Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019
Auto Neiegkeeten

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019

De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Waasser. Kleng

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!
Auto Neiegkeeten

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!

Wien an déi spuenesch Stad Barcelona reest kënnt un dësem

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!
Auto Neiegkeeten

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Gëschter Moien huet de maskéierte Brian Isaack Clyde am Earle

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)

Oder: wann d'Pannespur zur Accidentsspur gëtt

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)

Gëschter huet de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, de François Bausch de Projet zum Covoiturage an der Erneierung vun der Pannespur op der A6 presentéiert. „Zu Stousszäite sinn 250.000 Sëtzer an den Autoen, déi sech a Richtung Stadzentrum deplacéieren, sinn eidel“, sou de Minister. Zil wier et, ee Maximum u Persoune mat engem Minimum un Autoen, via Covoiturage, ze transportéieren.

Den Direkter vun der Stroossebauverwaltung, Roland Fox huet erkläert, datt een, fir de Covoiturage iwwert d’Pannespur ze leeden, dës Spur zu Stousszäiten den Autoe mat méi Passagéier zougestane soll ginn, woubäi d’Vitesse op 90 km/h begrenzt ass.

Op der belscher Säit ass de Chantier zur Upassung vun der Pannespur, sou wéid’Sanéierungsaarbechten op der Streck Arel-Sterpenech op enger Gesamtdistanz vun 11 Kilometer am Gaangen. Zu Lëtzebuerg géif sech de Projet vum Covoiturage iwwert eng Streck vu 6,5 Kilometer, ab der Grenz zu Sterpenech, sou wéi de Kierchbierg zéien.

D’Iwwerwaachungssystemer si momentan awer nach an der Auswäertung. Och Adaptatiounen am Code de la Route si virgesinn. Donieft sollen 9 Rettungsbuchten (all 500-1000 Meter) ausgebaut ginn. Den Echangeur zu Stengefort gëtt reamenagéiert.

Ab Enn Mee/Ufank Juni 2019 gëtt eng Test-Phas mat der Regulatioun vun der Vitesse op der A6 lancéiert. Wahrscheinlech wäert des Test-Phas bis zur Summervakanz undaueren an déi maximal Vitesse gëtt zu Stousszäiten dann op 90 km/h festgeluecht. D’Käschte sollen sech op 60 Milliounen Euro belafen. D’Aarbechte fänken 2021 un a wäerten 2 Joer daueren.

An dat soll d’Léisung sinn?

D’Pannespur als Beräich fir Covoiturage zur Verfügung ze stellen kéint sech als immens kontraproduktiv erausstellen. Zum engen ass genau dës Spur vir Gefierer geduecht – wéi et den Numm scho seet – déi en Panne sinn. Sollt elo een Auto am Kontext vum Covoiturage iwwert d’Pannespur fuere wëllen, an dat mat 90 km/h, wann deen dann de de stoenden Auto allerdéngs ze spéit gesäit, hätt dem Minister Bausch seng Decisioun wuel grav Konsequenzen.

Zum aneren hëlleft d’Pannespur awer och am Fall vun engem Accident, datt méi Plaz fir d’Rettungsgaass ka gelooss ginn. Bei engem Stau wäicht déi riets Säit vun der Spur oft zum Deel op d’Pannespur aus, fir esou ausräichend Plaz fir d’Rettungsgefierer ze maachen. Wa genau dës Spur nach mat fuerenden Autoe beluecht ass, wäert d’Katastroph wuel nach méi grouss ginn, wéi ouni Covoiturage. An nee, do hëlleft d’Limitatioun vun der Vitesse och net. Zu Stousszäite fiert op der Autobunn nämlech oft keen emol mat 70 km/h.

Mee wa mir schonn esou an dës Richtung denken: Wisou solle mir net och den Trakteren den Accès op d’Autobunn erlaben an eng schéi rout Vëlosspur laanscht déi Kalifornesch Mauer zéien?

Ähnlech Sujeten Accident, Covoiturage, François Bausch, Pannespur, Transport, Verkéier, Vitesse-Limitatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel