Search

You may also like

dislike
Scheiteren op héijem Niveau: SPD, eng Partei virum Ofgrond
Neiegkeeten

Scheiteren op héijem Niveau: SPD, eng Partei virum Ofgrond

Nach virun engem Joer war de Martin Schulz als „Retter

Berlin: De City Hostel muss d‘Dieren zoumaachen
Neiegkeeten

Berlin: De City Hostel muss d‘Dieren zoumaachen

De City Hostel zu Berlin befënnt sech um Gelänn vun

Paradisesch Kläng aus Metz
Neiegkeeten

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu

Neies vun der Covid19-Task-Force: Et muss besser kommunizéiert ginn!

Neies vun der Covid19-Task-Force: Et muss besser kommunizéiert ginn!

Bei der gemeinsamer Pressekonferenz vun der LNS/Uni-Lëtzebuerg/LIH déi zesummegeholl als „Research Luxembourg“ oder Covid19 Task-Force gëschter am Livestream op Facebook opgetruede sinn, ass et ëm d’Tester, hiren Zweck a firwat se wichteg sinn, wéi och ëm d‘Kommunikatioun no bausse gaangen.

Datt Wëssenschaftler keng Mënsche sinn, déi hir Erkenntnisser esou vermëttele kënnen, datt och e normale Mënsch versteet wat gemengt ass, ass eng vun de beschten Aussoen, déi gëschter gemaach ginn ass, firwat dann awer nach ëmmer mat Friemwierder ëm sech gehäit gëtt, bleift hire ganz sëffege Secret. Dobäi wier et jo awer einfach „Large Scale Tester“ mat „Flächendeckendem-Test“ ze ëmschreiwen, grad dann, wann et jo eigentlech drëms geet d‘Leit zur Deelnam ze motivéieren.

Esouvill zum generelle Kader, fir dann op dat wesentlecht anzegoen. Zanter enger Rei Deeg kréie Leit zu Lëtzebuerg an d‘Grenzgänger Post. Mëttels engem Schreiwes ginn d‘Bierger an d‘Beruffspendler opgeruff, sech bannent engem gewëssen Zäitraum op de Covid19 Testen ze loossen. Dëse Courrier geet net simultan un all Mënsch, mee gëtt no enger Strategie differéiert zougestallt. Et soll esou getest ginn, datt ëmmer een aus enger Grupp „aktualiséiert“ ass.

Alles nëmmen op fräiwëlleger Basis

Entgéint de allgemenger Meenung, esou den Dr. Ulf Nehrbass (LNS) géif keen Zwang bestoen sech testen ze loossen. Dës Tester kéinten nëmmen op fräiwëlleger Basis stattfannen. Et gëtt also keen ënner Drock gesat, an et kann och keen e Protokoll kréie wann sech net teste léist. De Professer Paul Wilmes (Uni.Lu) bestätegt dës Ausso a weist drop hin, datt et sech hei villméi ëm eng Fro vun der Solidaritéit handelt. Sech teste loossen ass eng Saach vu Verantwortung anere géinteniwwer.

Hire System – et gi mëttlerweil all Woch eng 150.000 Bréiwer verschéckt – ass logistesch gutt opgestallt an d‘Invitatioune géif gutt opgeholl. D‘Kapassitéit leit bei ronn 20.000 Tester den Dag, woubäi sech aktuell bis zu 8.000 Leit aschreiwen. Dorausser ergëtt sech, dat bal all zweeten un dësem flächendeckenden Test participéiert. Déi meescht Tester gi bis Mëtteg gemaach, duerno schéngen d‘Leit net méi esou Loscht ze hunn. 95% vun de Rendez-vouse ginn honoréiert.

Leeft dach gutt oder?

Leider net, esou d‘Membere vun der Task-Force. Datt nëmmen all zweeten sech „ugeschwat“ fillt geet einfach net duer, an de Professer Paul Wilmes gëtt ze bedenken, datt zanter zwou Wochen, den Infektiounstaux nees tendenziell steigend ass. Et wier een awer an der tëscht nees op e Facteur vun R0,87 komm (R= Reproduktiounszuel – heescht dat eng Persoun 0,87 Persounen infizéiert), mee et sollt jidderengem bewosst sinn, datt eng zweet Well net „hypothetesch“, mee ganz reell ass.

Firwat de Professer sech op den Iran an Israel als „Beispiller“ bezitt an et hei och absolut net novollzéibar ass, wourop de Vergläich mat Lëtzebuerg fundéiert? Un den nees steigenden Zuelen an dëse Länner kann et jiddefalls net festgemaach ginn, an och d‘Gesondheetssystemer vun dësen Natioune loossen sech net eeschthaft mat eisem vergläichen. Zudeem huet et jo och geheescht, datt de System, esou wéi en zu Lëtzebuerg applizéiert gëtt, bei eisen Nopere guer net ëmzesetzen ass.

Kleng awer op Zack

Mat enger Populatioun (inklusiv de Frontalieren) vu ronn 800.000 Leit, ass eng permanent – also am Turnus applizéiert regelméisseg Iwwerwaachung (Tester) – jo och wesentlech méi einfach op d‘Been ze stellen. D‘Testkapassitéiten si konsequent an d‘Käschten (30 Euro pro Test) bleiwen iwwerschaubar. D‘Auswäertung allerdéngs kann ëmmer nëmmen esou genee sinn wéi d‘Mass un Date grouss ass. Firwat et imminent wichteg ass, datt een d‘Leit motivéiert kritt matzemaachen.

Dofir dann och e puer Präzisiounen: Dat wichtegst dierft sinn, datt beim „Test“ en Ofstréch am Halsberäich (bei der Schléck) gemaach gëtt, een also net méi déi schmäerzhaft Erfarung vun engem Staf an der Nues muss iwwert sech ergoe loossen. Ee begréissenswäerte Fortschrëtt. Zudeem sinn d‘Ekippe „professionell“, also entspriechend forméiert, esou datt den Test keng grouss Affär méi ass. De Schutz an d‘Erkenntnisser deen d‘Tester erméiglechen, sollten engem dat derwäert sinn.

Campagne a (bal) alle Medien

Well se bei der Task-Force och festgestallt hunn, datt déi bis ewell organiséiert Kommunikatioun, net wierklech gelonge war, huet een de Courrier nach emol an der Déift iwwerschafft. Et gëtt méi a virun allem méi verständlech erkläert wat et mat den Tester op sech huet, firwat se noutwenneg sinn a wéi eng Virdeeler sech aus dem esou strategesche wéi och flächendeckenden Test erginn. Et gëtt dann och eng grouss Campagne an de Medie gemaach, zudeem ginn en Audio- a Videowerbung.

Zum Ofschloss huet de Professer Rejko Krüger e kuerze Bilan zur ConVince-Etüd presentéiert. Un dëser Etüd, déi iwwert ee Joer soll gefouert ginn, bedeelegen sech ronn 1.800 Leit, déi all zwou Woche getest ginn. An der éischter Phas goufe bei 1.842 Kandidaten 5 positiv Fäll, an der zweeter Phas bei 1.751 Kandidaten 2 positiv Fäll notéiert. An der 3. Phas war et 1 vun 1.678. Keng vun den infizéierte Persounen huet Symptomer opgewisen. 42 vun 1.590 Leit hunn Antikierper entwéckelt.

Illustratioun: © United Nations

Related topics ConVince-Etüd, Coronavirus, Covid19, LNS, Research Luxembourg, Task Force, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post