Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi
Nach ass et keng „Ausgangsspär“ am eigentleche Sënn, mee elo
Nach ass et keng „Ausgangsspär“ am eigentleche Sënn, mee elo
Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)
Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet elo matgedeelt hunn, enthalen
Eigentlech ass et traureg, datt d‘Police besonnesch am Horesca-Secteur esou haart muss agräifen. Schliisslech sollt jo mëttlerweil jidderengem bekannt sinn, datt d‘Covid19-Pandemie net eriwwer ass, d‘Zuele vun den Neiinfektiounen huele proportionell zur Onvernonft nees zou, an et soll kee mengen, datt d‘Poliziste begeeschtert sinn, de leit mussen op d‘Fanger ze klappen.
An der Woch vum 20. zum 26. Juli huet d‘Police iwwer 180 Kontrollen am Land gemaach. An dësem Kontext hunn d‘Beamten 23 Protokoller, respektiv Rapporte fir déi zoustänneg Autoritéite verfaasst. 20 dovunner betreffen Entreprisen aus dem Horesca-Secteur, an deenen sech net un déi virgeschriwwen Hygiènesregelen an/oder Ëffnungszäite gehale ginn ass.
D‘Brennpunkte waren hei Diddeleng, Déifferdeng, Esch-Uelzecht an d‘Stad Lëtzebuerg. Zur Erënnerung: esou Verstéiss kënne bis zu 8.000 Euro kaschten, eng administrativ Fermeture vu bis zu dräi Méint ass och nach dran. Et sollt ee mengen, datt d‘Zäiten et net zouloossen – besonnesch no engem Lockdown vu gutt dräi Méint – esou mam Geld ëmzegoen.
An zwee Fäll gouf et eng Geldstrof wéinst Verstouss géint d‘Maskeflicht, eng Persoun huet misse protokolléiert ginn, wëll si sech net konnt/wollt mat den Isolatiounsregelen halen. Dofir och hei nach emol den Hiwäis drop, datt e Verstouss géint d‘Maskeflicht 145 Euro kascht, wann ee sech misst an Isolatioun befannen, dat awer net mécht, kascht et bis zu 500 Euro.
Eigentlech ass dat alles schued. Déi allermeeschte Residenten zu Lëtzebuerg halen sech un déi, fir d‘Gesondheet vun alle Bierger wichteg Reegelen, an et kann een elo net soen, datt d‘Informatioun schlecht wier. All d‘Zeitungen, Radioen (an esouguer d‘Tëlee) gi sech es net midd, ëmmer nees iwwer d‘Reegelen ze beriichten. Et ass also net wierklech novollzéibar.
Dat heescht dann och, datt muss weider kontrolléiert a protokolléiert ginn. Um Mëttwoch huet et bei eis ee weidert Covid19-Affer ginn, an 157 nei Infektiounsfäll (dovunner 19 Frontalieren) si bannent de leschte 24 Stonnen ze notéieren. Dat heescht datt mir Aktuell 114 Doudesfäll, 59 Hospitalisatiounen (4 dovunner op der Intensivstatioun) hunn.
Illustratioun: © United Nations / unsplash