Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger
Neiegkeeten Stories

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger

1) eise Comité d‘Action huet schonn zanter Joren (e.a. a

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!
Neiegkeeten Stories

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!

Krankheet, Dout oder komplett Inexistenz – d’Blomeesen haten et dëst

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch
Neiegkeeten Stories

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch

Während den „Dossier Traversini“ nach an der Maach ass, huet

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht

Et wäert net einfach ginn, mee et huet een d‘Jalonen no beschtem Wëssen a Gewësse gesat

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) ass oft ëmstridden an d‘Covid19-Pandemie mécht et him elo och net méi einfach. Et wier allerdéngs ee grousse Feeler unzehuelen, datt hien sech net all déi noutwenneg Moyene géif ginn, nees esou eppes wéi Normalitéit an de Schoulbetrib ze bréngen.

Schoul, esou de Minister, wier méi wéi nëmmen d‘Recht op Bildung, hir Funktioun ass wäit méi villfälteg wéi dat allgemeng ugeholl gëtt. Nieft dem Bildungsoptrag, geet et och drëms Kanner a Jugendleche sozial Kompetenze bäizebréngen an op d‘Zukunft als Erwuessene virzebereeden. An dofir brauch et och ënnert besonnesche Konditiounen eppes méi Versteesdemech wéi Kritik.

Et wäert net einfach ginn. Fir ee méiglechst normale Schoulbetrib sécherstellen ze kënnen hunn sech d‘Ekippe vum Educatioun- a Gesondheetsministère zesummegedoen. Et gouf de Comité de Pilotage „Covid19 & Educatioun“ geschafen, fir 16 grondsätzlech Moossnamen an alle Schoule vum Land festzeleeën. Eng Viraussetzung fir ee komplett Schouljoer 2020/21 ze assuréieren.

De Claude Meisch huet dann och nach emol betount, datt unhand de bestoenden Erkenntnisser, d‘Schoule keng Infektiounsbrennpunkte sinn an d‘Kanner sech éischter am Familljen- oder Frëndeskrees baussent der Schoul mam Coronavirus infizéieren. Mee natierlech kann et och am Schoulberäich zu Covid19-Infektioune kommen, firwat et primordial ass, Mesuren ze ergräifen.

Maximal Chance fir d‘Bildung – Minimal Chance fir de Virus

Fir de Claude Meisch – dee versprécht esou Transparent wéi iergend méiglech mat dëser fir all d‘Acteure komplizéiert Situatioun ëmzegoen – ass et wichteg, datt sech elo jiddereen drop virbereet, dëst Joer integral am Zeeche vun der Pandemie an senge begleedende Moossnamen unzegoen. Et sollt ee sech also drop astellen, datt Stonnen ausfalen, ganz Klasse kéinten a Quarantaine geschéckt ginn a méiglecherweis den Unterrecht am Wiessel stattfënnt. Wënschenswäert ass et sécher net.

Een „normaalt“ Schouljoer ënnert erschwéierte Konditiounen ze erméiglechen, datt ass déi éischt Aufgab déi der Expertegrupp vu Mataarbechter aus béide concernéierte Ministèren operluecht ass. Si sinn et déi sech mat den dréngende Froen ausenanerzesetzen hunn. Et ass zudeem virgesinn, datt si deeglech Rapporten erstellen, déi dann och der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach musse ginn. Vertraue schafen, datt d‘Schoul och weiderhin d‘Sécherheet vun de Kanner assuréiert, ass d‘Zil.

Et strukturéiert a gutt virbereet ugoen

Nieft 16 feste „Reegelen“ kann dëse Grupp vun Experte weider un déi jeeweileg Schoul a Regioun ugepasste Mesuren ergräifen. Dat kléngt net nëmme sënnvoll, well et muss ee sech bewosst, sinn dat alle Schoulstonn déi ausfält och um Bildungswee feelt. Fir esou eng Situatioun guer net eréischt entstoen ze loossen, gouf entscheet de Fokus vun der Covid19-Teststrategie op Famillje mat Kanner ze leeën. D‘Schüler an d‘Enseignante ginn opgeruff, sech virun der Schoulrentrée testen ze loossen.

Datt berout selbstverständlech op fräiwëlleger Basis, woubäi et wierklech kee Grond gëtt sech deem ze verweigeren. Wa gewosst ass, datt bal 50% vun de Leit déi aus der Vakanz heem kommen, sech de Virus agefaangen hunn, sollt ee genuch Verantwortung opbréngen sech testen ze loossen. Et ass jo och net verkéiert ze wëssen op een eng Gefor fir anerer duerstellt oder net. Wien also eng Aluedung zum Test kritt, sollt dëser net déi kal Schëller weisen, mee verantwortlech agéieren.

Méiglech Zenarien

Dovunner ausgoend, datt déi allermeeschte Familljen a besonnesch d‘Schüler an Enseignante dësen Appell mat Verstand ophuelen, esou muss awer och consideréiert ginn, datt et wäert zu „Fäll“ kommen, firwat et hei dräi méiglech Zenarie gëtt, déi de Minister mat sengen a de Leit vun der Santé ausgeschafft huet. Och dat eng éischter begréissenswäert Approche déi allen aliichten dierft.

Als éischt wier do den „isoléierte Fall“ wou de Schüler/Enseignant sech erwisenermoossen net an der Schoul ugestach huet. Hei mussen dann och just nëmmen déi Leit a Quarantaine, déi am direkte Kontakt mat Infizéierte gestanen hunn. Déi ginn da getest (wa se wëllen) an dierfen, wann dësen negativ ausfält nees an d‘Schoul. Kléngt logesch.., an genee dat ass et och.

