Search

You may also like

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse
International Neiegkeeten

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

Dem Trump seng Ëmstridden „Trauer-Tournée“
International Neiegkeeten

Dem Trump seng Ëmstridden „Trauer-Tournée“

No de Masseschéissereie vum leschte Weekend huet den US-President d‘Stied

Bei de Parlamentswahlen an Israel kënnt et net zur Iwwerraschung
International Neiegkeeten

Bei de Parlamentswahlen an Israel kënnt et net zur Iwwerraschung

Wéi mir eis gëschter Owend déi stattlech israelesch Tëlee gekuckt

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn

Kléngt no engem schlechte Witz, dobäi ass et eisen däitschen Nopere batter Eescht. Vun enger Infektioun mam neiaartege Coronavirus sinn d‘Déiere jo net ausgeschloss, an wann esou eppes sollt virkomme misst et zukünfteg gemellt ginn. Wat ass do do drun? Wéi soll dat goen?

Interessant ass, datt dës Mesure sech virun allem op Kaze fokusséiert. Hënn wieren éischter seele betraff, Gefligel quasi guer net. Dofir heescht elo: wann de Kueder schnaarcht, schlecht Loft kritt oder ëfters néitst, kéint dat en Unzeeche fir eng Infektioun mam Coronavirus Covid19 sinn. Et sollt een da säin Hausdéier teste loossen. Esou zumindest ass dee ganz eescht gemengte Plang.

Déiere

Marderaarte wéi de Wisel oder den Nerz schéngen als Wiert fir de Covid19 a Fro ze kommen. © Brent Jones / unsplash

Elo ass et allerdéngs esou, dat d‘Bundeslandwirtschaftsministesch Julia Klöckner (CDU) entscheet huet, datt Tester nëmme bei offensichtleche Symptomer mussen duerchgefouert ginn. Also beispillsweis, wann eng Kaz, déi an engem Menage lieft wou et en Infektiounsfall ginn huet, klinesch Symptomer weist, ass e Besuch beim Veterinär noutwenneg. Si huet och gesot, datt en net all d‘Déieren teste kann.

Ass een dann elo am Fall, datt d‘Hausdéier positiv op de Covid19 getest ginn ass, muss dat den zoustännegen Administratiounen (Veterinärsinspektioun) gemellt ginn. Den Hannergrond dozou ass, datt een déi „Fäll“ der Weltorganisatioun fir Déieregesondheet an der EU-Kommissioun melle wëll. Et heescht weider, datt dës Donnéeën dem Friedrich-Löffler Institut bei sengen Etüden hëllefen.

Studie fir ee bessert Verständnis vun der Iwwerdroung

Am Friedrich-Löffler Institut huet een ewell schonn erausfonnt, datt sech gewëssen Déieren, wéi verschidde Marderaarten an eben d‘Kazen ustieche kënnen. D‘Muppen, Mais an/oder Rate sinn hei kaum betraff. Déi gutt Nouvelle: laut dem Institut – bezunn op déi Erfarungen déi bis ewell konnte gemaach ginn – gëtt et keen Hiwäis drop, datt eng Iwwerdroung vun Déier op Mënsch stattfënnt.

Dat wëll awer net heeschen, datt eng Transmissioun vum Virus tëscht Mënsch an Déier scho kann ausgeschloss ginn. De Chef vum Institut, Thomas Mettenleiter, weist drop hin, datt an Holland de Covid19 a Pelzfarme bei Nerzer nogewise ginn ass. Hei liewe vill Déieren op enkstem Raum a stiechen sech géigesäiteg un. Ee „Sprong“ op de Mënsch léisst sech dann och net ausschléissen.

Déiere

Wann eng Transmissioun vun Déier zu Mënsch éischter ausgeschloss gëtt, esou gëtt et keng Erkenntnisser, zu enger méiglecher Iwwerdroung tëscht Hond a Kaz gëtt et nach keng ausräichend Fuerschungsresultater. © Tatiana Rodriguez / unsplash

Nogewise ginn ass de Covid19 och an den Ausscheedunge vu Kazen. D‘Institut ënnersicht op sech de Virus un de „Wiert“ upasst, wéi dat genetesch ausgesäit. Äntwerten op dës Froen, esou den Thomas Mettenleiter, kéinte bei der Behandlung vu Mënschen hëllefräich sinn. Geséchert schéngt, datt Schwäin an Hénger net betraff sinn. Elo sollen och Randbéischten ënnersicht ginn.

D‘Meldeflicht soll am Bundesrat Ufank Juli beschloss ginn, d‘Länner hunn d‘Veruerdnung schonn zougestallt kritt. Ass en Hausdéier infizéiert, muss et ënner Quarantaine gehale ginn. Dozou wier ee spezielle Käfeg noutwenneg, woubäi e geschlossene Raum – fir eben de Sécherheetsofstand kënnen ze leeschten – eng méiglech Alternativ ass. Op et och Intensivbetter fir Kaze soll ginn?

mat indymedia/fra

Illustratioun: © Glomad / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Déieren, Hausdéieren, Hénger, Kazen, Marder, Muppen
Next post Previous post