Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de sechsten Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de sechsten Dag

Bei de 4.000m Cross Country huet d’Lena Kieffer mat enger

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un
Neiegkeeten

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un

An der Pazifikregioun déi eis Zäitlech gesinn eppes viraus ass,

Kambodscha wëll d‘Fraen züchtegen
Neiegkeeten

Kambodscha wëll d‘Fraen züchtegen

Am Kambodscha soll elo de Frae per Gesetz ënnersot sinn,

Siwe Covid19-Teststatioune ginn an de Stand-by Modus

Siwe Covid19-Teststatioune ginn an de Stand-by Modus

Nodeems decidéiert ginn ass, den Depistage vum Covid19 an eng nei Phas ze féieren, woumadder eigentlech ee méi cibléierten Test gemengt ass, gi siwen Teststatiounen am August an de Stand-by Modus gesat.

Aus dem gemeinsame Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Héichschoulen a Fuerschung an dem Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet (LIH) geet ervir, datt déi éischt Phas vum grousse Flächentest (Large Scale Testing) um Méindeg ofgeschloss ginn ass. Gëschter huet de Chef vum Marketing- a Kommunikatiounsdepartement vum LIH, Arnaud d‘Agostini, matgedeelt, datt d‘Zuel vun den deeglechen Tester bei ronn 16.000 Visiteuren ukomm ass.

Domadder wier een dann och schonn zimmlech no un der Kapassitéitsgrenz ukomm. Bezunn op déi rezent Hausse vun den Neiinfektioune mam Covid19, geet ee beim LIH dann elo vun enger zweeter Infektiounswell aus. Eng Situatioun déi ee seriéis misst am A behalen, well et muss sech elo scho Gedanke gemaach ginn, wéi eng Dispositioune fir d‘Schoulrentrée 2010/21 musse geholl ginn. Am September soll jo dann och déi 2. Phas vum Massen-Depistage ulafen.

Ab September gëtt den Depistage ënnert der Leedung vun der Gesondheetsdirektioun organiséiert, an déi sollt dann och eng nei Strategie virleeën. Bis dohinner gëtt allerdéngs net opgehalen ze testen an iwwert de ganze Mount August, behält den LIH d‘Heft an der Hand. Elo ass awer och Vakanz a vun dëser soll jidderee profitéiere kënnen. Esou wier decidéiert ginn, datt ee sech der Situatioun elo upasst an am August méi geziilt teste wäert fir d‘Zentren ze entlaaschten.

An der Konsequenz gi siwen Teststatiounen den nächste Mount an de Stand-by Modus versat. Dat heescht, datt se ouni Tester duerchzeféieren awer bäibehale ginn, fir wann sech ee Besoin ergëtt, direkt nees kënnen operationell ze sinn. Bei dëse Statiounen handelt et sech ëm: Dikrech, Dippech, Gréiwemaacher, Houwald, Ierseng, Jonglënster an Nidderaanwen. Déi aner néng Statiounen am Land bleiwe weiderhi ganz normal op, a schaffen onverännert weider.

Ähnlech Sujeten Covid19, Covid19-Tester, Gesondheetsministère, Large Scale Testing, LIH, Teststatiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel