Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen
Neiegkeeten

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen

Bei der grenziwwerschreidender Kooperatioun QuattroPole si ganzer 54 Kandidature fir

US-President mat neier Provokatioun
Neiegkeeten

US-President mat neier Provokatioun

Mat der Fuerderung vum Donald Trump, déi europäesch Länner hätte

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521
Neiegkeeten

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521

Déi geplangt Familljevirstellung „Mama Muh und die Krähe“ vum Sonndeg de

Covid19: D‘Horesca maximal alarméiert

Covid19: D‘Horesca maximal alarméiert

Nodeems de Premierminister schonn e Freidegmueren eng Sëtzung vum Regierungsrot annoncéiert hat, an da gëschter Owend bestätegt ginn ass, datt et nach haut zu enger Drénglechkeetssëtzung vun der Regierung kënnt, ass de Beruffsverband vun de Cafetieren a Restaurateuren zolidd beonrouegt.

De Xavier Bettel huet jo däitlech gemaach, datt et no enger Concertatioun mat den Experten an der begleedender Sëtzung vum Regierungsrot, kéint zu enger Verschäerfung vun de scho bestoende Moossname kommen. Schold um ganzen ass déi besuergnesereegend Zounam vun de Covid19-Neiinfektiounen. D‘Horesca behält natierlech och d‘Entwécklung an de Nopeschlänner am A.

Esou hunn d‘Belsch de gesamten Horesca-Secteur op en neits fir véier Wochen an de Lockdown gesat, bei de Fransouse gëtt et eng Spärstonn a weider drastesch Mesuren an der Gastronomie, an och déi aner Säit der Musel, ass de Beräich Gastronomie am Zentrum vun de Mesuren. Woubäi Däitschland jee no Regioun ënnerschiddlech an deels inkoherent agéiert. Dat ass net Hëllefräich.

Am Communiqué vun der Horesca heescht et, datt een en onmëssverständlechen Appell un déi vill Membere geriicht hätt, déi sanitär Reegele strikt (à la Lettre) anzehale fir eng zweet Schléissung ze verhënneren. Et wier elo egal, op et zu enger kompletter oder nëmme partieller Fermeture komme kann, well déi wier fir ganz vill Entreprise finanziell net méi duerchzestoen. Et ass een alarméiert.

Bei der Horesca ass d‘Suerg zudeem och aus deem Grond grouss, well et nach ëmmer därer gëtt, déi mengen d‘Reegelen no eegener Appreciatioun auszeleeën. Déi géifen der grousser Majoritéit, déi sech de Moossnamen am vollem Ëmfang ugeholl hunn, maximale Schued maachen. Mee och d‘Cliente sinn opgeruff, wa schonn net aus Iwwerzeegung, sech aus Solidaritéit un d‘Reegelen ze halen.

Illustratioun: © Dan Burton / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Gesondheetsministesch, HORESCA, Neiinfektiounen, Paulette Lenert, Premierminister, Regierungsrot, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel