Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko
International Neiegkeeten

online dating app success stories

Am Géigesaz zu virechte Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup,

when do you ask a girl out online dating
International Neiegkeeten

Risk vu Bëschbränn och zu Lëtzebuerg

Déi besonnesch héich Temperaturen an d’Dréchent bréngen Risiken fir Mënsch

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
International Neiegkeeten

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

Croisièresschëff hëlt 111 Migranten am Mëttelmier op

D‘ONGe SOS Mediterannée an MSF huelen d‘Séinoutrettung nees op

Croisièresschëff hëlt 111 Migranten am Mëttelmier op

Um Samschdegowend huet d‘Croisièresschëff „Marella Discovery“ (fréier TUI Discovery) virun der griichescher Hallefinsel Peloponnes 111 Migranten aus dem Mëttelmier gefëscht. D‘Migrante wieren ënnerwee a Richtung Italien gewiescht, wéi si eng 40 Séimeile virum griichesche Festland a Séinout gerode sinn.

Déi griichesch Küstewaach huet informéiert, datt d‘Schëff d‘Migranten an de Hafe vu Kalamata bruecht hunn. Vu wouhier d‘Leit kommen, hunn d‘Autoritéiten net gesot, dofir awer informéiert, datt sech an dësem Grupp 33 Mannerjäreger befonnt hunn. Et wier dat dann elo och dee gréisste Grupp u Persounen, deen an de leschte Wochen am Mëttelmier opgegraff ginn ass.

Mëttelmier

Laut dem leschte Bericht vun der Organisatioun fir Migratioun (OIM) sinn tëscht dem 1. Januar an dem 12. Juli 682 Persounen am Mëttelmier, beim Versuch Europa ze erreechen erdronk. D‘ONGe SOS Mediterannée an MSF hunn e Sonndeg annoncéiert, och nees Rettungsmissiounen opzehuelen. Zu dësem Zweck setzen si d‘Ocean Viking an. D‘Aquarius war bekanntlech beschlagnahmt ginn…

Wéi d‘ONG SOS Mediterannée informéiert, ass d‘Ocean Viking méi jonk, méi robust a virun allem méi séier wéi d‘Aquarius. Fir hir Missiounen am Mëttelmier opzehuelen, huet d‘Schëff missen eng Rei Modifikatiounen iwwert sech ergoe loossen. Et sinn Ënnerstänn ageriicht ginn an eng Klinik fir d‘Ekipp vun Dokteren ouni Grenze gouf och installéiert. Si sollten Enn Juli am Asazgebitt sinn.

Vereenten Natioune schloen Alarm

Nodeems virun zéng Deeg 72 Läiche virun der tunesescher Küst aus dem Waasser gefëscht goufen, hu se zu New York op de Vereenten Natiounen un déi europäesch Regierungen opgefuerdert, nees Rettungsmissiounen am Mëttelmier opzehuelen. Eigentlech ass et en Appell un d‘Unioun, mee dat mécht aus Mangel u Solidaritéit ënnert den EU-Membere wéineg Sënn. An do läit de Problem…

MëttelmierAus dësem Grond verlaangen de Chef vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR, Filippo Grandi, an de Chef vun der Organisatioun fir Migratioun (OIM), Antonio Vitorino: „Statt iwwert d‘Verdeelung vun de Migranten ze streiden a Schëffer mat Migranten Deeglaang d‘Afaart an en Hafen ze verweigeren, sollten si sech nees besënnen an déi staatlech Rettungsmissiounen nees ophuelen“.

Si stelle weiderhi fest: „An der Vergaangenheet hu staatlech europäesch Schëffer bei Sich- a Rettungsmissiounen dausende Liewe gerett, dat och andeems si d‘Mënsche sécher un Land bruecht hunn. (…) Hëllefsorganisatiounen dierften net wéinst der Rettung vu Mënsche bestrooft an Handelsschëffer dierfen net ugewisen d‘Migranten zréck no Libyen ze bréngen“.

mat indymedia/ber/rom

Foto: D‘Ocean Viking ass dat neit Schëff dat vun den ONGe SOS Mediterannée an MSF dir Rettungsmissiounen am Mëttelmier agesat gëtt. © Jean Anthony/SOS Mediterannée

Ähnlech Sujeten Croisièresschëff, Marella Discovery, Mëttelmier, MSF, Oceasn Viking, Rettungsschëff, Séinoutrettung, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel