Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

72 Stonnen Zäit, fir sech ze begéinen
International Neiegkeeten

72 Stonnen Zäit, fir sech ze begéinen

Vum 19. bis 21. Mee stoung de Benevolat zu Lëtzebuerg

Et brennt… um Fakelzuch an der Stad!
International Neiegkeeten

Et brennt… um Fakelzuch an der Stad!

Et war nees eng aussergewéinlech Atmosphär an eiser Stad. Vill

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons
International Neiegkeeten

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons

Um Dënschdeg waren de Groussherzog Henri an de Staatssekretär Guy

Covid19-Pandemie drängt d‘Vereenten Natiounen an den Abseits

Déi Schwäizer wëlle wëllen elo den Apparat „UNO“ nees un d‘Rulle bréngen

Covid19-Pandemie drängt d‘Vereenten Natiounen an den Abseits

Eigentlech sinn déi deeglech Dagesuerdnungen op de Vereenten Natiounen (UNO) vill Säite laang, mee säit ee puer Woche gëtt et faktesch nach just een Termin den Dag. An dat ass déi fir d‘Medien organiséiert Pressekonferenz vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres oder sengem Spriecher an dat och nëmmen an der Videokonferenz. A wéi laang dat nach unhale soll, léisst sech net soen.

Sécher hunn elo déi Vereenten Natiounen d‘Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, am Bléck an déi genéisst aus verständleche Grënn iewescht Prioritéit. Deem widdersprécht de Schwäizer UN-Ambassadeur Jürg Lauber net. De Schwéierpunkt läit selbstverständlech op der Hëllef um Terrain, woubäi ee feststelle muss, datt een ouni Geld kengem wierklech hëllefe kann.

Wéi och ëmmer… déi Vereenten Natioune sinn déi Institutioun vun där een erwaart, datt si sech ëm déi weltwäit Koordinatioun an ëm d‘Hëllef fir déi äermste Länner këmmert. An esou gëtt alles wat näischt mar der Kris ze dinn huet, ofgesot oder verréckelt. Den Alldag op de UN zu New York ass engem Virus zum Affer gefall, et ass keng Zäit fir Diskussiounen oder laangwiereg Beschlëss.

Esouguer den UN-Sécherheetsrot „gesäit sech nëmmen nach virtuell“ an eenzeg dat Allerwichtegst gëtt nach „schrëftlech“ entscheet. D‘UN-Generalversammlung dogéint, ass quasi ausgeschalt ginn, well och déi nei Technologien, esou d‘IT-Spezialisten an den USA, keng Optioune bidden, déi eng Videokonferenz mat 192 Länner géif méiglech maachen. An esou entscheede just déi „Mächteg“.

Déi kleng sinn net do fir déi grouss „hannen“ ze lecken

Dat awer féiert elo zu eppes Widderstand, an et ass iergendwéi schonn Amusant, datt et eis Frënn aus der Schwäiz sinn – déi eigentlech op der UN kaum opfalen – déi zesumme mat Liechtenstein, Norwegen a Singapur an de Widderstand ginn. Firwat do Lëtzebuerg net mat mécht wollt eis den Ausseministère op Nofro net soen. Och si hunn aner Suerge wéi sech mat der UNO ze befaassen.

An esou ass et dann elo de véier „Zwergen“ eleng iwwerlooss, sech duerchzesetzen. Si hunn an enger Resolutioun gefuerdert, d‘UNO nees zum Liewen ze erwächen. Et missten also Weeër fonnt ginn, wéi een nees Generalversammlungen ofhale kann. Et ass déi eenzeg Instanz an där all eenzelt vun den 192 Länner eng Stëmm huet, an déi gëtt dësen elo faktesch Entzunn. Dat ass guer net gutt.

Esou wéi d‘Entscheedungsgewalt op de Vereenten Natiounen aktuell verdeelt ass, muss ee wëssen, datt nëmmen nach déi wéineg „mächteg Natiounen“, also an éischter Linn d‘USA, Russland a China, bestëmme wou et higeet. Dat esou eppes Brandgeféierlech ass sollt ee net musse betounen. Woubäi, säit der US-Sabotage, huet d‘UNO kaum nach d‘Kraaft hirem Geschäft nozekommen…

mat indymedia/nyc/brn

Foto: De grousse Sëtzungssall vun de Vereenten Natiounen ass aus Sécherheetsgrënn verweest. Dat gëtt ee puer wéinegen awer mächtegen Natiounen d‘Méiglechkeet iwwer d‘Käpp vu allen aneren Natiounen ewech Entscheedungen ze treffen. Lëtzebuerg fënnt dat absolut normal, zemools een sech eigentlech ëmmer emol no den USA riicht, an esou eigentlech ganz frou ass, net mussen iwwer Saache mat ze entscheeden… © Frederic Köberl / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, UN-Generalversammlung, UN-Sécherheetsrot, UNO, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel