Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir eng nei Verfassung mat de Bierger
International Neiegkeeten

Fir eng nei Verfassung mat de Bierger

D’CSV ënnerstëtzt d’Aféierung vun enger neier Verfassung. Si soll op

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira

No engem Mount „Vakanz“ ass d‘Saison vum Porsche Mobil 1

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum groussherzoglechen Haff matgedeelt huet, hätt sech

Covid19-Pandemie: Honnertdausend Doudeger a Latäinamerika

Erschreckend Zuelen och aus den USA – D‘WHO warnt virun enger zweeter Well

Covid19-Pandemie: Honnertdausend Doudeger a Latäinamerika

Wärend den US-President Donald Trump am Wahlkampf ass, an net méi spéit wéi gëschter senge Fans nach emol ze verstoe ginn huet, datt een de Coronavirus Covid19 net iwwerbewäerte soll, huet d‘Zuel vun den Affer a Latäinamerika d‘Honnertdausendermark iwwerschratt. Mee och an den USA gëtt et regional Entwécklungen déi ee bedenklech stëmme sollten. Mee „who cares?“

De Chef-Immunolog vum Wäissen Haus – dee sech nach ëmmer géint all Erwaardungen dierf mat senge Bedenken zu Wuert mellen – den Dr. Antony Fauci, huet an der Gesondheetskommissioun vum Representantenhaus däitlech gemaach, datt déi kommend véierzéng Deeg net wäerten einfach ginn. Hien ënnerstëtzt dann och net déi vum Donald Trump an d‘Welt gesaten Aussoen.

Et wier eben erwisenermoossen net esou, datt d‘Zounam vun den Infektiounsfäll mat der Zounam vun den Tester an Zesummenhang ze brénge sinn. Déi hätten nämlech of- statt zougeholl a vill Leit géifen sech zudeem net teste loossen, aus Angscht den Job ze verléieren. Mëttlerweil hu wäit iwwer 45 Milliounen Amerikaner den Job an esou Akommes a Krankeversécherung verluer.

PandemieVum Méindeg zum Dënschdeg goufe bannent 24 Stonnen iwwer 32. 000 nei Infektiounsfäll notéiert a wéi gesot, et gëtt bei wäiten net esou extensiv getest, wéi dat ënnert de presenten Ëmstänn néideg wier. Am selwechten Zäitraum sinn iwwer 800 Mënschen un de Folge vun der Covid19-Infektioun verstuerwen, wouduerch den aktuellen Total bei ronn 122.000 Affer geleeën ass.

Um Beispill vun Texas – wou den Deconfinement Ufank Mee unhand de Recommandatioune vum US-President massiv ëmgesat ginn ass – léist sech erkennen, wéi gutt d‘Krisegestioun an den USA gemeeschtert gëtt. Mee iwwer 5.000 nei Infektiounsfäll beonrouegen de Gouverneur Greg Abbott (Rep) net iwwer Mooss, hie huet seng Leit just opgeruff „virsiichteg“ ze sinn an net ze panikéieren.

Latäinamerikanesch Autokraten an de Covid19

Interessant – wann och net verwonnerlech – ass de Fait, datt laut der WHO den neien Epizenter vun der Pandemie sech a Latäinamerika an, an der Karibik befënnt. Hei gouf och um Dënschdeg déi Honnertdausendermark wéi erwaart iwwerschratt. Iwwert d‘Hallschent vun Affer huet et eleng a Brasilien, mee och dat war ugesiichts dem politesche Wëllen, genee esou ze erwaarden.

Dem faschistesche President Jair Bolsonaro seng Verweigerung sech de Fakten unzehuelen, ass zumindest partiell mat Schold un de ronn 53.000 Affer (1.374 eleng an de leschte 24 Stonnen) a suergt weiderhi fir eng exzellent Auslaaschtung vun de Massegriewer. D‘Urvëlker zéien sech – esouwäit méiglech – ëmmer méi zréck, oder versichen den Zougang zu den Dierfer ze blockéieren.

PandemieMee net nëmme Brasilien ass betraff. Schlecht gesäit och am Chile aus, eng Populatioun ganz besonnesch betraff ass: D‘Polizisten! Iwwer 15.000 Beamte sinn infizéiert, eng 200 hunn hir Infektioun net iwwerlieft. A Mexiko waren et vu Méindeg op Dënschdeg 6.288 nei Fäll, woubäi esou wéineg getest gëtt, datt dës Zuel beschtefalls als „Indikatioun“ ze bewäerten ass.

An et gëtt wéineg Grënn déi ee kéinten optimistesch stëmmen. Esou eppes wéi ee funktionelle Gesondheetssystem – zumindest am direkte Verglach mat der europäescher Unioun – gëtt et a Latäinamerika schlicht net. Dorunner wäert och de Coronavirus laangfristeg näischt änneren. Autokraten haten an hu wéineg Sensibilitéite fir de Pöbel, de beschtefalls eng „Ressource“ ass…

mat indymedia/nyc/hou/css/mex

Foto: Fir vill Amerikaner ass den Dr. Fauci dee leschten „Oprechten“ a vill si verwonnert, datt den Donald Trump deem de Stull nach net virun d‘Dier gestallt huet. Dofir gëtt de Mann massiivst an de sozialen Netzwierker ugegraff. Datt hien d‘Handduch nach net geworf huet, sollt him dogéint héich ugerechent ginn. Mee et ass och Wahlkampf…

Ähnlech Sujeten Covid19, Dr. Antony Fauci, Latäinamerika, Pandemie, USA, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel