Search

You may also like

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen
International Neiegkeeten

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen

Um Mëttwoch huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer zesumme mat de Schäffe

What the Fakt: Virun 226 Joer gëtt de Grondstee vum Wäissen Haus geluecht
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 226 Joer gëtt de Grondstee vum Wäissen Haus geluecht

D’Wäisst Haus zu Washington DC ass de Muechtzentrum vun den

Op der Sich no engem Impfstoff
International Neiegkeeten

Op der Sich no engem Impfstoff

Dat ee sech der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Covid19: Europa an d‘USA streiden ëm Medikament

Covid19: Europa an d‘USA streiden ëm Medikament

D‘Medikament „Remdesivir“ vu „Gilead Sciences“ gouf ursprénglech wéinst senge virostateschen Eegenschaften als Mëttel géint Ebola- a Marburgvirusinfektiounen entwéckelt. Et hat hei allerdéngs ni d‘Zoustëmmung fir den therapeuteschen Asaz kritt (2014/16).

Zanter Februar ass dëst Medikament am klineschen Test zur Behandlung vum Covid19. An den USA wéi och a Japan hat et scho fréizäiteg eng Zouloossung fir den Noutfallgebrauch ginn. De 25. Juni huet déi europäesch Agence EMA, zu enger „bedéngter“ Zouloossung fir d‘EU geroden. Elo gëtt et dann och schonn den éischten Dissens tëscht Bréissel a Washington.

covid19Den US-Gesondheetsministère huet schonn annoncéiert, datt sech d‘USA de gréissten Deel vun der Produktioun bis September geséchert hunn, wat fir eng eppes ugespaanten Diskussioun zu Bréissel gefouert huet. Besonnesch eis däitsch Noperen si wéineg begeeschtert, wat de Beholl vum Partner USA betrëfft. Woubäi zanter der Annonce d‘US-Zaldoten aus Däitschland ofzezéien, d‘Bezéiung tëscht den NATO- an Handelspartner souwisou éischter „ofgekillt“ ass.

E Spriecher aus dem däitsche Gesondheetsministère huet dann och ënnerstrach, datt d‘Zouloossung vum Remdesivir, mat der Verflichtung verbonnen ass, datt een och an engem ugemiessenen Ëmfang beliwwert ka ginn. Hie betount, datt sech Däitschland fréizäiteg d‘Medikament zur Therapie vu Covid19-Patiente geséchert hätt. Et géif awer (zumindest fir Däitschland) aktuell genuch Reserven.

Eppes Hannergrondinformatioun

Wann ee berécksiichtegt, dat Gilead eng US-Entreprise ass, a sécherlech net drun interesséiert ka sinn sech mat der Regierung unzeleeën, esou gëtt et natierlech och Accorden tëscht dëse Parteien. Esou gesäit den Deal tëscht Gilead an dem US-Gesondheetsministère fir, datt d‘Entreprise an den USA Dose fir iwwert eng hallef Millioun Behandlunge bereetstelle muss. Domadder wieren awer d‘Produktiounscapacitéite vu Juli bis September wäitgoend ausgeschëpft.

Säitens Gilead wollt oder konnt een sech zu dësen Aussoen net positionéieren. Et ass jo och ee brisante Sujet, andeem et och ëm d‘US-Aussepolitik geet. An aus der Politik wëll sech d‘Entreprise eraushalen. Mee et ass een net nëmmen zu Bréissel a Berlin eppes verstëmmt, och d‘Britte sinn „not amused“, datt gutt 90% vun der Produktioun den Amerikaner soll virbehale bleiwen.

covid19

Dat aus guddem Grond: een net onbeträchtlechen Deel vun de klineschen Tester mam Remdesivir ass u Covid19-Patienten a Groussbritannien duerchgefouert ginn. Vill Britten hätten hir Gesondheet riskéiert, fir dës klinesch Studie méiglech ze maachen, beschwéiert sech den Dr. Andrew Hill vun der Universitéit zu Liverpool. Hien ass der Usiicht, datt d‘Decisioun vun den USA, sech den Zougrëff op dëst Medikament ze sécheren, net am Aklang mat der noutwenneger Solidaritéit ass.

mat indymedia/nyc/ber/lon

Opmaacherbild: © FDA/flickr

Annex: Fact Sheet for Patients & Caregivers/Parents

Related topics Covid19, Gilead, Medikament, Remdesivir, Therapie, USA
Next post Previous post