Puerto Rico ass keen eegenen US-Staat. Dëse Video erkläert, firwat
Puerto Rico huet sech bis haut net vum Orkan Maria
Puerto Rico huet sech bis haut net vum Orkan Maria
Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir
Kann de Staat Alabama een zum Dout veruerteelte Mënsch hiriichten,
Zanter dem Méindeg, hu mir zu Lëtzebuerg all Dag am Schnëtt 586 Neiinfektiounen ze bekloen. Um Freidegowend goufe säitens de Gesondheetsdirektioun 778 Neiinfektioune bei 12.676 Tester gezielt. Dat entsprécht engem Infektiounstaux vu 6,14%. Et si weiderhin zwee Affer ze bekloen.
Den Infektiounsbilan vun dëser Woch läit bei 2.929 Kontaminatiounen. Am selwechten Zäitraum si siwe Persounen un de Folge vun der Infektiounskrankheet verstuerwen. Zanter dem Ufank vun der Covid19-Pandemie sinn esou op e Freideg 152 Mënschen un de Suitte vun der Covid19-Infektioun gestuerwen. Hospitaliséiert sinn zur Stonn 150 leit, dovunner 23 op der Intensivstatioun.
D‘Zuel vun den aktiven Infektioune bleift weider héich. 17.134 Mënschen hu sech zanter Ufank vun der sanitärer Kris mam Covid19-Virus infizéiert. Iwwer 10.000 hunn sech mëttlerweil vun dëser Krankheet erholl. Och bei den Tester komme mir zu Lëtzebuerg gutt virun. Um Freideg waren insgesamt 1.051.725 PCR-Tester am Land gemaach ginn. Schnelltester sollen och agesat ginn.
Illustratioun: © Medakit Ltd / unsplash