Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwéngspescht: Nach eppes fréi fir Entwarnung ze ginn
International Neiegkeeten

Schwéngspescht: Nach eppes fréi fir Entwarnung ze ginn

Si hunn et den Ament net einfach: de lëtzebuergesche Landwirtschaftsminister

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!

Der Verbreedung vu Krankheetserreeger soll de Kampf ugesot ginn. Dofir

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
International Neiegkeeten

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

Covidiote-Versammlung zu Berlin

Eng 20.000 Mënschen hu beim Brandenburger-Tor – ouni Mask an ouni Ofstand – géint d‘Oplagen zur Andämmung vun der Covid19-Pandemie protestéiert

Covidiote-Versammlung zu Berlin

D‘Infektiounszuelen huele bei eisen däitschen Noperen nees zolidd zou, an awer hunn sech gëschter dausende Mënschen zu Berlin zum Protest versammelt, fir géint d‘Oplagen zur Andämmung vun der Covid19-Pandemie ze protestéieren.

Laut der Police hätten sech eng 17.000 Leit dem Demonstratiounsëmzuch ugeschloss, bei der uschléissender Kundgebung wieren se dann zu hirer 20.000 gewiescht. Hir Fuerderung: en Enn vun allen Oplagen. A fir dëser Fuerderung entspriechend Visibilitéit ze sécheren, sinn d‘Manifestante ganz bewosst ouni Masken opgetrueden. De Sécherheetsofstand gouf duerch Ëmäerbelung ersat.

Berlin

Um spéiden Nomëtteg huet d‘Police dann de Stecker gezunn an d‘Kundgebung ofgebrach, well d‘Organisateuren net an der Lag waren, d‘Hygiènesregelen anzehalen. Organiséiert gouf dës Kundgebung vun der Stuttgarter Initiativ „Querdenken 711“. De Motto vun der Kundgebung: „Das Ende der Pandemie – Der Tag der Freiheit“ gouf am Virfeld vun enger Publikatioun „Corona-Fakten“ begleet, an där et nëmmen esou vun abstrusen Theorie strotzt. Dat ass Meenungsfräiheet.

Wann een elo den Organisateuren hir Meenungsfräiheet respektéiert, esou muss et erlaabt sinn hei däitlech drop hinzeweisen, datt Rietspopulisten a Verschwierungstheoretiker sech dëse „Protest“ zu eege gemaach hunn. Déi faschistesch NPD an déi Vollekspartei AfD haten däitschlandwäit opgeruff sech dëser Demonstratioun a Kundgebung unzeschléissen. Si schénge Gehéier fonnt ze hunn.

Berlin

D‘Police hat dann och eppes Méi d‘Versammlung opzeléisen, a bis an de spéiden Owend eran hunn sech nach ëmmer vill virum Brandenburger-Tor opgehalen a sech geweigert hirer Wee ze goen. Laut dem Spriecher vun der Police hätt et sech ëm en „haarde Kär am ënneschte véierstellege Beräich“ gehandelt, déi meescht Demonstrante waren dem Appell d‘Versammlung opzeléisen nokomm. Virum Reichstag gouf et eng Spontan Demo an och eng Mënschekette ronderëm d‘Kanzleramt.

Eigentlech verréckt…

Datt Demonstratiounen och trotz der Covid19-Pandemie musse méiglech sinn, dofir kann ee scho Versteesdemech hunn, mee op dës Aart a Weis – also beim bewosste Verstouss géint all Gest Barrière – war d‘Provokatioun eendeiteg. Säitens de Minister vun der Merkel-Regierung huet et dann och entspriechend Kritik ginn. Vun „onverantwortlech“ iwwer „geféierleche Blödsinn“ bis hinn zu „zynesch“ huet et un Attributer fir dëse Biergerprotest wierklech net gefeelt.

BerlinEsou huet de Bundesgesondheetsminister Jens Spahn op Twitter gemengt: „Jo Demonstratioune mussen och a Corona-Zäite méiglech sinn, mee net esou. Ofstand, Hygiènesregelen an Alldagsmasken déngen eiser aller Schutz; esou gi mir verantwortungsvoll matenaner ëm a schätzen de Verzicht vun esou Villen an der Pandemie wäert“. An den CDU-Politiker ass net eleng…

Och säitens dem Koalitiounspartner huet et massiv Kritik ginn. D‘Saskia Esken, Copresidentin vun der SPD, huet op Twitter geschriwwen: „Dausende Covidiote feiere sech zu Berlin als déi zweet Well, ouni Ofstand, ouni Mask. Si gefäerden domadder net nëmmen eis Erfolleger géint d‘Pandemie an fir d‘Beliewe vu Wirtschaft, Bildung a Gesellschaft. Dat ass onverantwortlech“. De Bundesaarbechtsminister Hubertus Heil, huet d‘Bedeelegung vun de Faschisten ervirgehuewen.

BerlinMee och soss gouf et wéineg Zousproch: De Sozialminister vu Baden-Würtemberg, Manne Lucha (déi Grünen) hält esou eng Haltung fir „zynesch a verantwortungslos“. De CDU-Fraktiounschef am Brandenburger Landtag, Jens Redmann, schreift op Twitter: „Dëse geféierleche Blödsinn kënne mir eis net leeschten“. Ugesiichts dem Fakt, datt d‘Zuelen nees duerch de Plafong ginn, verständlech.

mat indymedia/ber

Foto: U Kreativitéit (a Geld) feelt et de Verschwierungstheoretiker offensichtlech net. Méi schlecht gesäit et bei den Argumenter aus, an awer fannen och Si hir Clientèle. © DDbox

Ähnlech Sujeten Berlin, Covid19, Covidioten, Däitschland, Pandemie, Protest, Verschwierungstheoretiker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel