Search

You may also like

Si sinn um beschte Wee sech selwer erauszegeheien
Meenung Neiegkeeten

Si sinn um beschte Wee sech selwer erauszegeheien

Wärend déi brittesch Regierung mat engem ëmstriddene Gesetzesentworf dem scho

Mali: Franséisch Zaldote stierwe bei Helikopterongléck
Meenung Neiegkeeten

Mali: Franséisch Zaldote stierwe bei Helikopterongléck

Bei engen Nuetsasaz vun der franséischer Arméi sinn zwee Helikopter

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington
Meenung Neiegkeeten

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington

D‘europäesch Kommissioun huet zu Washington ugefrot fir kuerzfristeg eng Entrevue

Firwat d‘Regierung?

Firwat d‘Regierung?

Et ass ze einfach, fir bei der Verbreedung vum Covid19 mam Fanger op Regierung ze wäissen. Si beméit sech der Covi19-Pandemie ze begéinen an d‘Infektiounszuele géint null ze féieren.

Dat ass leider net méiglech, wëll Lëtzebuerg net dat eenzegt op dësem Planéit ass. Et gi villméi Staaten a Mënschen, wéi d‘Lëtzebuerger Land an hir multikulturell Gesellschaft. De Covid19, ass Pescht vun dësem Joerhonnert. Et ka sinn, datt iwwer eng Millioun Leit op eisem Planéit mam Covid19 stierwen. Oder nach méi…

Wien huet Flemm net fir mat enger Mask ze droen? Elo ass dat nach relativ an kann een dat mat eppes guddem Wëlle paken. Wann een bis op de Intensivstatioun Leit an kënstlech beotemt muss ginn, ass d‘Chance un dëser Infektioun ze stierwe méi grouss.

De Covid19 ass ee soziale Virus; hie kuckt net op ee aarm oder räich ass. Hie schount déi jonk a vergräift sech un deenen eeleren. Wéi wann him dru geleeë wier dem Planéit eng Verjéngungskur ze vergënnen. Hie behëlt sech wéi wann et den Haaptaktionär vun eiser Rentekeess wär.

Méi wou kënnt deen infizéierte Schläim hir? Et gëtt gesot aus engem Laboratoire a China. China ass schëlleg! Wéi awer ass eng Pandemie méiglech, duerch een Virus, deen an engem Laboratoire hiergestallt gouf? Oder ass et guer net dee Virus den sech aus engem Labo a China aus dem Stëbs gemaach huet?

Ass et vläicht duerch een Accident, mat Chemesche Waffe geschitt? Am Ufank war ee Schwéngsstall an China schëlleg. An dem selwechte Schwéngsstall ginn haut nees Schwäi geziicht! 

Mee egal wien de Schëllege vun der Covid19-Pandemie ass, mir hunn d‘Sauerei a mussen elo domadder eens ginn.

Vum Jean Bodry

Illustratioun: © 烧不酥在上海 老的 / unsplash

Related topics Covid19, Regierung, Schold, Ursaach, Ursprong
Next post Previous post