Search

You may also like

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!
International Neiegkeeten

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!

Säit 2001 organiséiert d’Lëtzebuerger Regierung all Joer d’Hëllefaktioun am Wanter,

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Produiten „Nature Bio Oeufs

dislike
Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul
International Neiegkeeten

Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul

Bei der Explosioun vun enger Autosbomm, déi an enger Ambulanz

D‘USA geréieren d‘Covid19-Kris besser wéi de Recht vun der Welt

D‘USA geréieren d‘Covid19-Kris besser wéi de Recht vun der Welt

Amerika, dat ass méi wéi eng Weltmuecht mat Atomwaffen an alles bestëmmende Konzerner. Hei gëtt et dee beschte Gesondheetssystem an déi beschte Medezinner vun der Welt. D‘Amerikaner hunn och de grousse Privileeg vun engem charismatesche President mat Häerz a Wäitsiicht duerch dës schwiereg Zäite geleet ze ginn. Dat hir Krisegestioun eppes Problemer huet, weisen awer d‘Zuelen.

Bannent de leschte Stonnen huet sech d‘Zuel vun den „Affer“ déi dem Covid19 erleeë sinn, einfach verduebelt. Um Mëttwochowend (Lokalzäit) huet d‘John-Hopkins Universitéit zu Baltimore iwwert den aktuelle Stand beriicht. Laut dären Zuele sinn 100.400 Mënsche gestuerwen a 1,7 Milliounen Amerikaner hu sech mam Coronavirus infizéiert. Si bleiwen déi onbestridden „Nummer 1“…

Kris

An de leschten Deeg hat et wuel eppes Hoffnung ginn, well d‘Zuele réckleefeg waren. Tëscht leschtem Freideg bis en Dënschdeg, sinn all Dag „nëmmen“ eng 700 Mënschen un de Folge vun der Infektioun gestuerwen, mee vun en Dënschdeg op e Mëttwoch hunn 1.401 Covid19-Patienten de Kampf géint de Virus verluer. Dat awer ass alles kee Grond fir elo Moossnamen ze ergräifen.

Woubäi Entscheedungen treffen d‘Bundesstaaten schonn. An der Majoritéit hunn si den Appell vum US-President héieren an sinn äifreg derbäi, esou wéi sech dat den Donald Trump gewënscht huet, d‘Moossnamen ze lackeren. D‘Entreprisen huelen hir Aktivitéiten nees op, an de Restaurant goe gehéiert nees zur Normalitéit. De Milliardär ass entspriechend begeeschtert a voller Luef.

Kris

Datt nach ëmmer Massegriewer ausgehuewe ginn, well vill Affer net „ofgeholl“ gi fënnt de President net an der Rei. Hien ënnerschreift dofir all Sarg perséinlech… (Montage) © Craig Adler

An esou sollen dann och déi eendeiteg Systemrelevant Spillcasinoen zu Las Vegas, scho Mëtt vun nächster Woch och nees – no zwee Méint Lockdown – de Glécksdauwen a Glécksritter hir Dieren opmaachen. De Gouverneur Steve Sisolak huet dat esou decidéiert an ermontert all Mënsch och vun dëser Offer gebrauch ze maachen. Ee gesondheetleche Risk géif net méi bestoen, alles fir „Safe“.

mat indymedia/nyc/lvg

Illustratioun: Iwwer 62.000 Medeziner an Infirmieren hunn sech an den USA mat Covid19 infizéiert. Dat déi offiziell vun der CDC bestätegt Zuelen. D‘Fleegepersonal wier nach ëmmer net ausräichend mam benéidegte Material ausstafféiert, esou de kuerze Statement zu dësen Zuelen. Deem awer widdersprécht den Donald Trump, dee jo alles an d‘Weeër geluecht huet, fir datt et kengem um Schutzausrëschtung ka feelen.

Related topics Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Krisegestioun, USA
Next post Previous post