Search

You may also like

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert
International Neiegkeeten

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Um Mëttwoch hu moslemesch Leader d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als Haaptstad

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée
International Neiegkeeten

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

Covid19-Tester zu Diddenuewen

Covid19-Tester zu Diddenuewen

Hei eng vläicht wichteg Informatioun fir eis Landsleit déi am Raum Diddenuewen wunnen. Wéi déi regional Gesondheetsagence „Grand Est“ an d‘Stad Diddenuewen matgedeelt hunn, ginn zwee gratis Covid19-Testdeeg organiséiert. Och hinnen ass et wichteg méiglechst vill Leit op de Virus ze testen, besonnesch wou d‘Zuelen nees generell zouhuelen.

De Buergermeeschter Pierre Cuny, selwer vu beruff Dokter, riicht en Appell u seng Bierger, sech dëser Offer unzehuelen. Wéi wichteg a gutt et ass sech testen ze loossen, hu mir zu Lëtzebuerg jo androcksvoll bewisen, och wann een iwwert d‘Interpretatioun vun de Resultater, esou wéi se am Ausland gemaach gëtt, schonn eppes erstaunt dierf sinn.

DiddenuewenMir wëllen eis awer dem Appell vum Buergermeeschter uschléissen, an iwwert dëse Wee eis Leit, déi an der Géigend wunnen, opruffen – esouwäit si sech net schonn zu Lëtzebuerg teste gelooss hunn – och vun dëser Offer gebrauch ze maachen. Et ass jo elo och net wéi wann engem géif de Kapp vun de Schëllere gerappt ginn, an et schaaft Sécherheet.

Op folgende Plaze ginn dës Tester organiséiert:

Fir béid Deeg: vun 9 bis 12.30 Auer a vun 13.30 bis 17.30 Auer

De Covid19 ass eng batter Realitéit an egal wéi een et dréit a kéiert, mir wäerten nach länger mat dëser Infektiounskrankheet ze kämpfen hunn. Wa mir eis alleguerten zesummen an iwwert d‘Grenzen ewech vernënfteg verhalen, d‘Gest Barrière anhalen, eis Mask unhu wann et gefrot ass, an endlech erkennen datt sech teste loossen net vu Muttwëll ass, verbessere mir eis Chancen enorm.

Related topics Covid-19-Tester, Covid19, Diddenuewen
Next post Previous post