Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt
Neiegkeeten

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

D‘CGFP wëll déi verbleiwend Méint bis zu de Chamberwahlen notzen,

cooldislike
War Machine geet einfach net wäit genuch
Neiegkeeten

War Machine geet einfach net wäit genuch

War Machine huet eng eenzel Szen, déi am Fong de

cool
E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss
Neiegkeeten

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass.

CSJ: „De Machiavel erfreet et, mee wat ass mat de Bierger?“

CSJ: „De Machiavel erfreet et, mee wat ass mat de Bierger?“

An hirem Communiqué weist déi chrëschtlech-sozial Jugend (CSJ) op eng Praxis hin, déi kengem Bierger kann entgaange sinn. Et si geschwënn Chamberwahlen an d‘Ministere géifen sech iwwerall mat der Géisskan am Grapp, vun hirer beschter Säit weisen.

D‘Chamberwahle komme mat grousse Schrëtt op eis duer, an et misst een net den offizielle Lancement vun der Campagne ofwaarden, fir sech deem bewosst ze ginn. Et géif duer goen, e Bléck op de Machiavelismus an d‘Hypokrisie vun der Koalitiounsregierung ze werfen, fir festzestellen, datt fir un der Muecht ze bleiwen, all Mëttel Recht sinn.

A sech esou iwwert den ëffentlechen Interessi ze stellen, dat gefält der CSJ net. Si werfen de Ministeren, déi jo och Kandidate fir d‘Chamberwahlen si, vir, en Amalgamm tëscht dem Mandat als Minister an der Kandidatur fir d‘Chamberwahlen ze maachen. Den Opportunismus vun ugestriefte politesche Mesuren, an d‘Aart a Weis vun der Kommunikatioun géifen dat verdäitlechen.

„Skandal!“

Bei der CSJ gëtt dann och net aus der Hëft geschoss, mee uerdentlech geziilt. Si denoncéieren e Skandal, deen si mat enger Géisskanepolitik argumentéieren. Esou d‘Steierreform, d‘Reform vun der Fonction Publique mat all sengen nodréiglechen Amendementer, d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport bis zum 20. Gebuertsdag, gratis Schoulbicher an Dampmelder…

Dat (an esouguer d‘legaliséiere vum Cannabis) ass hinne méi wéi nëmme suspekt. Zudeem beklot d‘CSJ déi sëlleche Falschmeldungen. Esou wéi d‘Annonce vum Vizepremier Etienne Schneider (LSAP), deen eng Indextranche verkënnt huet. Dobäi, esou d‘CSJ, huet hien näischt domatter ze dinn, et handelt sech hei ëm en Automatismus, deen onofhängeg vun der LSAP besteet.

Fir d‘CSJ hunn dann déi vill Pressekonferenzen, Aweiungen an aner politesch motivéiert Aktiounen eenzeg an eleng mat de Chamberwahlen ze dinn. Et géif „Reklamm“ gemaach, déi zu laaschte vun der Staatskeess geet, wéi d‘CSJ mam Hiweis op déi vill Reklammen an den Zeitungen an op der Tëlee, opmierksam mécht. Och Publikatiounen, wéi d‘Brochure „Gudd“ géif mëssbraucht.

Kuerze Verhalt

Elo hunn déi jonk Leit absolut Recht, vergiessen heibäi allerdéngs, datt hir „politesch Pappen a Mammen“, wéi si nach an der Regierung waren, näischt anescht gemaach hunn. En ongenotzt Sprangbriet fir sech virum politesche Géigner ze positionéieren, kann engem d‘Mandat versauen. Keen trëtt an e Wahlkampf fir just derbäi ze sinn, et wëll een de Mëttelpunkt sinn.

An natierlech ass dem Premierminister Xavier Bettel (DP) säi Biergerdialog, deen hien zesumme mam franséische President, Emmanuel Macron, e knappe Mount virun de Chamberwahlen ofhale wäert, och politesche Wahlkampf. Et ass allerdéngs vermoossen ze mengen, datt géif engem CSV-Premierminister esou eng Tribün gebuede ginn, deen drop verzichte géif, just well Wahle sinn.

Der Vollstännegkeet halber, muss een d‘CSJ hei awer och luewen. Hiren Job ass et Propaganda fir d‘CSV an d‘Kandidate vun der Partei ze maachen. An dat maachen se esouwäit ganz gutt, mat schlagkräftegen Argumenter an enger gudder Recherche. Et ass an dësem Kontext dann och net wichteg, wéi dat „fréier“ gemaach ginn ass, de Wieler huet jo bekanntlech e kuerze Verhalt.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, CSJ, CSV
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    3

  • Cool

    4

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    7

  • Crazy

    3

  • Love

    0