Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Solidaritéit!
International Neiegkeeten

Solidaritéit!

Virum Hannergrond vum Protestpiquet géint d‘Luxair-Spuermoossname virum „Héichhaus“ op der

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

Lëtzebuerger Ausseminister am Clinch mat de Noperen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister am Clinch mat de Noperen

Fir den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP), deen sech via Livestream

Covid19: De Wettlaf ëm en Impfstoff

Den US-President wëll den Impfstoff nach virun de Wahlen an d‘Russen testen hiren u 40.000 Fräiwëllegen

Covid19: De Wettlaf ëm en Impfstoff

Um Freidegnomëtteg, den US-President Donald Trump huet de serbesche President Aleksandar Vucic an de Premierminister vum Kosovo, Avdullah Hoti op Besuch. En Treffe bei deem et ëm d‘Verbesserung vun de Bezéiunge gaangen. An der Pressekonferenz huet ee Journalist dunn dem Milliardär eng Bréck zu sengem Liiblingsthema gebaut: En Impfstoff géint de Covid19.

Den US-President huet de Ball a Fluch opgefaangen an ugekënnegt, datt hie gleeft, datt et net méi laang géif daueren, bis d‘Impfstoffer géifen annoncéiert ginn. Hien hätt sech mat de Cheffe vun de Pharmakonzerner Pfizer, Johnson&Johnson a Moderna ënnerhalen a géif am permanente Kontakt mat dëse stoen. Allen 3 hätten ee Produit an der „entscheedender“ Phas vun de klinesche Studien.

Um Owend ass den Donald Trump dann eppes méi konkret ginn. Et wier méiglech, datt d‘USA schonn am Oktober iwwert en Impfstoff verfüge kéinten… Den US-President mécht Drock an den Zenter fir Krankheetskontroll CDC stäipt dem Milliardär seng Ambitiounen. Esou huet d‘CDC an dëser Woch d‘Gesondheetsautoritéiten am ganze Land opgefuerdert, dréngend Pläng auszeschaffe fir eng Verdeelung vum Impfstoff ze erméiglechen, an dat dann och bis zu, 1. Oktober.

Op et tatsächlech méiglech ka sinn, datt d‘USA schonn an engem Mount en Impfstoff u seng Bierger ka verdeelen? De fiederféierende Virolog an der Covid19-Task-Force, Anthony Fauci, schéngt do net esou zouversiichtlech: „Et ass onwahrscheinlech mee net onméiglech. Et sollt een awer éischter vun November oder Dezember ausgoen“. Eng wierklech Ausso ass dat elo net.

Et muss een esou eppes dann och an de Kontext vun de Presidentschaftswahle setzen. Esou ass dem Donald Trump duerchaus zouzetrauen, datt hie vun der FDA eng Noutzouloossung fir den Impfstoff erzwénge wëll, an dat nach iert d‘Etüden ofgeschloss sinn. Dat ass eppes Beonrouegend, wann ee sech dem US-President seng Aussoe vum Fréijoer an Erënnerung rifft. Sengerzäit hat de „Chef“ senge Landsleit d‘Medikament Hydroxychloroquin als Mëttel géint de Covid19 ugeroden.

ImpfstoffAus engem Sondage geet dann och ervir, datt ronn 80% vun der Bevëlkerung der Usiicht sinn, datt d‘Wahle bei der Zouloossung vun engem Impfstoff enger gréisser Roll wéi déi sanitär Sécherheet spillen. Et dierf een dovunner ausgoen, datt d‘Pharmakonzerner dat Spill net matmaachen a si eng Zouloossung nëmmen dann ufroen, wann si vun der Sécherheet a Wierksamkeet iwwerzeegt sinn.

D‘Russen hunn een Tram Avance

Et geet dem US-President awer och elo net nëmmen ëm d‘Wahlen. Hie wëll virun de Russe fäerdeg ginn, déi um haitege Samschdeg ronn 40.000 Fräiwëlleger den Impfstoff „Sputnik V“ gesprëtzt kréien. Mee dem Zar säi Vollek schéngt der Saach net ze trauen. Déi meescht Russe kënnen, esou wéi och international renomméiert Fuerscher, net gleewen datt esou eppes banne 6 Méint geet.

Woubäi de Sputnik V an wéinege Méint d‘Testphasen I an II Duerchlaf huet. Un dëse Phasen hu 76 Testpersounen deel geholl. D‘Phas III soll elo nogeholl ginn. No engem Opruff hunn sech direkt eng 5.000 Leit ugemellt fir un dëser drëtter a leschter Phas deelhuelen ze kënnen. Fir de Moskauer Buergermeeschter Sergej Sobjanin, war et wichteg dem Opruff ee gutt Beispill ze sinn. Hien huet sech dann och schon impfe gelooss. „ Wier soss schwiereg fir en Impfstoff ze promouvéieren“.

Woubäi de Sergej Sobjanin ass net deen eenzege Prominenten dee mam „gudde Beispill“ virgeet. Och dem Vladimir Putin seng Duechter huet sech den Impfstoff scho spëtze gelooss Och aner wichteg Politiker hu sech viru lafender Kamera eng Injektioun vergënnt, esou beispillsweis de russesche Verdeedegungsminister Sergej Schoigu. Zudeem gëtt hei net gehetzt…

Esou sollen d‘Impfkandidaten, déi dëst Medikament haut injizéiert kréien, déi nächst sechs Méint medezinesch ënnert medezinescher Beobachtung stoen. Wärend dës drëtt Testphas leeft sollt et no de Pläng aus dem Kreml, schonn Enn vum Joer déi éischt landeswäit Massenimmuniséierung lancéiert ginn. Dat virrangeg beim medezinesche Personal a bei den Enseignanten. Zum Zwang soll et elo och net kommen, eng Participatioun ass esou och nëmmen op fräiwëlleger Basis méiglech.

mat indymedia/was/mow

Ähnlech Sujeten CDC, Covid19, Donald Trump, Russland, Sputnik-V, USA, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel