Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CARITAS Lëtzebuerg lancéiert seng „Corona-Helpline“
Neiegkeeten

CARITAS Lëtzebuerg lancéiert seng „Corona-Helpline“

Déi kathoulesch ONG CARITAS Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt Mënschen, deenen

money
Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher
Neiegkeeten

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

Eigentlech leeft d‘Konzessioun vum Munnerefer Casino 2000 eréischt am Juni

CO²-Emissioune schonn nees esou héich wéi virun der Coronavirus-Kris
Neiegkeeten

CO²-Emissioune schonn nees esou héich wéi virun der Coronavirus-Kris

Laut dem leschte Bericht vun der „World Meteoroligical Organization“ (WMO),

Covid19: De Premierminister fänkt un onroueg ze ginn

Covid19: De Premierminister fänkt un onroueg ze ginn

Well et net nëmme bei eisen Noperen nees eng éischter dramatesch Reprise am Kontext vun de Covid19-Neiinfektioune gëtt, mee och bei eis am Land d‘Zuelen net méi zefriddestellend sinn, wäert een net derlaanscht kommen déi bestoend Mesuren ze iwwerpréiwen an noutfalls den Ëmstänn unzepassen.

Aus dësem Grond wëll sech de Premierminister Xavier Bettel, wuel a Concertatioun mat der Gesondheetsministesch, haut (Freideg) den Owend mat den „Experten“ zesummesetzen an eng Analys vun de neisten Zuele maachen. Dës Entrevue ass dann och wichteg, fir kënnen objektiv ze decidéieren, ob a falls jo, wéi eng weider Moossnamen, respektiv Restriktiounen sech aus dësen Erkenntnisser opzwéngen.

No dëser Entrevue mat den Experten, soll et dann iwwert de Weekend zu enger Concertatioun mat alle Regierungsmembere kommen. Géintiwwer dem Staatssender Bertelsmann/RTL huet de Premier gesot: „Et huet kee Wäert virschnell aus der Hëft ze schéissen. Mir mussen ons ëmmer bewosst sinn, datt all Decisioun Konsequenze mat sech bréngt“, esou de Xavier Bettel viru Mëtteg op der genannter Antenn.

Hien huet och nach emol drun erënnert, datt hien dës Woch schon emol drop higewisen huet, datt d‘Situatioun am Gesondheetssecteur bis heihinner gutt ausgesäit. Dat huet virun allem Domadder ze dinn, datt d‘Zuel vun den Hospitalisatiounen iwwersiichtlech an och just wéineg Patiente mussen op der Intensivstatioun behandelt ginn. D‘Situatioun ass – am Géigesaz zu Frankräich – bei eis am Land nach net alarmant.

De Premierminister behält sech awer vir – an dat mécht ugesiichts der scho genannter „Reprise“ vun den Infektioune Sënn – zäiteg anzegräifen, fir eng bedreelech Situatioun méiglechst ze evitéieren. An dësem Zesummenhang dierf nach emol un de Respekt vun de Gest Barrière appelléiert ginn. Och wann engem de Sproch „Mir sinn al Deel vun der Léisung“ mëttlerweil aus den Ouere kënnt.

Um Donneschdegowend huet den Infektiounstaux bei 34 pro 100.000 Awunner geleeën. Am Spidol ginn 53 Covid19-Patiente behandelt, dovunner dräi Intensiv. Säit Ufank vun der Pandemie huet eist Land 133 Covid19-Affer ze bekloen.

Illustratioun: © Tai‘s Captures / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Gesondheetsministesch, Neiinfektiounen, Paulette Lenert, Premierminister, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel