Search

You may also like

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit
Neiegkeeten

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit

Nodeems an interministeriellen Aarbechtsgruppen den Auswee aus dem „Coronavirus-Shutdown“ virbereet

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima
Neiegkeeten

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Um Méindegmueren hunn d‘Ministeren Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP)

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?
Neiegkeeten

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?

Um haitege Mëtteg hunn a ganz Europa Protester géint den

Covid19: Regierungsrot wëll de Gesondheetssystem schützen

Well zu Lëtzebuerg d‘Evolutioun vun den Infektiounszuele staark beonrouegend ass muss reagéiert ginn

Covid19: Regierungsrot wëll de Gesondheetssystem schützen

Een neierleche Lockdown muss aus wirtschaftlech Grënn zwéngend verhënnert ginn, mee et kann een dem Covid19 och net fräie Laf loossen. Fir béides ze vereenen, huet de Regierungsrot gëschter decidéiert, elo awer nei Mesuren ze imposéieren. Dat kléngt unhand de rekordverdächtegen Zuelen aus de leschten Deeg éischter verstänneg…

Et war een deels gestresste wéi och veriergerte Premier, dee sech gëschter am Pressebriefing no der Sëtzung vum Regierungsrot de Medie gestallt huet. „De Virus an den Ament iwwerall a wa mir net reagéieren, riskéiere mir d‘Zuel vun de Patienten an de Spideeler däitlech an d‘Luucht ze dreiwen“, esou de Xavier Bettel, deen nach virun enger Woch net wëlles hat d‘Mesuren ze verschäerfen.

Well elo och nees déi eeler Leit verstäerkt betraff sinn, huet de Premierminister mat senger Ekipp beschloss d‘Moossnamen nees ze verschäerfen. Déi wuel drasteschst: Eng Ausgangsspär (déi jo schonn a ville Nopeschlänner a Kraaft ass) vun 23 Auer bis 6 Auer! Dat dierft besonnesch bei de Jonken op Widderstand stoussen. Et wier allerdéngs gutt net iwwert Partye beriichten ze mussen.

Doriwwer eraus, dierf ee bei sech doheem nëmmen nach véier Persounen empfänken ze dierfen. Idem Restaurant: méi wéi véier Persounen dierfen net méi un engem Dësch sëtzen. D‘Mask ass, esoubal sech méi wéi véier Persoune versammele Flicht! Ab zéng Persoune gëllt nieft der Flicht seng Mask unzehunn, och dat strikt anhale vun zwee Meter Ofstand. An dat ass nach net alles…

Bal all d‘Sportveranstaltunge mussen ofgesot ginn. Eng Ausnam – déi reng pekuniär motivéiert ass – gëtt et fir d‘Renconteren am Fussball (Nationaldivisioun & Spiller vun der Nationalekipp). Dat kléngt net ganz esou Konsequent wéi versicht gëtt de Sënn vun de Moossnamen ze vermëttelen. Et ass fir vill Leit net novollzéibar, wéi de „Privileg“ fir dës „Sportausnamen“ ze rechtfäerdegen ass.

Um Gesetz gëtt zur Stonn geschrauft

De Premierminister huet dann och confirméiert, datt iwwert de Weekend un engem den neierlechen Erausfuerderungen ugepasste Gesetz geschafft gëtt. An dësem Gesetz sollt dann och een erweiderte Strofekatalog enthale sinn. Et soll een sech de Verstouss net méi gënne kënne, just well een sech et leeschte kann. Dat „neit“ Gesetz wäert allem Uschäin no, bis Enn nächster Woch a Kraaft trieden.

Woubäi hei d‘Chamber och nach ee Wuert matzeschwätzen huet. E ganz klengt, well der Regierung ginn d‘Stëmme vun der Majoritéit jo duer, an déi dierft kaum dem Premier ee Fouss stellen. Nom Xavier Bettel huet d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert, datt entgéint den Hoffnungen, d‘Infektiounszuelen net stabiliséiert konnte ginn, an och soss Analysen éischter beonrouegend sinn.

