Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser
International Neiegkeeten

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser

An hirem Rapport geet d‘Ombudsfra Claudia Monti net grad zäertlech

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit
International Neiegkeeten

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Den nationalkonservativen an homophoben Andrzej Duda huet bei enger Wahlbedeelegung

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz
International Neiegkeeten

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz

Am persesche Golf huet et bestänneg Schëffer déi illegal Ueleg

Covid19: Krisegestioun op brasilianesch

De faschistesche President vun der südamerikanescher Groussmuecht bleift sech trei

Covid19: Krisegestioun op brasilianesch

Fir de brasilianesche President Jair Bolsonaro ass de Coronavirus Covid19 och weiderhin nëmmen eng „liicht Gripp“ a wien him widdersprécht muss mat Konsequenze rechnen. Mëttlerweil geréit seng Krisegestioun eppes aus dem Rudder: bal 15.000 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen, ëmmer méi Urawunner déi un der Infektiounskrankheet stierwen a Massegriewer wou een hikuckt.

Dat d‘Zuel vun den Neiinfektiounen esou rapid zouhëlt, huet natierlech och domadder ze dinn, datt méi getest gëtt, woubäi een d‘Proportionalitéit net aus den Ae verléiere dierf. Geséchert ass dann elo awer, datt de Covid19 a Brasilien ëmmer méi ëm sech gräift. Nëmme bezunn op déi offiziell Zuelen, huet sech Brasilien op déi véiert Plaz ënnert den am schlëmmste betraffene Länner gestallt.

Covid19

An ëmmer méi Bundesstaaten gesäit ee Biller op deenen Aarbechter Massegriewer aushiewen. Och där gëtt et méi, wéi déi offiziell „Fallzuelen“ hierginn. Och esou eppes ass en Hiwäis fir eng héich Donkelziffer. © Prf. Lupa

Um Sonndeg huet de Gesondheetsministère 14.919 Neiinfektioune bannent 24 Stonne gemellt, wat heescht datt Brasilien elo „offiziell“ 241.080 Infektiounsfäll ze verzeechnen huet. Si hunn esou den Uschloss un d‘USA, Russland a Groussbritannien gepackt. Elo gëtt a Brasilien awer wäit manner getest wéi dat béi de „Leader“ de Fall ass, an d‘Donkelziffer dierft bis zu dräimol esou héich sinn.

Dat gëllt och fir d‘Stierffäll: offiziell si bis ewell zu Sao Paolo 4.688 Mënschen un de Folge vun der Virusinfektioun gestuerwen. Vun ee Samschdeg op e Sonndeg sinn am ganze Land offiziell 816 Leit um Covid19 verstuerwen, dat wieren dann am Ganze 16.118 Stierffäll. Et sinn och soss dausende Leit verstuerwen, déi net an déi „üblech“ Statistike passen, mee Doudeger ginn hei net getest.

De Gesondheetsminister werft d‘Handduch

Och un den Urawunner wëll de Jair Bolsonaro keng Tester verbëtzen. Déi awer sinn ëmmer méi bedreet a betraff. Laut der Vereenegung vun den indigene Vëlker „Apib“ huet sech de Virus mat engem erschreckenden Tempo an de Gebidder vun den Urawunner verbreet. Op mannst 38 dëser Vëlker si betraff; 440 Infektiounsfäll gëllen als bestätegt, 92 Stierffäll ginn dem Virus zougeuerdent.

Covid19

Esouguer aus Kolumbien, engem Land dat éischter frëndschaftlech Bezéiungen zu Brasilien fleegt, gëtt et mëttlerweil Kritik.

Dës indigen Vëlker, déi eigentlech éischter zréckgezu liewen, duerch ganz vill illegal Aktivitéiten (Ofholzung, Gold-Ofbau, asw…) awer ëmmer méi Kontakt mat der „Zivilisatioun“ hunn, gi stänneg vun ageschleefte Krankheete bedreet. Dem President, sinn se egal, si stéiere just an besonnesch seng Frënn aus Industrie a Wirtschaft, sinn se en Dar am A, well si d‘Expansioun behënneren.

Trotzdeem fänkt et och politesch un, fir den Diktaturnostalgiker eppes enk ze ginn. Virun engem Mount hat hien de Gesondheetsminister Luis Henrique Mandetta aus der Regierungsekipp gehäit. De Gouverneure vun de Bundesstaaten kann hien sech awer net esou einfach entleedegen, an déi stellen sech elo géint hien op. Si hu géint dem Jair Bolsonaro seng Uweisung Moossnamen ergraff.

Covid19

Och de neie Gesondheetsminister Nelson Teich, huet no 27 Deeg keng Loscht méi, nodeems de President soll gefuerdert hunn, dat géint d‘Malaria agesate Medikament Chloroquin groussflächeg anzesetzen. Fir de President, e politesche Réckschlag, an awer hält hien u senger Fuerderung fest, d‘Mesuren opzehiewen. Brasilien kéint sech esou eppes aus wirtschaftleche Grënn net leeschten.

mat indymedia/ccs

Foto: Dem Jair Bolsonaro seng Fans, dat geet vu Camionschaufferen iwwert Enseignante bis hin zu Beamten, stinn dem Donald Trump senge Fans an näischt no, ausser vläicht, datt si net mat Waffen an der Hand demonstréieren. Och hei gëtt géint den ieweschte Geriichtshaff, de Kongress an, dat huet sech elo op der Welt esou agebiergert, géint d‘Ligepress polemiséiert. © Luis Gustavo

Ähnlech Sujeten Ausgangsspären, Brasilien, Covid19, Indigen Vëlker, Jair Bolsonaro, Massegriewer, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel