Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bass du prett, fir däi Lëtzebuergesch ze testen?
International Neiegkeeten

Bass du prett, fir däi Lëtzebuergesch ze testen?

Ëmmer erëm stousse mer beim schreiwen op komplizéiert Wierder. Weess

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken
International Neiegkeeten

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken

Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
International Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

Spendemarathon fir ee Covid19-Impfstoff

Spendemarathon fir ee Covid19-Impfstoff

Ouni Impfstoff keen Enn vun der Covid19-Pandemie“, esou EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi d‘Kräfte vereene wëll fir d‘Entwécklung vun Impfstoffer, Medikamenter mee och Tester weltwäit virunzedreiwen. D‘Geld dofir soll iwwert eng Spendenaktioun gesammelt ginn.

Zu Bréissel wëll een näischt onversicht loosse fir d‘Welt am Kampf géint de Coronavirus Covid19 zesummenzeféieren. Dofir wëll déi europäesch Unioun all d‘Acteuren: Länner, Verwaltungen, Institutiounen, international Organisatiounen, Zivilgesellschaft a Financiere vernetzen. „Gemeinsam wäerte mir Geschicht schreiwen an eng global Äntwert op d‘Pandemie fannen“, esou d‘Cheffin.

De Kader fir dës Aktioun huet d‘EU-Kommissioun bannent e puer Wochen opgestallt. Ënnerstëtzt gëtt dat ganzt vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) a gemengnëtzegen Organisatiounen. Zu dëse gehéieren d‘Bill a Melinda Gates Stëftung oder de Wellcome Trust. D‘Zil vun der Aktioun: d‘Fuerschung zesummeféieren an dofir suergen datt koordinéiert un engem Strang gezu gëtt.

Ouni Geld geet dat natierlech net. Laut „onofhängege“ Gesondheetsexperten, brauch en Fong, dee mat mindestens 7,5 Milliarden Euro muss dotéiert sinn, fir dësen éiergäizege Projet ze lancéieren. Déi däitsch Bundeskanzlerin, déi als eng vun de Co-Virsëtzende mat um Start ass huet schonn emol verséchert, datt sech Däitschland net wäert lompe loossen, an ee ganze Batz Geld bäisteiere wäert.

Dofir brauch et Vertrauen

Laut dem Angela Merkel, géif all Euro primär un international unerkannt Organisatioune fléissen. Dozou gehéieren d‘Impfstoff-Allianz Gavi an de Global Fund. Déi sollten esou séier wéi méiglech hir Aarbecht ophuelen, well et presséiert an déi „nächst Erausfuerderung“ drängt sech schonn op. An do kënnt d‘Online-Finanzéierungskonferenz vun der EU zum droen, déi haut stattfënnt.

Firwat dee ganzen Opwand? De Gedanken deen hannert dëser – op den éischte Bléck – vernënfteg Operatioun, berout op der Iddi, datt esou en Impfstoff net nëmme soll séier hiergestallt ginn, mee och muss weltwäit verfügbar gemaach ginn an dat zu engem méiglechst erschwéngleche Präis. Den Impfstoff soll en „ëffentleche Besëtz“ sinn. Wéi dat ze realiséieren ass, gouf (nach) net erkläert.

Dat setzt Vertraue viraus, an do kéint schonn enk ginn, nach iert et lass geet. Zanter gewosst ass, datt déi onséileg Investmentfirma Black Rock, och vum Ursula von der Leyen mat an d‘Boot geholl ginn ass, an ugesiichts de ville Rumeure ronderëm d‘Bill a Melinda Gates Stëftung, dierft dat vill Iwwerzeegungsaarbecht viraussetzen. An dann ass do jo och nach den Donald Trump…

US-Pharmaindustrie kuerz virum Duerchbroch

Bei enger „Veranstaltung“ vu Fox-News, huet den US-President erkläert, datt en Impfstoff nach bis Enn vum Joer kann disponibel sinn. „Ech sinn zouversiichtlech, datt mir um Enn vum Joer en Impfstoff hunn. (…) D‘Doktere soen zwar ech soll dat net soen, mee ech soe wat ech denken“, esou den Donald Trump, dee schätzt dat eng Rei Entreprise ganz no dru sinn, en Impfstoff hinzekréien.

Woubäi, sollt en anert Land den Impfstoff virun den Amerikaner fannen, wier him dat och Recht. Hie wéilt eigentlech just e Mëttel kréien dat funktionéiert. E puer Tester si jo och schon ugelaf, an awer sinn sech Fuerschung a Wëssenschaft eens, datt d‘Entwécklung vun engem Impfstoff, bis dësen zur Uwennung ka kommen, mindestens 12 bis 18 Méint an Usproch hëlt.

D‘USA ass dat vun der Covid19-Pandemie am stäerkste betraffend Land, an als Krisemanager huet sech den Donald Trump kee ń Numm gemaach. Laut de leschten Zuelen, gëtt et an den USA aktuell 1.122.486 bestätegt Infektiounsfäll, dat sinn der 28.791 méi wéi um Virdag. Un de Folge vun der Krankheet si 65.735 Mënsche verstuerwen. An esou wéi sech behuele wäert et viru goen…

mat indymedia/bru/was

Illustratioun: © CDC / unsplash

Ähnlech Sujeten Bill & Melinda Gates Foundation, Black Rock, Coronavirus, Covid19, Donald Trump, EU-Kommissioun, Spendemarathon, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel