Search

You may also like

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss
Meenung Neiegkeeten

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss

Am Kontext vum Emmanuel Macron senger ëmstriddener Rentereform, huet et

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!
Meenung Neiegkeeten

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!

Um 5. Abrëll 2019 huet den Transportminister François Bausch, a

Den Trump: vum Saulus zum Paulus
Meenung Neiegkeeten

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

Editorial: Impfen… ausser Rand a Verstand

Editorial: Impfen… ausser Rand a Verstand

„Et gëtt ee Covid19-Impfstoff fir Chrëschtdag“ esou ee vun de mat Ofstand dommsten a wuel och geféierlechste Sätz aus de leschte Wochen. Richteg, d‘Pharmaindustrie ass gutt ënnerwee an et huet villverspriechend Produkter: Pfizer/Biontech (90%), Sputnik V (92%) an elo Moderna (94%) ouni déi chinesesch Vaccine vergiessen ze wëllen. A statt datt d‘Leit sech freeën, beschwéieren déi sech.

Joerzéngtelaang huet et sech esou verhalen, datt d‘Impfstoffer, bis se dann zougelooss an op de Maart hunn dierfe bruecht ginn, vill a laang hu missen erprouft ginn. Zudeem war et kloer, wéi gehaft muss ginn, wann eng dernieft geet. Dank dem Covid19 ginn d‘Parameter ganz nei definéiert, et gëtt quasi eng zäitlech Ofkierzung agefouert an d‘Verantwortung un d‘Mënsche weidergereecht.

Woubäi déi net wierklech gewëllt sinn sech dës Verantwortung opzwéngen ze loossen, firwat et – zumindest an der Europäescher Unioun – och gehéierlech Widderstand gëtt. Laut de bekannten Zuelen, si maximal 25% vun den EU-Bierger bereet sech impfen ze loossen, gutt d‘Hallschent wëll emol ofwaarde wéi „déi aner“ d‘Impfung verdroen an dat lescht véierel ass och net iwwerzeegt.

Et soll net zu enger Impfflicht kommen, zumindest wëll datt de Bettel net fir Lëtzebuerg. Méiglech ass et awer, dës Impfflicht duerch d‘Hannerdier anzeféieren. Esou kéint ee beispillsweis d‘Arees an ee Land vun enger Impfung ofhängeg maachen. Dat gëtt et schonns, wann och nach net an der EU. A gewësse Wirtschaftsberäicher, bei Déngschtleeschtunge kéint d‘Impfung och erfuerderlech ginn.

An da geet et ëm Milliarden. Dausende Player hunn op de Bourse vun der Welt héich wetten op Impfstoffer ofgeschloss. Nach esou ee Facteur dee bei ville Mënschen „Alarm“ ausléist. Datt, esou wéi et de Kinnek vu Marokko mécht, eng op Werbung spezialiséiert Firma muss Propaganda fir de Vaccin maachen, ass net hëllefräich. Reklamm ass leider seelen éierlech, Propaganda jo guer net.

Dann ass elo och gewosst, datt sech de Vaccin net éiweg hält, also wann dëse bis zu Verfügung steet a geliwwert ginn ass, och zügeg „ënnert d‘haut“ goe muss, wat nees viraussetzt, datt d‘Leit bereet sinn sech dësen afléissen ze loossen. Kee Land op der Welt well, wann den Impfstoff a senge Lager ukomm ass, drop sëtze bleiwen a méiglecherweis Milliounen Euro an de Sand setzen.

Et dierft also scho kloer sinn, datt: entweder loosse mir eis iwwerzeegen, datt deen Impfstoff deen d‘Land engem zur Verfügung stellt hëlleft (et brauch mindestens en Taux vun 80% vu geimpfte fir roueg ze sinn) oder d‘Regierunge gesinn sech genéidegt eng Impfflicht anzeféieren. De Laboratoire kann et egal sinn, op gesprëtzt oder vernicht, si wäerte schonn zu hirem kommen. Oder?

Illustratioun: © Daniel Schludi / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Pandemie, Haftungsausschloss, Impfflicht, Mësstrauen
Next post Previous post