëllefspak ze ënnerschreiwen, riskéiere Milliounen Amerikaner hir Chômageindemnitéit ze verléieren. De Millionär huet nawell eng besonnesch Approche zu „Make America Great Again“.
Ouni dem gréissten a beschte President an der Geschicht vun den USA seng Ënnerschrëft wäerten haut eng 14 Milliounen Amerikaner hiren Usproch op eng Chômageindemnitéit verléieren. Wärend Méint gouf sech am US-Kongress iwwert Detailer an Eenzelheeten zur Finanzhëllef am Kontext vun der Coronaviruskris gestridden. Elo wou ee Konsens fonnt gouf, ass nees alles a Fro gestallt.
Dobäi hat et aus dem Wäissen Haus „Signaler“ fir eng Zoustëmmung ginn. Elo huet den Donald Trump iwwerraschend seng Ënnerschrëft verweigert. Den „Entworf“, mat deem den Hëllefspak méiglech ka gemaach ginn, läit aktuell am Trump-Ressort vu Mar-a-Lago (Florida), mee gëschter huet de 45. US-President sech ëm wesentlech méi wichteg Problemer këmmere missen: hien hat eng Partie Golf op senger Dagesuerdnung, an et kann ee Prioritéiten net einfach esou iwwergoen.
Bei dësem Covid19-Hëllefspak vun 900 Milliarden US-Dollar, handelt et sech nëmmen ëm een Deel vum insgesamt 2,3 Billiounen US-Dollar ëmfaassende Gesetz. 1,4 Billiounen US-Dollar si virgesi fir déi regulär staatlech Ausgaben ze decken. Och dës Zomm kann net ugepaakt ginn, well och dofir bréicht dem Chef säi Krop. Dofir maachen ab en Dënschdeg Administratiounen zou.
Illustratioun: © Macau Photo Agency / unsplash