Si weist op d‘Analyse vun de Kläranlagen hinn, aus deenen iwwerdäitlech ervirgeet, datt de Virus nees flächendeckend Aktiv ass. Resultater déi kloer drop hiweisen, datt et nees eng ganz héich Donkelziffer muss ginn. Si confirméiert och, datt sech Zuel vun den Infizéierten iwwer 65 Joer verduebelt huet. Nach hätt een an de Spideeler d‘Lag am Grëff, mee dat ka sech rapid veränneren.

E Gesondheetssystem am Alarmzoustand

Richteg ass dann och, datt sech d‘Spideeler nees drop virbereeden, déi drëtt Alarmstuf am Kampf géint de Coronavirus anzeleeden. Dat kléngt bei 86 Hospitalisatiounen (dovunner zéng Patienten op der Intensivstatioun) iwwerdriwwen, ass et awer faktesch net. Et dierf net vergiess, ginn, datt virum Ausbroch vun der Covid19-Pandemie vill Better ofgebaut goufen, an et och aner Pathologien huet.

Fir d‘Ekipp vum Krisestaf ass et elo primordial sech mat de Spideeler ofzestëmmen an de Besoin Personal ze definéieren. Laut dem Premier, sinn schonn eng 70 Plaze besat ginn, an et soll weider rekrutéiert ginn. Eng vun de grousse Suerge besteet doranner, datt net esou dréngend Behandlungen an/oder Operatiounen nees verluecht musse ginn. Dat ass net gutt, mee vill Optiounen huet et keng.

Hei sollte mir eis elo bewosst ginn, datt et net eleng zu Lëtzebuerg en eklatante Mangel u Personal am Gesondheetssecteur gëtt, mee déi ganz Groussregioun vun dësem ganz reelle Problem betraff ass. Ee Problem dee sech mat Goss eleng net léise léist, hei geet och ëm d‘Aarbechtskonditiounen, déi bekanntlech a villen Haiser vun der Hierarchie deterioréiert ginn. Här ass Här, a Max ass Max.

Batter-séiss Rhetorik

Net ze vergiessen, datt et rezent Stëmmen aus Frankräich an der Belsch ginn huet, déi mat enger ongewinnter Rhetorik, op de Beholl vu Lëtzebuerg agaangen ass. Esou gëtt eisem Land (zu Recht) virgeworf, mëttels „Finanzen“ der Grenzregioun d‘Fleegepersonal ze entzéien. Dat huet allerdéngs Traditioun an ass erwisenermoossen net op de Gesondheetssecteur begrenzt. „Money rules“…

An et dierf ofschléissend drop higewise ginn, dat weder Dokteren, Infirmieren an Aide-soignanten, géintiwwer dem Virus „immun“ sinn. Esou goufe bis ewell eleng am CHEM 45 Fleegekräft an 13 administrativ Mataarbechter positiv getest. E Problem deen et esou och am CHL gëtt, woubäi hei keng Zuele genannt ginn. All dës Leit goufe confinéiert a feelen natierlech vir an hannen.

Dat gesot, sollt een unhuelen, datt d‘Bierger sech verstänneg weisen. D‘Message ass jo eigentlech liicht verständlech an d‘Ursaache fir d‘Verschäerfung vun de Moossnamen onmëssverständlech. Et wäert awer nees eng Minoritéit vu Refraktäre ginn, déi dofir wäerte Suerg droen, datt de Medien déi eigentlech verzichtbar „schlecht Nouvellen“ net ausginn. Däi wiere mir Deel vun der Léisung…

Illustratioun: Bieden ass kee Mëttel dat virum Covid19 schützt. Hei ass ee gutt beroden – wann ee sollt driwwer verfügen – säi gesonde Mënscheverstand anzesetzen. Dat dierft villen nees immens schwéier falen, wat bedauerlech ass a folgerichteg net ouni Konsequenze bleift. © Gabriella Clare Marino / unsplash

Related topics Covid19, Nouststand, Paulette Lenert, Pressebriefing, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post