Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf
International Neiegkeeten

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf

Mat BENU äntwert Esch-Uelzecht ob de Problem vun der Nohaltegkeet.

(K)eng nei Verfassung?
International Neiegkeeten

(K)eng nei Verfassung?

No enger Abberzuel un „informelle“ Reuniounen am Kontext vun Upassung

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !
International Neiegkeeten

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !

Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert

USA: De Covid19 am Schluechthaus

USA: De Covid19 am Schluechthaus

D‘Amerikaner hunn eng eppes speziell Ëmgangsweis mat der Pandemie demonstréiert, an déi net esou schéi Konsequenze betreffen elo och d‘Fleeschindustrie, wou sech dausenden Aarbechter mam Coronavirus infizéiert hunn. Am Land vu McDonalds & Co kënnt et zu éischten Enkpäss.

An Dosende Schluechthaiser uechter Amerika hunn sech d‘Mataarbechter massiivst mam Covid19 infizéiert. Esou och an enger Schluecht-Fabrick am Bundesstaat Iowa, wou iwwer 1.000 Salariéeë positiv getest goufen. An hei kann den Aarbechter net esou einfach mat schaffen ophalen, deen ass op all Dollar ugewisen deen hie sech um Fléissband erschaffe kann. Keng Schaff, Krankekeess…

Schluechthaus

Amerikaner hunn eng speziell Denkweis, déi een hinnen och net wäert huele kënnen.

Un de Fléissbänner stinn d‘Männer Schëller u Schëller, besser Méiglechkeeten sech ze verbreede bidden sech dem Virus eigentlech just op de Demonstratiounen, wou déi total Ëffnung a Reprise gefuerdert gëtt. Vun den an dëser Fleeschfabrick am Iowa Infizéierte sinn „offiziell“ eng 20 Leit verstuerwen. Dat stëmmt esou net, laut Recherche gëtt et mindestens 50 Affer an dausende Fäll.

Am Land wou Hamburger a Grillfleesch zu de gréisste kulinareschen Errongenschaften zielen déi d‘Mënschheet jee kannt huet, interesséiert sech keen zu wéi enge Konditiounen dat bëllegt Fleesch hiergestallt gëtt. Déi sanitär Kris bréngt elo emol eppes Liicht an dës droleg Branche, iwwert déi ee soss virzuchsweis de Mantel vum Schweige leet. Et ass e mächtege Secteur dee gäre Prozesséiert.

De Maart regelt net alles

Elo wou Schluechthaiser mussen zou maachen, well sech net méi vermeide léisst – d‘Leit wëllen anscheinend kee Fleesch aus Fabricke wou de Covid19 sech breet gemaach huet – geet et awer nach ëmmer net ëm d‘Mataarbechter an dësen Entreprisen. Nee den Amerikaner hire Problem berout op de Folge fir d‘Konsumenten an d‘Landwirtschaft. Et fänkt un zu Enkpäss um Maart ze kommen.

SchluechthausDat Mënschen sech an de Schluechthaiser um Coronavirus infizéieren a méiglecherweis och un de Folge vun der Infektioun stierwen, ass dann och net esou direkt de Problem. Dat wat an den USA e Problem ass, dat bezitt sech op d‘Liwwerketten, a wann d‘Schluechthaiser aus sanitäre Grënn hir Diere mussen zouloossen, kënnen d‘Baueren hir Béischten net méi ofliwweren. An dat huet Folgen.

Vill Bauere wëssen net méi wouhinner mam Véi, se weider fiddere kënnt allerdéngs aus streng wirtschaftleche Grënn och net a Fro. Liewe gëtt esou zu Offall, de Konsument muss Bëlleg-Fleesch verzichten, an déi grouss Fastfood-Kette wéi Wendy‘s oder Handelskette wéi Costco & Kruger kommen an d‘Schleideren. Déi eng huele Produiten aus dem Sortiment déi aner erhéijen d‘Präisser.

Op Sand gebaut

D‘Präisser awer bestëmmen de Konsum, a wann sech dann och nach Enkpäss opdinn, da muss eng ënnerholl ginn. An da si mir nees beim „Wäert vum Liewen“. Esou huet den Donald Trump dëse Fleeschfabricken a Schluechthaiser per Dekret d‘Uerder ginn, d‘Aarbecht nees opzehuelen. An Dat obwuel gewosst ass, datt kaum „getest“ gëtt an de Schutz fir d‘Aarbechter inexistent ass.

SchluechthausVun de Gewerkschafte gëtt et Kritik, an fir d‘Konzerner sinn Investitiounen a „Schutz“ ee rout Duch, dat kascht nëmme Geld a kraazt um Profit. Wou et guer net anescht gaangen ass, dat awer och nëmme well déi Lokal Gesondheetsinspektiounen d‘Reprise ënnert de bestoende Konditiounen net zougelooss hunn, sinn Trennwänn aus Plexiglas installéiert ginn. Net wierklech e Schutz…

Mee et geet duer fir dem presidentiellen Dekret Rechnung ze droen. An vun do aus gëtt den Drock och op déi lokal Autoritéiten erhéicht. Mee méi Tester, besser Schutzmoossnamen oder eng Baisse vum Produktiounsrhythmus, vir d‘Salariéeën an dëse Fleeschfabricken ze schützen, dat kënnt leider net a Fro. Et muss profitabel zum niddregst méigleche Präis produzéiert ginn. Dorëms geet et.

mat indymedia/dsm/nyc/chi

Illustratioun: Kee Fleesch… kee Burger. Grad fir déi grouss Fastfood-Ketten an den USA ass et essentiell u bëllegt Fleesch ze kommen. Deenen ass et iwwregens net nëmmen egal op d‘Leit wou d‘Produkter hierstellen sech der Infektiounsgefor aussetzen. Si fuerdere mat vill Nodrock, nees de Regelbetrib ophuelen ze dierfen, an ginn heibäi vum US-President ënnerstëtzt. © Iwona Castiello d‘Antonio / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Dekret, Donald Trump, Fleeschfabrick, Schluechthaus, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel