Search

You may also like

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht
Neiegkeeten

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht

Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror
Neiegkeeten

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror

Op den Amerikaner hirer Terrorlëscht – gemengt sinn Natiounen déi

Teheran erhéicht Uran-Reserven
Neiegkeeten

Teheran erhéicht Uran-Reserven

Nodeems den Donald Trump héchstperséinlech d‘Atomofkommes mat Teheran zerrappt hat,

„Bleift Doheem!“ ass nees aktuell

Retrospektiv op d’Woch vum 12. bis 18. Oktober 2020

„Bleift Doheem!“ ass nees aktuell

Gëschter huet d’Gesondheetsministesch eng Pressekonferenz ofgehalen, fir iwwer déi neiste Coronaentwécklungen ze schwätzen. An et ass alarméierend.

Beim Covid-Task Force huet ee sech anscheinend uerdentlech verrechent. Et hat een 370 Infektioune fir den Dezember virausgesot, leider konnt deen zukünftege Rekord well e Mëttwoch gebrach ginn. Ganzer 416 Infektiounen an 2 weider Doudesaffer goufe bekannt ginn. Déi Diskrepanz ass enorm.

Mee firwat? D’Zukunft a villes ass ongewëss, all Dag kënnen nei Restriktioune bekannt gemaach ginn. Do freet een sech natierlech wéini? No de Feierdeeg? Gëtt dann alles zougemaach? D’Schoulvakanz verlängert? Et steet an de Stären, ma ganz éierlech et gesäit net gutt aus.

Elo heescht et erëm: Bleift Doheem!

E Mëttwoch huet d’Santé matgedeelt, datt d’Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, op 138 geklommen ass.

D’Situatioun gëtt all Dag nei evaluéiert. Nach hätt sech un der Analys näischt geännert. Et geet drëms, datt de Gesondheetssystem stabil bleift a ka weider funktionéieren, net nëmme fir Covid-Patienten, sou d’Ministesch.

Do kann ee just hoffen, datt dës ongemittlech Situatioun net ëm d’Ouere flitt.

Donieft huet d’Paulette Lenert betount, dass de Virus ganz present ass. De Risiko, fir sech unzestiechen, wier dowéinst och vill méi grouss. Aus deem Grond wier et enorm wichteg, d’Gestes barrières anzehalen. Och de Motto “Bleift Doheem” hätt erëm seng Aktualitéit. A punkto Deplacementer soll all Eenzelen sech ëmmer froen, ob d’Deplacementer an d’Kontakter wierklech néideg sinn. Et wier elo un der Zäit, fir datt jiddereen Efforte mécht.

Update

Just erausgoen, wann et wierklech néideg ass, sozial Kontakter op e Minimum beschränken – an am Beschte wär et souguer en Kontakttagebuch ze féiert. D’Kanner kënnen engem leed doen, obwuel si zu de stäerkste Persoune gehéieren. Si passen sech gutt un. Mä dem vulnerabel Mënsche gëtt Zäit esou lues laang. Och si hunn e Recht ze liewen. Et ass bestëmmt net schéin esou e Stempel opgedréit ze kréien.

Kaum ze gleewen, datt „keng Infektiounsketten an de Schoule festgestallt goufen“, de Virus ass jo awer iwwerall, do misst mol méi genee kontrolléiert ginn.

En zweete Lockdown?

Den Drock op d’Servicer wär och grouss an dowéinst soll een, wann ee bis e positiivt Resultat krut, sech direkt an Autoquarantaine setzen an déi Leit uruffen, mat deenen een a Kontakt war.

Wärend der Pressekonferenz huet d’Gesondheetsministesch un d’Awunner appelléiert, op sech opzepassen. Et misst ee méi oppasse wéi am Summer, sou d’Paulette Lenert.

Aktuell si 67 Patienten hospitaliséiert. Déi effektiv Reproduktiounszuel louch gëschter bei 1,28. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Update

De Lockdown 2.0 schéngt gebongt. Ouni séieren, kompletten an effikasse Contact Tracing heescht et schachmatt. Dat hei geet an d’Box. Haaptsaach alles “stabel”.

Déi aktuell Entwécklung vun de Coronavirus-Infektioune kéint an engem kritesche Stadium sinn, dee sech weider verschlëmmert. E gréissert Bewosstsinn an/oder Mesuren, déi kierperlech Kontakter limitéieren, kéinten néideg sinn, dat schreiwen d’Wëssenschaftler vun der Lëtzebuerger Covid-19 Task Force an hirer neister Analys.

D’Fuerscher schwätzen am Pabeier vun engem exponentielle Wuesstem. Dat heescht, d’Zuele verduebelen sech iwwert e gewëssenen Zäitraum. D’Verduebelungszäit louch elo bei 5,5 Deeg; d’Woch virdru waren et nach 7 Deeg. Den effektive Reproduktiounstaux ass vun 1,14 op 1,31 an d’Luucht gaangen.

Do bleift just ofzewaarden. Doheem an a Sécherheet.

Passt op Iech op a bleift gesond!

Related topics Autoquarantaine, Bleift Doheem, Coronavirus, Covid19, Doudesaffer, Retrospektiv, Zweet Well
Next post Previous post