Beim zweeten Zenario handelt et sech ëm d‘Feststellung datt et méi Fäll bannent enger Klass huet. Do misst dann déi ganz Klass a Quarantaine geschéckt ginn. Méiglech ass och, datt sech esou eng multipel Infektioun op ënnerschiddlech Klasse verdeelt, wat da mat sech brénge géif, datt méi Klassen ënner Quarantaine muss gestallt ginn. An dëser Schoul géif et dann och zu enger Aart generellen Test kommen, déi a Form vun enger Mobiller Eenheet op der Plaz duerchgefouert gëtt. Zousätzlech géif d‘Maskeflicht an deenen anere Klasse verschäerft ginn.

Den drëtten Zenario bezitt sech op de sougenannte „Worst Case“, wou eng ganz Schoul massiv betraff wier. An deem Fall misst de Betrib folgerichteg ganz agestallt dinn. De Claude Meisch weist dann awer drop hinn, datt eng ganz Schoul zoumaachen nëmmen am absolutten Noutfall a Fro komme kann. Wa jidderee verantwortungsvoll mat der Situatioun ëmgeet an sech un d‘Reegelen hält, sollt et net esouwäit komme mussen. Den Appell vum Minister ass esou och net vu Muttwëll.

Mat Beduecht un dat Ganzt erugoen

An de Schoule selwer ass alles esou organiséiert ginn, datt sech d‘Schüler aus verschiddene Klasse méiglechst wéineg begéinen. Et wäert „Sens-Unique“ ginn an d‘Mask kann nëmmen ab dem Moment wou een op senger Plaz sëtzt ofgedoe ginn – et sief aus gudde Grënn hätt d‘Direktioun dat anescht decidéiert – an dat gëllt selbstverständlech och fir d‘Schoulkantin.

Bei Prüfunge soll et generell erlaabt bleiwen seng Mask auszedoen, an och beim Sport wäert se net noutwenneg sinn. A wann de Minister vun den Direktioune Fangerspëtzegefill verlaangt, esou dierf och vun de Schüler eppes Versteesdemech fir dës partikulaart Schouljoer ofverlaangt ginn. Zudeem kann eng Schoul och decidéieren, datt Klassen opgespléckt ginn, woubäi muss uecht gedoe gi wou a wéini Home-Schooling en Avantage mat sech bréngt.

Fir Schüler, wou et kloer de bessere Choix ass, si physesch an der Klass ze hunn, soll op den Home-Schooling verzicht ginn, et sief et géif dozou keng Alternativ. D‘Eltere sinn zudeem gebueden, fir de Fall dat hiert Kand Symptomer opweist, datt zäiteg mam concernéierten Enseignant ofzeklären. Net jiddereen deen de „Schnuddeler“ huet oder Houscht an/oder Kappwéi huet, muss Covid19 infizéiert sinn. Bei méi konkretem Verdacht sollt een d‘Kanner awer net an d‘Schoul schécken.

Wichteg ass an dësem Kontext dann och net direkt a Panik ze verfalen. Iwwerreagéieren ass kloer de falsche Wee an hëlleft kengem. Angscht ass duerchaus ee berechtegt Gefill, mee och grad esou schlechte Conseiller. Dofir gëllt et ëmmer d‘Saach mat Beduecht ugoen. Op dru geduecht ginn ass, datt et dofir vläicht Uspriechpartner an der Schoul gëtt, gouf net preziséiert, mee et wier logesch.

Méi Allgemeng

Och fir d‘Personal vun der Schoul, also d‘Enseignanten, d‘Botzequippen an den Hausmeeschter mat senge Leit, heescht et sech verstäerkt un de‘Reegelen ze halen. Eng vun de wichtege Missiounen ass et d‘Klassesäll ze lëften. Do kënnen d‘Prozedure jee no Infrastruktur variéieren. Et ass ganz hei och ganz wichteg sech bewosst ze sinn, datt keng sanitär Reegel ee Selbstzweck ass.

Am Kontext vum reguläre Schoulbetrib ënnert erschwéierte Bedingungen, huet de Minister nach drop higewisen, datt d‘Schoule keng Aktivitéiten aus hirem Programm sträiche sollten. Esou soll net nëmmen de Sportunterrecht ënnert dem Anhale vun den Hygiènesreegele stattfannen. Och déi geplangte Schoulausflich solle stattfanne kënnen. Gläiches gëllt fir Eltereversammlungen, déi jo och hir Importenz hunn. Méiglech ass en opsplécken no Sproochen…

Sollt de Fall antrieden, datt bei engem Schüler en däitleche Verdacht op eng Covid19-Infektioun virläit, an dëse vu sengem Recht op Testverweigerung gebrauch mécht, kann dësem eng Quarantaine operluecht ginn. Dës Decisioun géif dann allerdéngs vun der Gesondheetsdirektioun geholl ginn. Dofir nach emol: den Test deet net wéi an et kritt och keen en Chip agebaut, mee et ass de Schlëssel zur Schoul.

Ofschléissend dierf drop higewise ginn, datt deen Unterrecht, deen aus de genannten Ursaache géif ausfalen, net an der Vakanzenzäit nogeholl gëtt. Och wann dat vläicht sënnvoll géif erschéngen, esou steet fir de Claude Meisch fest, datt Kanner déi a Quarantaine sinn „kee Schoulfräi“ hunn a och Vakanz wichteg ass. Kanner a Jugendlecher mussen och ofschalten dierfen an hir sozial Kontakter baussent der Schoul oprecht erhalen.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Covid-19-Tester, Covid19, Enseignanten, Maskeflicht, Quarantaine, Schoulrentree, Schüler, Vernonft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel