Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’CSV wëll endlech Kloerheet
Meenung Neiegkeeten

D’CSV wëll endlech Kloerheet

Droleg Entwécklung zu Biissen. E Buergermeeschter, dee bis viru kuerzem

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss
Meenung Neiegkeeten

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss

Der Konflikt tëscht den USA an dem Iran gëtt den

Mat oder ouni – Da léiwer OUNI!
Meenung Neiegkeeten

Mat oder ouni – Da léiwer OUNI!

Zënter haut de Moien gëtt et een neien Higucker zu

Opschlësselung vun de Covid19-Brennpunkten (Kommentar)

Wéinst enger Kaart déi de Gesondheetsministère an enger Äntwert op dem ADR-Deputéierte Jeff Engelen ugespéngelt hat gëtt et elo Diskussiounen – wann ee soss keng Problemer huet…

Opschlësselung vun de Covid19-Brennpunkten (Kommentar)

Um Donneschdeg gouf der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen eng Kaart mat de Covid19-Infektiounsfäll (Zäitraum 22. Juni bis 12. Juli) ugehaangen. D‘Kaart war u sech net geduecht fir „ëffentlech“ gemaach ze ginn, well d‘Regierung verhënnere wëll, datt et zur Stigmatiséierung vun den am schlëmmste betraffene Gemenge kënnt.

Mee wéi dat esou mat de Geheimnisser ass… iergendwann kommen se dann awer eraus, an et dierf ee roueg drop verweisen, datt den eigentleche Skandal an dësem presente Fall net d‘Kaart u sech ass, déi ass nämlech net aktuell a beschtefalls gutt fir kontrovers Gespréicher beim Patt oder dem Apero. Mee wéi dat bei eis esou Usus ass, et muss nees gejéimert a geknoutert ginn.

Wann een duerchaus dem Argument vum Gesondheetsministère dierf Rechnung droen, esou Kaarte fir den „Eegegebrauch“ zeréckzebehalen, well se zu abstrusen Interpretatioune ka verleeden, esou ass et net manner richteg, datt d‘Medien, wéi d‘Deputéiert ee berechtegten Usproch op dës – wann och sensibel – Informatioun hunn. Mee Kommunikatioun schéngt allgemeng e Problem ze sinn.

Et kann een elo driwwer streiden, op et fir de Bierger relevant ass ze wëssen, datt dës oder déi Gemeng ee Covid19-Hotspot ass, besonnesch wou déi grouss Majoritéit den Ament mat ganz anere Problemer beschäftegt ass: nähmlech mat de Widderspréchlechen Aussoen am Kontext vun den Tester. Et dierft jo alle bewosst sinn, datt do wou d‘Reegelen net agehale gi, méi Fäll optauchen.

Zudeem dierft et jidderengem ersiichtlech sinn, datt wann ee Gebitt méi dicht besidelt ass, do och méi Infektiounsfäll festgestallt ginn. Lëtzebuerg test méi wéi all seng Noperen zesummegeholl an huet folgerichteg och méi „Treffer“. Nach esou Feststellung déi net nei ass an eis eigentlech dann och ermahne sollt, dach déi Aluedung zum Test bereetwëlleg unzehuelen. Fir eis an déi aner…

De Virus zirkuléiert a mir si gutt beroden, eis esou gutt wéi méiglech dergéint ze schützen. Sech de Mond iwwert d‘Publikatioun vun enger längst net méi aktueller „Infektiounskaart“ ze zerrappen ass weder sënnvoll nach ubruecht. Eigentlech ass et just verlueren Zäit an dréit net zum bessere Versteesdemech bäi. Et ass wierklech net un der Zäit ee géint deen aneren auszespillen.

No vir blécken a sech zesummendoen, fir dëser Pandemie, déi eis nach laang wäert beschäftegen, gemeinsam ze begéinen, déi vulnerabel schützen andeems een déi grondsätzlech Reegelen anhält, fir esouwuel eise Gesondheetssystem wéi och d‘Wirtschaft ze schützen, dat ass et wat elo gefuerdert ass. Sech iwwert Detailer streiden an Informatiounen zréckzebehalen ass do de falsche Wee.

An dofir dann nach emol zur Erënnerung: am grousse Ganzen huet d‘Regierung déi Mesuren ergraff déi noutwenneg waren, firwat mir eenegermoosse gutt do stinn. Sécher och mir sinn net zefridde mat der Aart a Weis, wéi d‘Regierung mat eis – an deels och mat de Kolleegen – ëmgeet, firwat et gutt Grënn huet d‘Gestioun vun der Kris ze hannerfroen.

Mee och Kritik muss ee mat Verstand ausüben, a si sollt – egal wéi rosen een ass – ëmmer konstruktiv bleiwen. Alles anescht ass renge Populismus a schued der sozialer Kohäsioun. Dës Kéier huet d‘Regierung dank hirer grotteschlechter Kommunikatioun awer genee dat provozéiert. Esou lues sollt si sech a Fro stellen, an déi versprachen Transparenz och tatsächlech ëmsetzen.

Illustratioun: Eng Kaart déi et esou net dierft ginn, firwat si hire Wee dann och an d‘Ëffentlechkeet fonnt huet.

Ähnlech Sujeten Covid19, Geheimnis, Kaart, Kommunikatioun, Stigmatiséierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel