Search

You may also like

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“
International Neiegkeeten

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“

Den 22. Oktober haten sech d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär) an LCGB

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille
International Neiegkeeten

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling

Iwwerfuerdert a Midd
International Neiegkeeten

Iwwerfuerdert a Midd

Am Kontext vum Covid19-Depistage huet de Verband vun den Hausdokteren

Crimes of Malta – Afaart verweigert

Crimes of Malta – Afaart verweigert

Ganzer 52 Persounen hunn missen ënner onmënschlechen an entwierdegende Bedéngunge wärend e puer Deeg op engem Handelsschëff verbleiwen, well weder Malta nach Italien een Hafen zum sécheren Undocken ugebueden hunn an d’Afaart an hier Territorialgewässer verweigert hunn.

Nodeems 52 Persoune well zwee Deeg op Séi verbruecht hunn, hunn si den 3. Juli an der maltesescher Sich- a Rettungszone (SAR) d’Watch the Med – Alarm Phone ugeruff. D’Crew vun der Seabird, dem Opklärungsfliger ass zu de Koordinate geflunn, si hunn d’Boot dreiwend an der maltesescher SAR entdeckt.

Wärenddeem war deen ënnert dem libanesesche Fändel fuerende Véitransporter Talia dat eenzegt Schëff an der Géigend an huet, op dem SEABIRD seng Funkspréch reagéiert a säi Kurs geännert fir den Noutfall ze iwwerwaachen. Wéi Sea-Wach de Rettungskoordinatiounszentrum ugeruff huet, hunn si sech geweigert dës Informatiounen entgéint ze huelen an hunn mat de Wierder “Mir schwätzen net mat NGOs” agehaangen.

Owes gouf d’Wieder ëmmer méi schlecht, dofir gouf dat maltesescht RCC ugewisen, d’Mënschen ze retten an huet versprach, déi Geretten op e Schëff vun de maltesesche Sträitkräften ze bréngen. Ewéi dat net geschitt ass, ass d’Talia a Richtung Lampedusa gefuer.

Malta

Déi italienesch Autoritéiten hunn der Talia d’Afaart an déi italienesch Gewässer verweigert an hunn se ugewisen d’Schëff no Malta ze fueren.

Spéider huet dat maltesescht RCC dem Schëff d’Afaart an déi maltesesch Gewässer ze fuere verweigert. Mee en Dag méi spéit krut d’Talia awer erlaabt virun Anker ze goen, fir datt se Schutz virun héije Welle siche konnten.

Weder déi italienesch Autoritéiten, nach dat maltesescht RCC waren dozou bereet, sech fir d’Rettung zu den “zoustännegen Autoritéiten” ze erklären. Eréischt nodeems si 5 Deeg ënnert onmënschleche Bedéngungen um Handelsschëff verbruecht haten, an nëmme mat der Ënnerstëtzung vun der Zivilgesellschaft a villen aneren Acteuren, goufen déi gerette Persoune schlussendlech op en maltesescht Patrouillenboot iwwerfouert an am Owend vu 7. Juli a Malta u Land bruecht.

Dës Fäll gi politesch a philosophesch um taz-Blog begleet.

Aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch / moien.lu

Related topics Crimes of Malta, Hëllef, Italien, NGO, Sea-Watch, sécheren Hafen, Séinoutrettung
Next post Previous post