Search

You may also like

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz
Neiegkeeten

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz

Beim STATEC hu se sech op e neits mat Zuele

Trump oder Biden?
Neiegkeeten

Trump oder Biden?

Et ass eng Wal, wann net esouguer déi Wal, wou

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner
Neiegkeeten

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Fir eppes méi wéi 90 Minutte ware Millioune vun Amerikaner

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix juste au Proche-Orient“ (CPJPO) dem adr-Politiker Fernand Kartheiser zolidd op d‘Plaz gesat. Wéi et ausgesäit, e Sträit bei deem viru Geriicht dat lescht Wuert wäert geschwat ginn.

D‘CPJPO ass dann och, et kann en net méi däitlech sinn, rosen. Si erënnert drun, datt Antisemitismus keng Meenung, mee en Delikt ass. Datt Joerhonnerte vun der Ënnerdréckung d‘Geschicht vun de Judde geschriwwen hunn, vum Stress mat der kathoulescher Kierch bis zur Endléisung vun Nazi-Regimm.

De Comité fir e gerechte Fridden am Noen-Osten engagéiert sech säit senger Grënnung am Joer 2002, fir d‘Anhale vum internationale Recht, d‘Beendegung vun der Besatzung vu palestinenseschem Gebidder, esou wéi fir en Enn vum Konflikt tëscht Israel a Palestina.

An dësem Kontext veruerteelt de CPJPO schonn ëmmer all Form vu Rassismus, ganz besonnesch awer d‘Islamophobie an den Antisemitismus. De CPJPO bleift Opmierksam a wäert och weiderhin op Vergoen, Exactiounen an Feelverhalen hiweisen, wann de Fall et néideg mécht.

Laut dem Communiqué, géif de Fernand Kartheiser säit Joren d‘Aktioun vum CPJPO schlecht rieden. Egal op dat sech op d‘Sensibiliséierungsaarbecht zu Lëtzebuerg, oder op d‘Zesummenaarbecht an d‘Entwécklung am Flüchtlingslager vu Jenine (Cisjordanien) bezitt. De 5. Dezember 2017 hätt den adr-Deputéierten an der Chamber awer déi rout Linn iwwerschratt.

Op deem Dënschdeg huet de Fernand Kartheiser esouwuel de Comité als Grupp, wéi och d‘Presidentin Martine Kleinberg, als antisemitesch duergestallt. En Affront deen ee bei der ONG net gewëllt ass op sech sëtzen ze loossen. Dorausser entsteet dann elo e Rechtssträit.

Weder CPJPO, nach d‘Presidentin hu wëlles esou Aussoen, déi am Schutz vun enger sougenannter parlamentarescher Immunitéit gemaach ginn, duerchgoen ze loossen. Géif een esou Aussoen um Krautmaart als zoulässeg betruechten, da wieren ënnert dem Deckmantel vum politesche Mandat, Beleidegungen an Diffamatioun un der Dagesuerdnung.

Als ONG an Entwécklungsorganisatioun, déi vum Ausseministère agreéiert ass, an vu ville Privatpersounen iwwert Donen ënnerstëtzt gëtt, muss de „Comité pour une paix juste au Proche-Orient“ seng Reputatioun, Missioun an Solidaritéitsaktioune verdeedegen.

Related topics adr, Antisemitismus, Chamber, CPJPO, Fernand Kartheiser
Next post Previous post