Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance
Neiegkeeten

Schlass Drachenburg – eng heemelesch Residenz mat magescher Ambiance

Et ass d’Schlass Neuschwanstein beim Rhein: Drachenburg ass eng Mëschung

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis de 14. Juni 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis de 14. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf
Neiegkeeten

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf

Mat BENU äntwert Esch-Uelzecht ob de Problem vun der Nohaltegkeet.

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem

Schwiereg Zäite fir eise Sozialsystem

Datt sech d‘Covid19-Pandemie och an den Ausgabe vun der Sozialversécherung géif erëmfanne loossen, dorunner huet et keng Zweiwel ginn. Et huet missen déif an d‘Täsch gegraff ginn, mee de Sozialminister Romain Schneider bleift zouversiichtlech, datt een dat Ganzt am Grëff behält.

An der zoustänneger Chamberkommissioun huet de Romain Schneider e Méindeg den Deputéierten déi lescht Prognose fir 2020 virgeluecht an déi si wäit besser wéi ee géif unhuelen. Virsiichteg geschätzt, sollt d‘Sozialversécherung 2020 mat engem Iwwerschoss vu ronn 162 Milliounen Euro beschléissen. Dat obwuel d‘Ausgabe wéinst der sanitärer Kris ëm 9,2% ugewuess sinn.

Op der Säit vun den Einname sinn awer Aboussen ze notéieren. Haten déi 2019 nach en Zouwuess vu 5,7%, esou wäert een 2020 mat schmuelen +0,7% ofschléissen. Datt deem esou ass, huet vill mat eiser Renteversécherung ze dinn. Déi verzeechent en Iwwerschoss vu ronn 700 Milliounen Euro.

Wat elo den Afloss vun der Covid19-Pandemie betrëfft, esou huet de Minister nach emol drop higewisen, datt elo vill vun der weiderer Entwécklung vun der Situatioun ofhänkt. Och hei muss ee soen dierfen, datt wat d‘Leit sech méi verstänneg behuelen, an sech esou och un d‘Reegelen an d‘Recommandatiounen halen, wat een d‘Ausgabe besser am Grëff behält. Ee wichtege Punkt.

De Romain Schneider verweist an dësem Kontext drop hin, datt de Congé aus familiäre Grënn, Ausgaben an Héicht vun 330 Milliounen Euro verursaacht huet. D‘Sozialversécherung hat jo an dësem Fall, d‘Part vum Patron iwwerholl, an et hat eng immens grouss Nofro heifir ginn.

Och am Fall vun der Aarbechtsonfäegkeet, huet d‘Gesondheetskeess (CNS) vum éischten Dag un d‘Pai vun de betraffene Salariéeën iwwerholl. De Käschtepunkt hei: 156 Milliounen Euro. D‘Kuerzaarbecht schléit sech och an de Bicher néier, hei belafen sech d‘Käschte bis ewell op 103 Milliounen Euro. Bei der Krankeversécherung geet de Minister vun engem Defizit an héicht vu 550 Milliounen aus, wärend d‘Fleegeversécherung en Iwwerschoss vun 30 Milliounen Euro huet.

D‘Part vun der Krankekeess an der Sozialversécherung wäert mussen erofgesat ginn. D‘Reserv vun der CNS, déi 2018 nach bei ronn 30% vun den Ausgabe geleeën huet, fält op 11%. Dat ass déi schlecht Noriicht, wëll laut Gesetz muss dës mindestens 10% ausmaachen. Gëtt dës Grenz ënnerschratt, missten sech d‘Leit op eng Hausse vun de Kotisatiounen astellen.

Wat elo d‘Aussiicht op 2021 betrëfft, esou de Minister Romain Schneider hei nach eng Grëtz méi verhalen. Seng Ekipp huet bei de Prognose vir dat kommend Joer eng Hausse bei den Ausgaben op 1,5%, a bei den Einnamen op eng Hausse vun 2,8% ausgestallt. Et bleift een zouversiichtlech…

Zur Vollstännegkeet muss nach ënnerstrach ginn, datt et sech bei der Virstellung vu Gëschter ëm eng „Momentopnam“ handelt. Onverantwortleche Beholl an/oder eng onkontrolléierbar zweet Well kéint dës Prognos zolidd a Fro stellen. A wann et nach Sputt gëtt, firwat Lëtzebuerg am direkte Verglach mat sengen Nopere besser gerëscht ass, esou ass net fir sech a Sécherheet ze weien.

Illustratioun: © Nik / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Prognos, Romain Schneider, Sozialversécherung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel