Médecins du Monde: Fuerderunge brauchen en Debat
Um Mëttwoch huet Doktere vun der Welt (MdM) de Bilan
Um Mëttwoch huet Doktere vun der Welt (MdM) de Bilan
En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den
Déi Nationalkonservativ PiS-Partei läit no de Wahlen an de Prognose
Wéinst der Onrou, déi d‘Covid19-Mutatioune bei den Experten an verantwortleche Politiker a ganz Europa ausgeléist hunn, steet de Staatsminister Xavier Bettel dauerhaft ënner Drock. Well awer och soll versicht ginn, dësem Problem gemeinsam ze begéinen, also ee Konsens bei de Moossnamen ze hunn, brauch et de stännegen Austausch.
Zu Lëtzebuerg huet sech déi brittesch Variant B1.1.7. jo an der tëscht och gemellt. 12 Fäll si laut dem Ministère bekannt, an et ass jo gewosst, datt eis Noperen sech op eng verschäerfte Situatioun astellen. Bei eis huet et dogéint eppes Erliichterunge ginn, wat verständlecherweis bei eise Partner erstaunen ausgeléist huet. Et gëllt awer alles ze maachen, fir net nees an eng Situatioun ze geroden, wéi ee se aus dem Fréijoer, mat de Grenzschléissungen erfueren huet.
Fir esou eppes ze antizipéieren, ënnerhält de Premierminister Xavier Bettel ee stännege Kontakt mat senge belschen an däitschen Homologen. Wéi aus der Erklärung vum Staatsministère ze enthuelen ass, soll sech de Premier mam Angela Merkel an dem Alexander de Croo iwwert d‘Importenz vun den oppene Grenzen – dat esouwuel fir de fräie Wuereverkéier, wéi och d‘Reesfräiheet – ënnerhalen hunn. Besonnesch bezunn op d‘Grenzgänger, ee wichtege Punkt.
An dësem Kontext heescht et ze berécksiichtegen, datt wann ee vu senge Partner eppes verlaangt, een dësen och muss op anerer Säit eppes entgéint kommen. Wéi gesot et geet jo emol grondsätzlech drëms sech op gemeinsam Aktiounen ze verstännegen, oder sech zumindest ze concertéieren. Dat awer géif bedeiten, dat ugesiichts der Situatioun an den Nopeschlänner, datt een eventuell eppes méi Restriktioune (Spärstonn, Confinement, asw.) muss a kaf huelen.
Foto (Archiv): (v.l.n.r.) Bundeskanzlerin Angela Merkel, Premierminister Alexander de Croo, Staatsminister Xavier Bettel © European Union