Search

You may also like

T’ass Dag vun den Doudegen!
Neiegkeeten

T’ass Dag vun den Doudegen!

Haut ass a Mexiko ee vun de wichtegste Feierdeeg: Den Dag

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens
Neiegkeeten

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens

Et war keng Iwwerraschung, wei Nintendo ugekënnegt huet, datt nom

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch
Neiegkeeten

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

Am Kontext vun der Mobilitéitswoch an dem Hype ronderëm Klimawandel

Covid19 Iwwersiicht

Covid19 Iwwersiicht

Et sinn ustrengend Zäiten, déi eis vun der sanitärer Kris operzwonge ginn. D‘Infektiounszuele sinn nach ëmmer héich – wann elo och „stabil“ – an och dëse Weekend huet d‘Land nees Covid19-Affer ze bekloen.

Bezunn op de Bilan, dee vun den Autoritéite virgeluecht gëtt, huet et nach ëmmer méi wéi 500 Neiinfektiounen den Dag. Iwwert de Weekend waren et der 1.130 a leider sinn och 12 Mënsche verstuerwen. Zanter dem Ufank vun der Pandemie huet Lëtzebuerg esou 312 Affer ze bekloen.

D‘Zuel vun de Covid19-Patienten an de Spideeler läit bei 203, dovunner 43 Persounen déi op der Intensivstatioun musse behandelt ginn. Iwwert de Weekend sinn 22.053 Persoune getest ginn. Alles an allem waren op de 26. November 33.409 Residente „positiv“.

Et gëtt dann och weider an der Groussregioun op Zesummenaarbecht gesat. Den Ament gesäit et wuel net esou aus, wéi wann d‘Fransousen oder d‘Belsch misste Patienten iwwerweisen, mee et heescht, datt een och op esou eng Eventualitéit virbereet ass. E Covid19-Spidol ass net virgesinn.

Illustratioun: © Elena Mozhvilo / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Tester, Gesondheetsministère, Intensivstatioun, Neiinfektiounen, Spideeler
Next post Previous post