Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Twitter huet d‘Reegele fir d‘Politiker preziséiert
Neiegkeeten

Twitter huet d‘Reegele fir d‘Politiker preziséiert

Den Onlinedéngscht Twitter huet gëschter an engem zimlech explizitte Communiqué

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump
Neiegkeeten

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump

Um Donneschdeg huet sech den US-President Donald Trump richteg beméit,

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!
Neiegkeeten

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sief et Tennis, Fussball oder Tour de France: Sport interesséiert

Covid19-Reprise: Privileg oder Risiko?

De Premier huet Erliichterungen am Confinement versprach, dat awer ënnert der Berécksiichtegung vun eng ganzer Rei Konditiounen

Covid19-Reprise: Privileg oder Risiko?

Fënnef Woche „Confinement“ huet d‘Land elo hannert sech, an wéi annoncéiert geet d‘Land ab e Méindeg an eng nei Phas iwwer. D‘Bierger hätten sech virbildlech verhalen, d‘Verstéiss hätten net Iwwerhand geholl, firwat Lëtzebuerg sech elo eppes Entspanung gënne wëll. De Motto „Bleift doheem!“ bleift awer och wa verschidde Secteuren nees aktivéiert ginn, déi wichtegst Maxime.

D‘Restriktioune fir gewëssen Aktivitéite gi gelackert, wat elo kee sollt animéieren „den Tour vun de Butteker“ ze maachen, fir dem Confinement ze entfléien. Um Freideg, wärend d‘Chamber op der Plëss „Geschicht geschriwwen“ huet, hunn d‘Vizepremierminister François Bausch (déi gréng) an Dan Kersch (LSAP) déi nei Reegele fir den Ëmgang mat dëser „neier Fräiheet“ virgestallt.

Den Aarbechts- a Vizepremierminister Dan Kersch fänkt un eppes Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn a freet sech wéi en Namurskichelchen, datt sech d‘Land op de Wee vun der wirtschaftlecher Reprise begëtt. Net all d‘Secteure kënnen sech freeën, a laut dem Minister huet et op der Hand geleeën, datt déi Aktivitéiten, déi bei de Noperen ni ugehale goufen, och sollten déi éischt sinn.

Rieds ass vum Bausecteur, deen, esou den Dan Kersch, dat selwer gefuerdert hätt. Mee d‘Chantiere musse gewësse Reegelen anhalen, firwat hei dann och eng Mask Flicht ass, well dëst eng weider Hürd fir de Covid19-Virus bedeit. Recommandatioune ginn natierlech net duer, firwat Reglementer ausgeschafft goufen, déi vun de Kontrollinstanzen (Police, ITM, Santé) iwwerwaacht musse ginn.

Verantwortlech un d‘Saach erugoen

Wann een déi zwee Vizepremierminister richteg verstanen huet, da soll dëst groussherzoglecht Reglement de Beweis liwweren, datt d‘Regierung verantwortlech handelt an d‘Mesuren also och mat de Sozialpartner (Patronat a Gewerkschaften) ofgeschwat goufen. Elo huet dëst Reglement nëmme Valeur fir d‘Dauer vum Ausnamezoustand. Dat awer geet sech zäitlech net wierklech op.

D‘Pandemie, ausgeléist duerch de Covid19, wäert esoubal net verschwannen. Si wäert eis, un dëse Gedanke sollte mir eis séier gewinnen, mindestens bis 2021, wann net esouguer doriwwer eraus begleeden. Aus dem Reglement muss also ee Gesetz gemaach ginn, datt dann am Cercle Cité, dem neie Refuge vun de Parlamentarier, méiglechst Zäitno zur Ofstëmmung soll virgeluecht ginn.

RepriseE Reglement datt all d‘Aktivitéiten – déi nees zoulässeg sinn – begleet a vun den Entreprise strikt anzehale sinn. Geféierlech Situatioune sollen esou entschäerft, d‘Salariéeën entspriechend am ëmfänglech opgekläert ginn a do wou et méiglech ass soll d‘Zuel vun de Leit op dat noutwennegst begrenzt bleiwen. Op de Chantiere muss séchergestallt sinn, datt d‘Hygiènesmesuren anzehale sinn.

Den Aarbechtsminister huet nach insistéiert, datt d‘Aarbechtsrecht a punkto Aarbechtsschutz, och weiderhin d‘Salariéeë géintiwwer „geféierlechen Aarbechte“ schützt. Et wier also méiglech eng als vum Salarié als Gefor erkannten Tätegkeet ze refuséieren, ouni mussen ze fäerten entlooss ze ginn. Fir déi administrativ Tätegkeeten, soll weider um Homeoffice festgehale ginn, esou de Wonsch.

Eng Mask fir all Gesiicht

Well ersiichtlech ass, datt net all Betrib einfach emol an de Keller goe kann, fir d‘Masken aus dem Stock ze huelen, hunn Arméi an Handwierkerkummer dann och schonn ee Freideg ugefaangen, déi entspriechend an op de Bausecteur zougeschnidde Masken a soss nach Geschir ze verdeelen. Déi solle jo e Méindeg hir Aktivitéiten nees ophuelen, woubäi net alleguerten d‘Chantiere betraff sinn.

Ugefaange gëtt mat deene Chantieren, déi am mannsten de verkéier beanträchtegen, well et jo blöd wier, wann op emol nees Stau wier. Also d‘Chantieren op den Autobunnen – déi eigentlech elo net iwwerlaascht sinn – mee och déi vun der Eisebunn an LuxTram (Quartier Gare) bleiwen den Ament nach zou. An de Schoule gëllt dat net, hei muss dréngend de Retard opgeholl ginn, heescht et…

E butzege Problem besteet awer nach: vill Aarbechter gi mat Betribscamionetten op d‘Chantiere gefouert. Gutt eigentlech kéinten déi och den ëffentlechen Transport benotzen, esou de François Bausch, mee hien huet et ënnerlooss ze erkläre wéi dat goe soll. Dofir gëtt elo verhandelt, wéi vill Aarbechter an esou enger Camionnette dierfe Plaz huelen. En Accord wier zäitno méiglech.

Zudeem wier d‘Regierung elo och bereet, den eegene Fuerpark fir Entreprisen aus dem Bausecteur anzesetzen, fir dës „Navetten“ besser ze securiséieren. Bleift nach ze kläre wéi d‘Regierung sech mat de Sozialpartner op den Ëmgang mam Kollektivcongé gëeenegt kritt. Et géif do Pisten esou den Dan Kersch, dee weess datt do d‘Gewerkschafte pingeleg sinn, mee Detailer gouf et dozou net.

Illustratioun: © Josue Isai Ramos Figueroa / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtssécherheet, Chantieren, Coronavirus, Covid19, Dan Kersch, François Bausch, Reprise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel