Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren
Fail Neiegkeeten WTF

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

Et ergeet dem EU-Kommissär fir d‘Sécherheet an der Unioun, Julian

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport
Fail Neiegkeeten WTF

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport

Wat sech am Ament am ëffentlechen Transport ofspillt ass gelënnert

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer
Fail Neiegkeeten WTF

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer

Et war den Dag virun Helleg Owend, wou déi bekannte

dislikesurprise

D‘CSJ verlaangt zéng Lëschteplaze bei de Chamberwahlen

D‘CSJ verlaangt zéng Lëschteplaze bei de Chamberwahlen

Wéi gesäit et aus mam Generatiounekontrakt? Dat ass d‘Fro déi tëscht der CSV an hirer Jugendsektioun CSJ dierft stoen. Déi Jonk jiddefalls schéngen net gewëllt ze sinn, deenen „Alen“ d‘Campagne fir d‘Chamberwahlen ze iwwerloossen. A flott ass et, festzestellen, datt et eng jonk Fra ass, déi kräfteg op d‘Tromm schléit.

An esou ass de Kongress vun der CSJ dann och eng Epreuve fir déi al Garde ginn. D‘Presidentin vun der CSJ Elisabeth Margue (27) huet ganz kloer  Fuerderunge gestallt an drun erënnert, dat déi Jonk hir Positioun op de Regionalkongresser onmëssverständlech virgeluecht hunn. Et sollt een dann och net ënnerschätzen, datt bei de leschte Gemengewahlen, ëmmerhin 30 Membere vun der CSJ en direkt Mandat erhalen hunn.

Um eegene Kongress awer, huet sech d‘CSJ op den Inhalt konzentréiert. D‘Elisabeth Margue ass dann och iwwerzeegt, datt d‘Iddie, d‘Virschléi an och d‘Resolutioune vun der CSJ, vir sech schwätzen. Selbstbewosst a gutt virbereet, esou gesinn sech d‘Kandidate vun der CSJ, a si wëllen dann och e Wuert bei de Chamberwahle matschwätzen.

De Wee als Zil?

Eng Revolutioun wëll dann awer och keen, an esou ass dann och éischter Rieds vun „Evolutioun“. Fir den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet (43) bréicht et awer heiansdo eng Revolutioun, fir virunzekommen. Mee och de Buergermeeschter vu Beetebuerg huet net wierklech eng Léisung, wéi een deene Jonke méi Spillraum op den CSV-Lëschte kéint zougestoen.

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz (55) gesäit et éischter pragmatesch. Fir hie muss een als éischt emol eng Equipe sinn an och esou optrieden. Da muss ee sech bewosst sinn, datt eng Equipe eleng net gewanne kann. D‘Equipe kann also d‘Sproochrouer sinn, muss awer vun all de Memberen an der Partei gedroe ginn.

E Punkt deen den de Claude Wiseler (58) als CSV-Spëtzekandidat esou deelt, awer och grousse Wäert drop leet ze betounen, datt vill CSJ-Resolutiounen Theme behandelen, déi hir Plaz am Wahlprogramm hunn. An et dierft dann och net un him festgemaach ginn, wéi vill Lëschteplazen un Kandidate vun der CSJ kënnen oder solle vergi ginn.

Eng gehellegt Eenheet

Dobäi gëllt et awer op Säiten der CSV uecht ze doen, well déi nei Generatioun huet kloer Ziler virun Aen. Mat engem Viviane Reding erhält e wuel vill Opmierksamkeet, mat engem Elisabeth Margue iwwerzeegt een dann éischter duerch Wëssen an propper Argumenter. Mee et wäert een an dësem Chamberwahlkampf wuel béides brauchen.

Lëschteplaze

© Chrëschtlech Sozial Jugend (CSJ)

Verständlech datt esouwuel den CSV-Generalsekretär wéi och den CSV-Spëtzekandidat op déi helleg Eenheet schwieren, déi eng vun de Stäerkte vun der konservativer Partei ass. Et brauch ee verständlecherweis d‘Ënnerstëtzung vun de breede Massen, wann ee sech virgeholl huet eng déifgräifend Reform vun der politescher Ausriichtung unzegoen.

Dat geet natierlech net ouni Diskussiounen a Kritik. Bei der CSV hätt een dann och nach liicht Bedarf un „internen Ausenanersetzungen“, déi konstruktiv an zilféierend musse sinn. „Um Enn geet et dach dorëms, datt mir alleguerten zesummen de Wahlprogramm ënnerstëtzen a verdeedegen“, esou de Laurent Zeimet.

Nach ee bësse Gedold

Op déi Jonk vun der CSJ déi Äntwerte kritt hunn, déi se sech erhofft oder erwaart haten, dat kann ee mat Sécherheet eréischt a 14 Deeg soen. Da gëtt dat „grousst Geheimnis“ Kandidate gelëft. Erfreelech dann d‘Feststellung, datt d‘CSJ-Presidentin deem mat vill Zouversiicht entgéintkuckt. Bedauert gëtt eenzeg de Fait, datt d‘Entscheedungen hanner zouen Diere getraff ginn.

Hale mir awer nach fest, datt et säitens der CSJ besonnesch bei national relevante Sujeten, wéi dem Logement an de Steiere vill Propose gëtt. Beim Kongress stoung esou de Kapitel „Steierkredit beim Kaf vun der éischter Wunneng“ eng grouss Plaz ageholl huet. Och d‘Fuerderung eng Milliard Euro an de subventionéierte Wunnengsbau ze stiechen, ass net vum Dësch.

Erstaunlech dann och d‘Feststellung, datt et bei dëser „Logement-Debatte“ um CSJ-Kongress méi Politiker ginn huet, wéi bei der Orientéierungsdebatt an der Chamber. An ob de Kongress elo derzou bäidroe kann, datt méi Jonker eescht geholl ginn? Op déi Äntwert muss ee sech nach gedëllegen, déi gëtt et de 24. Mäerz, wann d‘Kandidaten offiziell virgestallt ginn.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Wiseler, CSJ, CSV, Elisabeth Margue, Laurent Zeimet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel