Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Presentatioun vum Bilan vun der Studiëbäihëllef 2017/2018
Neiegkeeten

Presentatioun vum Bilan vun der Studiëbäihëllef 2017/2018

En Dënschdeg huet eisen Héichschoulminister, de Marc Hansen, op déi

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!
Neiegkeeten

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
Neiegkeeten

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

Covid-19: E Véierel u positive Fäll sinn op d’Vakanz zeréckzeféieren

Covid-19: E Véierel u positive Fäll sinn op d’Vakanz zeréckzeféieren

Bei senger Retrospektive vun der Woch vum 10. bis de 16. August verzeechent de Gesondheetsministère en däitleche Réckgang un Neiinfektiounen a Kontakter, mat deenen déi positiv getest Persounen zesumme waren. Dofir koumen awer 2 nei Doudesfäll dobäi.

Wärend där Woch koum et nämlech zu 249 neien Infektioune, wat e Minus vun 30 % zur viregter Woch bedeit, sou wéi 1.779 enregistréiert Kontakter (-27 %). An dësem Kader ass d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert natierlech immens erfreet, datt déi däitsch Bundesregierung Lëtzebuerg vun der Lëscht mat de Risikogebidder gestrach huet. Scho säit iwwer zwou Woche läit d’Zuel u positiv geteste Persounen ënnert 50 pro 100.000 Awunner.

Am Verglach zum 9. August, wou zu Lëtzebuerg 606 aktiv Infektiounen erfaasst waren, sinn um 16. August nach just 606 Fäll gezielt ginn. Bei de geheelte Persoune si mir vun 6.168 op 6.739 geklommen.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass liicht geklommen, vu 0,73 op 0,78, wärend den Taux de Positivité vun den duerchgefouerten Tester vu 0,70 % op 0,66 % gefall ass. Den Altersduerchschnëtt bei den diagnostizéierte Persoune ass am genannten Zäitraum stabel bei 35 Joer bliwwen.

Fir d’Woch vum 10. op de 16. August hu sech 1.073 Persounen a Quarantaine befonnt (-20 % am Verglach zur viregter Woch). Ganzer 27 % u 15 bis 29 Järegen hunn esou Doheem misse bleiwen, 25 % un 30 bis 44 Järegen, 22 % u 45 bis 59 Järegen an 19 % Kanner a Jonker bis 14 Joer. Dobäi komme 763 Persounen an Isolatioun (-31 % zur viregter Woch).

Mat Responsabilitéit an d’Vakanz

Wéi de Gesondheetsministère matdeelt sinn 63 vun den 249 positive Fäll op Reesen an d’Ausland zeréckzeféieren. Hei wieren d’Zuele geklommen, wouduerch dëse Beräich 25 % vun de positive Fäll ausmécht. An dësem Kader erënnert de Ministère all Reesend dorun sech och am Ausland un déi sanitär Reegelen ze halen, seng Vakanz verantwortungsvoll ze verbréngen a sech beim Retour testen ze loossen.

Dobäi kommen 52 positiv Fäll (21 %) déi wahrscheinlech duerch d’Ustiechung ënnerhalb vun der Famill kommen. An 12 Fäll (5 %) sinn et Fester mat Famill an/oder Frënn. Zu gudder Lescht gouf erkläert, datt 23 Fäll op 7 aktiv Infektiounsgruppen zeréckzeféieren sinn (Entreprisen, Wunngemeinschaften, Fräizäitbeschäftegung, Gesondheets- a Fleegesecteur).

Opmaacherbild: © Tsunami Green / Unsplash

Ähnlech Sujeten Covid-19, Doudesaffer, Gesondheetsministère, Isolatioun, Neiinfektiounen, Paulette Lenert, Positiv Fäll, Quarantaine, Réckbléck, Retrospektiv, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel