Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019
Neiegkeeten

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019

Och an dësem Joer proposéiert d’Theaterschoul an der Stad Lëtzebuerg

Fridays for Future: Den digitale Protest
Neiegkeeten

Fridays for Future: Den digitale Protest

Freides ass virun der Covid19-Pandemie op der ganzer Welt fir

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass

De brittesche Sänger ass wuel ee vun den exzentreschste Mënschen

Flächendeckende Covid19 Test geet an eng nei Ronn

Iert et elo zur zweeter Phas vum Large Scale Testing (LST) kënnt, gouf emol de Bilan vun der éischter Phas gezunn. Déi bescht Erkenntnis: d‘Bierger an d‘Grenzgänger hunn d‘Offer fir den Depistage gutt a gären ugeholl.

Flächendeckende Covid19 Test geet an eng nei Ronn

Bei der Presentatioun vum Bilan betreffend den 1. Flächendeckenden (LST) Covid19-Test, war et virun allem d‘Zouversiicht déi priméiert huet. Déi de 27. Mee lancéiert Operatioun war gewot an och eenzegaarteg, zumindest bannent der Europäescher Unioun. Nieft dem Héichschoulminister Claude Meisch an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, hunn dann och d‘Wëssenschaftler gëschter am nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) hir Satisfaktioun zum Ausdrock bruecht.

Fir de Claude Meisch, dee bezunn op den LST net ëmmer nëmme gelueft ginn ass, war et wichteg nach emol ze betounen, datt et näischt Vergläichbares am Ausland ginn huet, an elo eréischt op anere Plazen eng un eis ugeleenten Teststrategie op d‘Bee gesat gëtt. Et wier dann och net evident gewiescht, esouvill ënnerschiddlech Institutiounen op enaner ofzestëmmen, ze accordéieren. Et wier flott, wann dat eng vun de Lektioune wier, déi een aus der Kris kéint laangfristeg iwwerhuelen.

Test

Den Héichschoulminister Claude Meisch, dee mat sengem Team „Research Luxembourg“ déi éischt Phas vum Large Scale Testing (LST) ze veräntwerten hat, huet op déi aussergewéinlech gutt Kooperatioun tëscht den diversen an ënnerschiddlechen Acteuren higewisen. © Martine de Lagardère /moien.lu

Am Kontext vun der zweeter Phas – den Detail dozou gëtt den 24. September virgestallt – déi net méi vum Grupp „Research Luxembourg“ mee dann ënnert der Leedung vum Gesondheetsministère duerchgefouert gëtt, huet d‘Paulette Lenert gemengt: „Et wier eis jo léiwer gewiescht, haut hei kënnen d‘Enn vun der Pandemie ze annoncéieren, mee fir den Ament hu mir nëmmen ee weideren Etappepunkt erreecht“. Elo iwwerhëlt d‘Gesondheetsdirektioun d‘Gestaltung vun der 2. Testphas.

D‘Wëssenschaftler mat sech zefridden

Den Ulf Nehrbass, Direkter vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH) ass ausféierlech op den Historique an déi ënnerschiddlech Engagementer agaangen déi zur 1. Phas vum flächendeckenden Test gefouert huet. D‘Campagne huet tëscht dem 27. Mee an dem 27. Juli ronn 307.000 Residenten zum matmaache beweegt, dat sinn 49% vun der Bevëlkerung. Fir awer Effikass ze sinn, war op eng Mindestbedeelegung vu 40% gesat ginn. Mee och d‘Grenzgänger hunn d‘Offer dankbar ugeholl.

An esou sinn all d‘Acteure vu „Research Luxembourg“ dann och mat sech selwer zefridden. Et hätt sech séier eng gewësse Routine bei der Bevëlkerung an den Operateuren installéiert, wat derzou bäigedroen huet, datt een zu Lëtzebuerg de Coronavirus zimmlech gutt am Grëff behale konnt. Et hätt een déi zweet Well brieche kënnen an de Loun dofir ass: Lëtzebuerg verzeechent déi niddregst Zuel un Affer weltwäit. An dat sollt méiglechst och esou bleiwen, firwat sech dru gehale muss ginn.

Test

Fir d‘Paulette Lenert ass et net nëmme wichteg, datt och déi 2. Phas vum flächendeckenden Test gutt gestallt gëtt, mee virun allem, datt sech d‘Leit bewosst ginn, datt de Virus nach ëmmer zirkuléiert an een domadder net de Geck sollt maachen. D‘Strategie gëtt verfeinert a mat mobillen Asazeenheete sollt ee méi flexibel op Brennpunkte reagéiere kënnen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Säitens der Gesondheetsministesch fir et flott, wann et net misst zu enger drëtter Phas kommen. Et hätt een den ament e gudde Virsprong géintiwwer dem Recht vun der Welt, mee et sollt een elo net vergiessen, datt mam Hiecht eng „fiicht-kal“ Joreszäit op eis duer kënnt. Hei hätt ee sech erwaart, datt d‘Paulette Lenert d‘Geleeënheet géif notzen, fir en Appell un d‘Bierger ze riichten, sech dach géint (déi normal) Gripp impfen ze loossen. An der Plaz gouf et ee Luef vum Harvard-Epidemiolog.

Foto: De Prof. Ulf Nehrbass konnt sech mat grousser Zefriddenheet dem Bilan vun der éischter Phas vum Flächendeckende Covid19-Testing zouwennen. Hien ass zouversiichtlech, dat mat deenen Erfarungen, déi an dësem Kontext konnte gesammelt ginn, Lëtzebuerg och fir déi zweet Phas, déi dann elo ënner der Leedung vun der Gesondheetsdirektioun stattfënnt, gutt opgestallt ass. © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Covid19, Large Scale Testing, Paulette Lenert, Ulf Nehrbass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel