Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!
Neiegkeeten

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!

All Joer fannen sech d’World Heart Federation an déi Lëtzebuergesch

Vu Rousen an Timberen
Neiegkeeten

Vu Rousen an Timberen

Dat war emol ee richteg flotte Weekend am Kulturzentrum „Prince

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken
Neiegkeeten

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

Wéi bewältegt d’Europäesch Union d’Covid19 Kris?

Webinar mam Jean Asselborn, Christophe Hansen a mam Danièle Weber

Wéi bewältegt d’Europäesch Union d’Covid19 Kris?

De Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament organiséiert eng Talkronn iwwert d’Reaktioun vun der Europäescher Unioun op déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris.

de Mëttwoch, 15 Abrëll 2020, vu 14.30 bis 15.45 Auer

Eis Invitéë fir sinn den Ausseminister Jean Asselborn, den Europadeputéierte Christophe Hansen sou wéi d’EU-Korrespondentin vum Radio 100,7 zu Bréissel, d’Danièle Weber.

Wéi ass d’Reaktioun vun der EU op déi gréisste Kris zënter dem 2. Weltkrich? Wéi geet et an den nächte Méint virun?

Dir kënnt dës Talkronn live op eisem (Facbook-Kont (@parlement.europeen.luxembourg) matverfollegen oder awer och direkt iwwer Zoom (https://zoom.us/webinar/register/WN_F7hw55LlTNK_obBWLvvu2w)

Loggt Iech an d’Gespréich an a diskutéiert mat! Mir freeën eis op Iech. Déi technesch Detailer an d’Reegele stinn hei drënner. Dir kënnt eis och elo schonn Är Froen am Viraus op epluxembourg@ep.europa.eu mam Objet ‘Zoom-Talk 1 eramailen . D’Talkronn ass op Lëtzebuergesch.

Wéi trieden ech enger Online-Talkronn bäi?

Eis Talkronn gëtt grondsätzlech op Facebook (https://fr-fr.facebook.com/parlement.europeen.luxembourg/) live iwwerdroen. De Grand public kann awer och iwwer Zoom drun Deel huelen. Dofir braucht Dir ‘Zoom Cloud Meetings’.

Mat enger Tablette oder engem Smartphone

  1. Dir installéiert d’App ‘Zoom Cloud Meetings’.
  2. Dir start d’App an dir klickt op „Rejoindre une réunion“, „Join a meeting“ oder „An einem Meeting teilnehmen“. Jee nodeems a wéi enger Sprooch Dir d’App installéiert hutt.
  3. Dir gitt den 9- bis 11-stellegen Zuelecode an (Meeting-ID): 735490107 oder kléckt op https://zoom.us/webinar/register/WN_F7hw55LlTNK_obBWLvvu2w
  4. Dir gitt Ären Numm an.
  5. Bravo! Dir huelt elo deel un der Talkronn.

Um PC/MAC

  1. Maacht Äre Browser op (Firefox, Safari, Edge, Chrome,…)
  2. Gitt folgend Adresse an https://zoom.us/join a gitt den Zuelecode an (Meeting-ID): 735490107
  3. Dir gitt Äre Numm an.
  4.  Bravo! Dir huelt elo deel un der Talkronn.

(Alternativ kënnt Dir Iech och ee Kont bei Zoom opmaachen, an da fir PC/MAC eng Software installéieren.)

Wëssenswäertes an allgemeng Regelen:

Wann Dir als Zuschauer un enger Talkronn deelhuelt, da kommt Dir fir d’éischt an eng „Salle d’attente“. Dir gitt an Talkronn eragelooss, wann eis Gäscht bereet si fir d’Diskussioun unzefänken. Bei den Invitéeën ass d’Webcam an den Toun ausgeschalt.

Dir kënnt Froe während der Diskussioun iwwert den Chat eraginn. Déi Optioun heescht och nach ‘Conversations’ am Zoom. De Moderator probéiert d’Froen an d’Diskussioun mat anzebannen oder kann och engem Zuschauer aus dem Grand public Erlabnes erdeele fir mat Bild an Toun bäigeschalt ze ginn. Dir kënnt eis och elo schonn Är Froen am Viraus op epluxembourg@ep.europa.eu mam Objet ‘Zoom-Talk 1 eramailen.

Matgedeelt vum Büro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg

Annexen:

Ähnlech Sujeten Büro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg, Christophe Hansen, Coronavirus, Covid19, Danièle Weber, Jean Asselborn, Online-Talkronn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel